Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ID - Work on Plexi

Ausstellung

ID - Work on Plexi

Am "Open Space" vun der Annex vum Schlass vu Buerglënster ass nach bis den 19. November d'Fortsetzung vun der Sandrine Ronvaux hiren Aarbechten ronderëm Fangerofdréck ze gesinn. "ID-Work on Plexi" ass den Titel vun dëser intimistescher Recherche.

auto_stories

5 min

"Ech benotze siwe verschidden Empreinte vu siwe verschidde Leit, déi deklinéieren ech, déi manipuléieren ech, ech benotzen och dräi verschidde Medien, Stylo acrilique, Gelmedium an Encre acrilique gemëscht mat engem bestëmmte Gel."

Dës Aarbecht mat de Fangerofdréck ass keen neie Projet vun der Kënschtlerin Sandrine Ronvaux. Déi éischt Serie, déi d'Sandrine Ronvaux gemaach hatt, ware 24 Zeechnungen. Op enger Säit hat een de Protagonist dernieft deem seng Fangerofdrock. De Kierper verklengert, de Fangerofdrock vergréissert, béid op der selwechter Héicht, a selwechter Gréisst.

Ee Projet am 3D

Da koum eng zweet Serie. Just mat Empreinten a just mat Aquarell. An elo:

"Dës Serie ass eng ganz nei Serie, déi véier déi s du hei gesäis, déi ass och esou geduecht, datt mer vu 2D op 3D ginn, et ass net einfach Plexiglas, mir hunn eng Këscht aus Plexiglas kreéiert, fir datt herno mat der Luucht ka gespillt ginn a mam Schiet hannendrun. Do gëtt erëm eng Manipulatioun gemaach vun der Empreinte an et kënnt wierklech Vibratioun 3D eraus, eng bestëmmten Dualitéit, déi een ëmmer an der Aarbecht erëm fënnt."

Am Fong geholl hat d'Sandrine Ronvaux dëst Fréijoer en neie Projet envisagéiert, mee do koum de Covid-19:

"Mir ware jo all am Confinement an ech wollt en neie Projet ufänken, ech hat jo d'lescht Joer eng Ausstellung ze Lissabon mat den Empreinten, mee ech hu mech esou eleng gefillt am Atelier an ech hat d'Iddi fir den neie Projet, mee vläicht d'Energie net, an ech hat Empreinte vun den neie Leit kritt, an d'Mënschen hu mer einfach gefeelt. Ech wollt einfach domadder weiderfueren fir de Vide, deen ech empfonnt hunn, och de Vide tactil, esou hat ech hir Presenz awer ronderëm mech, eng Presenz vun de Mënschen. Et klengt vläicht idiotesch, mee et war meng Demarche, wou ech domat ugefaangen hunn. Et war och obsessiv, du fiers domat weider, du spills, du deklinéiers, du probéiers an du brauchs näischt derbäi ze denken, du bass an denger Welt, einfach mat deene Leit zesummen."

Ganz sécher keng idiotesch Decisioun, well dës weider Dimensioun vun der Aarbecht provozéiert och eng weider Dimensioun am Kapp, se weist wéi komplex de Sujet Fangerofdrock ass, a wéi wéit een en ausleeë kann. Et ass den de Fangerofdrock, deen een als éischt bei engem Mënsch gesäit an awer si seng Spueren omnipresent. Net op den éischte Bléck, mee op den zéngten oder 100sten. A vu transparent geet et op faarweg.

"Do ass faarwege Plexi an do benotzen ech transparente Gel, wou och erëm d'Zeechnung hannendru kënnt mam Schiet, dee kristalliséiert vir kënnt op der Surface vum faarwege Plexi. Dat sinn zwee verschidde Plexien, en orangen an e gréngen, mat Empreinte vun zwee verschiddene Leit. Du kanns horizontal oder vertikal kucken, et ass e Gespills. "

All verschidden, mee awer gläich

Et sinn net d'Komplementarfaarwen, déi sech hei begéinen, et sinn awer d'Kontraster: schwaarz trëfft op transparent, gréng an orange, rot a blo. An Empreinte vu zwee verschiddene Mënschen.

"Et sinn der, wou een erkennt, datt et Empreinte sinn, déi heiten zwou, wou et och kéinte Drëpse sinn, wou een d'Empreinte net erkennt, et ginn ebe Leit, déi net esou definéiert Empreinte hunn. Bei dëser Persoun erkennt een, datt et vum Fanger ass, mir hunn eben eng unique an intim Empreinte. Mir sinn all verschidden an awer och gläich, an dat ass mer och immens wichteg duerch d'Aarbecht."

Da sinn och riseg Fangerofdréck op Plexiglas ze gesinn, alles vu Leit, déi d'Sandrine Ronvaux gutt kennt, an déi sinn och a verschiddene Faarwen, do huet sech d'Kënschtlerin der Faarwesymbolik bedéngt, fir duerch d'Kombinatioun vun der Faarf an dem Fangerofdrock e bëssen d'Wiesen vun den, dem Visiteur onbekannte Protagonisten ze weisen.

Fangerofdréck sinn eppes intimes

E Fangerofdrock, esou perséinlech, eenzegaarteg, an och eppes wat een net esou gär hiergëtt. D'Verbrieche gi mat Hëllef vun Fangerofdréck gekläert, et hat ëmmer eppes Geheimnisvolles, Infames, Verdächteges u sech, elo gi mer en hier fir den Handy ze entspären, den Zougrëff op eise Konto ze kréien.

"Et ass awer kontradiktoresch, well wann ee bedenkt, si hu mer se uvertraut, ech hunn se manipuléiert, benotzt, ech weisen se dem grousse Public, et gëtt eng Protektioun vun den Daten an hei geet et dogéint. Et kann een och esou d'Saach gesinn."

E Fangerofdrock ass net just e Fangerofdrock, dat weist d'Sandrine Ronvaux an dëser Weiderentwécklung vum Sujet ëmsou méi. Geet et nach weider mat den Empreinten?

"Ech hunn d'Iddi, wéi een dat kéint nach weider a weider deklinéieren an testen an aner Mediume benotzen, et kéint een et nach pushen, ech si schonn zwee Joer am Gaange mam Sujet, bal dräi an ech hunn en neie Projet, deen ech elo ugefaangen hunn. Esou wéi ech schaffen, ech brauch ëmmer zwee-dräi Joer bis ech produzéieren a weider entwéckelen. Ech géif soen, ech fänke mol mat deem neie Projet un, mee wann ech eng Propos hätt fir eng Ausstellung mat Plexi ze maachen, an den Espace ass och ganz wichteg, dann hätt ech nach e puer Iddien, fir kënnen dat ze entwéckelen a proposéieren."