Radioen

On air

Notturno  |  Richard Thompson - The Calvary Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kann a soll een den Auteur vu sengem Wierk trennen?

Ëmstriddene Literaturnobelpräisträger

Kann a soll een den Auteur vu sengem Wierk trennen?

A sengem Reesbericht "Eine winterliche Reise zu den Flüssen Donau, Save, Morawa und Drina" beschreift de Peter Handke seng éischt Rees duerch Serbien a stellt sech d'Fro, ob Serbie Gerechtegkeet geschitt. E Buch, dat Polemik 1996 ronderëm den aktuellen Literaturnobelpräislaureat ausgeléist huet. D'Valerija Berdi iwwer de Peter Handke.

auto_stories

5 min

Seelen huet en Nobelpräis esouvill Polemik ausgeléist, wéi dee vum éisträichesche Schrëftsteller Peter Handke dëst Joer.

Bei der Iwwerreechung vum Präis op der schwedescher Akademie huet den Handke seng Ried mam Gedicht "Über die Dörfer" ugefaangen, hien huet dono vill iwwer seng Mamm geschwat, kee Wuert iwwer Jugoslawien a Serbien, iwwer de Milosevic an d'Kricher.

Wéineg Versteesdemech ass der schwedescher Akademie entgéint komm fir de Choix vum Peter Handke, renomméiert Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, d'Press an d'Zivilgesellschaft hu sech entsat gewisen a méi wéi eng Kéier kënnt hei d'Fro op: kann een a soll een den Auteur vu sengem Wierk trennen.

Beim Handke geet dat awer guer net esou einfach, well hie sech a senger Literatur ganz vill mat Jugoslawien an dem Zerfall vum fréiere Villvëlkerstaat befaasst huet. Trotzdeem mécht de groussen Deel vu senge Schrëften net d'Ausenanersetzung mat Jugoslawien aus an den Nobelpräis ass him fir seng besonnesch Opmierksamkeet fir Landschaften an déi materiell Presenz vun der Welt, déi de Kino an d'Molerei zu den zwou gréisste Sourcë vun der Inspiratioun gemaach hunn, iwwerreecht ginn.

E puer Woche virun der Nobelpräisiwwerreechung huet den Handke der däitscher Wochenzeitung Die Zeit gesot, seng proserbesch Haltung wärend de Jugoslawien-Kricher hätt folgend Grënn:

"Es sei die Sprache der gegen Serbien Krieg führenden Parteien gewesen, die ihn die Ungerechtigkeit habe erkennen lassen."

Ufank vun der Polemik

Gerechtegkeet fir Serbien war wuel dat Falscht, wat den Handlke fuerdere konnt, an esou sinn dem éisträicheschen Auteur vill richteg awer och vill falsch Zitater an de Mond geluecht ginn. De Suhrkamp-Verlag huet elo en engleschsproochegt Dokument zesummegestallt, an deem falsch Zitater richteg gestallt ginn.

Mee wéini ass déi ganz Polemik ugaangen a wéini huet de Peter Handke ugefaange sech als "proserbesch" ze weisen?

"Abschied des Träumers vom Neunten Land" kann een als dat éischt Wierk ugesinn, an deem den Handke, deem seng Mamm slowenesch Wuerzelen huet, sech vu Slowenie verabschit an de Wëllen no Onofhängegkeet a Fro stellt. Et ass awer dat zweet Buch mam Titel "Eine winterliche Reise zu den Flüssen Donau, Save, Morawa und Drina oder Gerechtigkeit für Serbien", dat 1996 erauskënnt a fir grouss Diskussioune suergt.

"Es war vor allem der Kriege wegen, dass ich nach Serbien wollte, in das Land der allgemein so genannten 'Aggressoren'. Doch es lockte mich auch, einfach das Land anzuschauen, das mir von allen Ländern Jugoslawiens das am wenigsten bekannte war, und dabei, vielleicht gerade bewirkt durch die Meldungen und Meinungen darüber, das inzwischen am stärksten anziehende, das, mitsamt dem befremdenden Hörensagen über es, sozusagen interessanteste. "

Dës Ausso am Virwuert ass et, déi den Handke permanent widderhëlt fir säin Interessi a seng proserbesch Haltung ze begrënnen. Déi westlech Berichterstattung wär eesäiteg, net reflektéiert, net differenzéiert.

Op eemol Auslänner am eegene Land

Den Handke ass do mat zwee Kolleegen duerch Serbie gereest, hie wollt dat inkognito maachen, duerch kleng Stied an Dierfer, an awer och einfach d'Landschaften entdecken. Mee ëmmer erëm stellt hie sech d'Fro vun der serbescher Säit, well hien der Meenung ass, datt déi soss kee géif stellen. Eng vun de Froen ass, wéi et fir déi serbesch Populatioun ass, ongefrot op eemol Auslänner am eegene Land ze sinn, wat jo deene Serbe geschitt ass, déi a Kroatie liewen.

"Gut, zu Befehl, ab heute sind wir einverstanden, uns in unserem eigenen Land als eine Minderheit zu fühlen und sind demgemäß auch einverstanden, von eurer kroatischen Verfassung als eine solche eingestuft zu werden"

Fir d'Polemik huet awer och säi Bericht iwwer eng Visitt vun engem Belgrader Maart gesuergt, hie schwäermt hei vun der Situatioun vun engem Land, dat ënner engem Wirtschaftsembargo steet:

"Lob dem Handel - hättest du derartiges je von dir erwartet (und das nicht einmal auf Bestellung)? - Und ich erwischte mich dann sogar bei dem Wunsch, die Abgeschnittenheit des Landes - nein, nicht der Krieg - möge andauern; möge andauern die Unzugänglichkeit der westlichen oder sonstwelchen Waren- und Monopolwelt."

Manner Feindséilegkeet vis-à-vis vum Pinter

Weider Wierker, an deenen de Peter Handke Jugoslawien oder déi spéider nei Länner thematiséiert, sinn:

"Sommerlicher Nachtrag zu einer winterlichen Reise" (1996), "Die Fahrt im Einbaum oder Das Stück zum Film vom Krieg" (1999), "Unter Tränen fragend" (2000), "Rund um das Große Tribunal" (2003), "Die Tablas von Daimiel" (2006), "Die Kuckucke von Velika Hoča" (2009), "Die Geschichte des Dragoljub Milanović" (2011).

Dat gréisst Onverständnis begéint den Handke awer, wéi hien um Begriefnes vum Slobodan Milosevic 2006 eng Ried hält.

Den Handke hat de Milosevic zu Den Haag am Prisong besicht. Am Fong geholl sollt den Handke do als Zeie fir de Milosevic aussoen. Dat ass awer net geschitt, ob hien do e Réckzéier gemaach huet oder d'Ursaach war, datt hien, wéi munch anerer, dëst Geriicht net unerkannt huet, ass net kloer. Seng Ried huet den Handke zum Deel op serbokroatesch virgedroen, hei déi däitsch Iwwersetzung:

"Ich hätte gewünscht, hier als Schriftsteller in Požarevac nicht al­lein zu sein, sondern an der Seite eines anderen Schriftstellers, etwa Harold Pinter. Er hätte kräftige Worte gebraucht. Ich brau­che schwache Worte. Aber das Schwache soll heute, hier recht sein. Es ist ein Tag nicht nur für starke, sondern auch für schwache Worte. [Ab hier sprach ich serbokroatisch - allein verfasst! -, im Nachhinein rückübersetzt:] Die Welt, die sogenannte Welt, weiß alles über Jugoslawien, Serbien. Die Welt, die sogenannte Welt, weiß alles über Slobodan Milošević. Die sogenannte Welt weiß die Wahrheit. Deswegen ist die sogenannte Welt heute abwe­send, und nicht bloß heute, und nicht bloß hier. Die sogenann­te Welt ist nicht die Welt. Ich weiß, dass ich nicht weiß. Ich weiß die Wahrheit nicht. Aber ich schaue. Ich höre. Ich fühle. Ich er­innere mich. Ich frage. Deswegen bin ich heute anwesend, nah an Jugoslawien, nah an Serbien, nah an Slobodan Milošević."

Interessant ass, datt dem Harold Pinter, deen 2005 den Nobelpräis an der Literatur kritt huet an e klore Verfechter vum Milosevic war, net déi Feindséilegkeet entgéint geschloen huet ... Vläicht well de Pinter dem grousse Public manner bekannt ass wéi den Handke, vläicht well de Pinter sech manner an d'Fënster gestallt huet.