Ugefaangen huet dem Charles Bauer seng Leidenschaft als klenge Bouf, wou hien um Späicher vu sengem Papp moschtere konnt an éischt Comicke fonnt huet. A senger Kandheet huet hie mat Sammelen ugefaangen a säi Papp huet dofir gesuergt, datt ëmmer nei Liesmaterial am Haus war.
Seng grouss Kollektioun ass mëttlerweil ze grouss fir den eegene Späicher ginn. Dofir misst hie sech iwwerleeën, wéi eng Exemplairen hien hale wéilt. Reegelméisseg fiert de Charles Bauer an d'Ausland op Comic-Festivalen, fir do no neie Schätz ze sichen. Grousse Luef fënnt hie fir den DB-Festival zu Contern, deen d'Comicken erëm méi populär gemaach huet.