Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - A Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lampertsbierg, Quartier vun nationaler Bedeitung

Nei am Kino

Lampertsbierg, Quartier vun nationaler Bedeitung

A sengem Documentaire "De Lampertsbierg", deen a 6 Episoden opgedeelt ass, zeechent den Joy Hoffmann e liewegen an interessanten historeschen, sozialen a kulturelle Portrait vun deem Stater Quartier.

auto_stories

4 min

Et brauch schonn eng speziell Motivatioun, fir sech un e Projet vun deem Ausmooss erun ze woen : a sechs Episode vun zesummen 208 Minutte léisst den Documentaire ''De Lampertsbierg'' d'Geschicht vun deem Stater Quartier Revue passéieren.

Datt en do opgewuess ass, do jorelaang dee vun him matgegrënnte Kino Utopia bedriwwen hat a bis haut nach do lieft, dierft de Realisateur a Filmkritiker Joy Hoffmann fir d'Aufgab qualifizéieren.

Perséinlech Geschicht

''De Lampertsbierg'' verbënnt chronologesch, thematesch a perséinlech Erugoensweisen. Reng sachlech bleift et nach am éischten a längsten Episod, wou et ëm d'Originnen an déi verschidden Etappe vun der Urbanisatioun vum Quartier bis 1940 geet. Am Mëttelpunkt stinn hei déi sëlleg reliéis Uerden, d'Rousenziichtereien an déi éischt populär Ënnerhalungsplazen.

Mee schonn am zweeten Deel, dee sech mat der Nazi-Occupatioun beschäftegt, kann de Joy Hoffmann u seng perséinlech Geschicht uknäppen. Säi Bopa, de Paul Faber, war ee vun nëmmen zwee Lëtzebuerger Riichter, zesumme mam Félix Welter, déi sech geweigert haten, der kollaborationisteschter Volksdeutsche Bewegung (VdB) bäizetrieden. De Film portraitéiert souwuel äifreg Gielemännercher wéi och memorabel Lampertsbierger Resistenzler, dorënner d'Molerin Lily Unden.

Méi wéi eng Lokalgeschicht

Iwwerhaapt haten oder hunn nach ëmmer vill wichteg Lëtzebuerger Artisten an deem Quartier hiert doheem, ënnert anerem de Joseph Kutter, d'Kënschtlerdynastien Schlechter a Weyer, oder nach den Armand Strainchamps. D'Kulturzeen am allgemengen ass do opgebléit, net zulescht den Theater.

Eppes wat sech wéi e roude Fuedem duerch den Documentaire zitt : en ass wäit méi ewéi eng Lokalgeschicht. De Spectateur kritt séier ze verstoen, datt et sech beim Lampertsbierg ëm e Véierel vu quasi nationaler Bedeitung handelt. All déi grouss Entwécklunge vum Land hunn hei Spueren hannerlooss.

Um wirtschaftleche Plang haten d'Ausstellungshalen den Opschwong an de Joerzéngten nom Krich begleet. De Bäckerei-Imperium Oberweis hat net wäit dovun ewech seng éischt Patisserie, asw.

Am Schiet vum Kierchtuerm

An da war et natierlech déi gesellschaftlech Dominanz vun der kathoulescher Kierch, déi um erzkonservative Lampertsbierg besonnesch markant war. Zwar kënnt de Joy Hoffmann op seng, dem Uschäin no, glécklech Zäit bei de Scouten an déi kulturell Bedeitung vun deem Veräin zeréck.

Hie beschäftegt sech awer da méi laang mat engem däischtere Kapitel, nämlech déi systematesch Mësshandlung vun de Weesekanner am vun den Elisabethanerinne bedriwwene ''Kannerland''. Mam Hiwäis, datt déi Geschicht bis haut nach net opgeschafft ginn ass, entgéint engem deementspriechenden Engagement vum Familljeministère.

Onsiichtbar sozial Grenz

De Film insistéiert berechtegterweis a bal all den Episoden op d'Sozialgeschicht, sief et déi allgemeng Evolutioun vun der Lampertsbierger Populatioun, sief et méi spezifesch d'Situatioun an de 60er Joren, déi den Joy Hoffmann materlieft huet : mat deemools enger relativer sozialer Mixitéit trotz der onsiichtbarer Trennlinn tëschent der Bourgeoisie am ieweschten Deel, an dem - graff resuméiert - méi populären ënneschten Deel.

Et ass och eng Geschicht vun Immigratioun, souwuel vun Aarbechter wéi och besser gestallten EU-Beamten. Um Lampertsbierg, wou d'Immobiliëpräisser an Tëschenzäit déi héchsten um Stater Territoire sinn, si bis haut och Flüchtlingen ënnerkomm.

Och wann en Documentaire net exhaustiv ka sinn : et hätt ee kéinten dee wéineg glorräichen Episod ernimmen, wou d'Lampertsbierger mat Erfolleg Flüchtlingskanner aus Ex-Jugoslawien an de Primärschoule vum Quartier konnte verhënneren. Déi Kanner haten Dag fir Dag misste mam Bus an d'Kongregatiounsschoul am Zentrum gefouert ginn...

Referenzwierk

''De Lampertsbierg'' ass e klassesch opgebauten Documentaire, mat enger Hellewull u Material, Fakten an Zäitzeien, musikalesch ënnermoolt vum Pol Belardi, begleet vun den Off-Stëmm vun der Actrice Gintare Parulyte a vum Joy Hoffmann selwer, wann et méi perséinlech gëtt. Beispillsweis zum Schluss, wann hien déi chaotesch urbanistesch Entwécklung aus der leschte Joerzéngte kritiséiert an den harmoneschen Pläng vum Ufank vum 20. Joerhonnert notrauert.

Dëse ganz liewegen an interessante Portrait vun engem grad esou liewegen an interessante Quartier, dee vum CNA produzéiert an an Zesummenaarbecht mat de Lampertsbierger Geschichtsfrënn entstanen ass, dierft wuel en onëmgänglecht Referenzwierk ginn.


Kapitel 1. D'Urbanisatioun vum Quartier 1867-1940 (39 Min.)

Kapitel 2. Den Zweete Weltkrich (28 Min.)

Kapitel 3. Vu Kënschtler, Geschäfter a Betriber (38 Min.)

Kapitel 4. D'Liewen um Lampertsbierg an de 60er Joren (36 Min.)

Kapitel 5. Ënnerhalung a Kultur (37 Min.)

Kapitel 6. Vu Schüler, Immigranten an enger neier Festung (29 Min.)