Kultur Le Monde sans fin: E Plädoyer fir d'Atomkraaft

De Sujet Energiepolitik ass an den Zentrum vun der ëffentlecher Debatt geréckelt, net zu Lescht wéinst dem Krich an der Ukrain, mee och wéinst der ganzer Debatt ëm déi gréng Taxonomie bannent der EU. Eng Partie franséisch Ekologiste sinn zum Beispill fest dovunner iwwerzeegt, datt d'Atomkraaft de sënnvollsten Auswee vu fossille Brennstoffer wier. Dat weist och d'Bestseller Bande Dessinée "Le Monde sans Fin" vum Jean-Marc Jancovici a Christiophe Blain. Gëschter koum déi däitsch Iwwersetzung vun der BD am Reprodukt Verlag eraus. Eng Occasioun fir eise Korrespondent Léonardo Kahn den Zeechner Christophe Blain zu Paräis ze treffen.

Léonardo Kahn / cz

Christophe-Blain-CreditsLeonardoKahn.jpg

August 2018, ënnerwee Richtung Étretat an der Normandie. De Christophe Blain brätscht iwwert d'Autobunn, wéi seng Frëndin him d'Noriichte virliest.

"C'est la canicule à Paris. Oh! Un article qui dit que Paris et l'Est de la France connaîtront des températures de 50°C d'ici 2050."

De Christophe Blain kritt Panik. An nëmmen drësseg Joer sollen et 50 Grad ginn? A wat ass mat an zwanzeg Joer? An an Zéng?

"Ça a déclenché une très grande inquiétude j'étais déjà au courant de ces phénomènes là depuis longtemps. Mais comme tout le monde, je le mettais un peu à distance. Et là j'ai eu une prise de conscience un peu plus brutale."

De renomméierte Western-Zeechner beschléisst eng Bande Dessinée iwwert de Klimawandel ze zeechnen. Dofir hëlt hie sech en Expert - ma net iergendeen Expert, mee déi Persoun, déi a Frankräich quasi ëmmer fir seng Meenung gefrot gëtt, wann et ëm d'Klimapolitik geet: de Jean-Marc Jancovici. Sou och leschte Weekend um Radio France Inter, wou et drëms gaangen ass, no Russland no neien Gasimporteuren ze sichen.

"De toute façon, si on veut être cohérent avec l'accord de Paris, le sujet est de baisser de cinq pourcent par an la quantité de gaz et de pétrole qu'on consomme. Donc le principe même de se retourner ailleurs pour en trouver la même quantité est totalement contradictoire avec les engagements qu'on a pu prendre au titre du climat."

Nei Biller erfannen

De Jean-Marc Jancovici ass e Pragmatiker mat enger grousser Fan-Base, déi hie "Janco" nennt. Op der leschter Klima-Maniff zu Paräis huet eng jonk Demonstrantin e Schëld gehalen, wou drop stoung: Jancovici, marry me! Net well de 60-Joer alen Ingenieur immens attraktiv wier, ma well hie physikalesch Rapporten extrem einfach erkläre kann. Datt huet och d'Aarbecht fir de Comic-Zeechner erliichtert, erkläert de Christophe Blain selwer:

"Il est capable à travers de ses images d'expliquer à des gens qui n'ont pas de formation d'ingénieur ou de scientifique des choses qui sont complexes. Donc pour moi c'était une sorte de cadeau parce que je suis dessinateur, je suis aussi scénariste, et donc je n'avais qu'à dessiner les images dont il me parle, et puis d'en inventer d'autres."

Fir der Lieserin oder dem Lieser ze erklären, a wéinegem Ausmooss mir vu Maschinnen ofhängeg sinn, zeechent de Christophe Blain de moderne Mënsch als Iron Man. Souguer de Mikro wier Deel vum Iron Man senger Rëschtung.

"Là par exemple, je suis en train d'utiliser une machine, une machine magique, une partie de l'armure d'Iron Man c'est-à-dire que je peux faire quelque chose de magique: ma voix va être enregistrée et ensuite ces gens vont pouvoir l'entendre en étant très loin de moi. Donc des machines qui utilisent de l'énergie comme Iron Man utilise une armure qui lui donne des super pouvoirs. C'est comme si on avait une armure en permanence, même si on ne la porte pas, on est constamment en train d'utiliser des machines qui donnent un pouvoir, bien supérieur à nos capacités physiques."

"Je pense que la France est plus écolo que l'Allemagne"

Stellt sech nëmmen d'Fro, mat wéineger Energie den Iron Man alimentéiert gëtt. An hei spléckt sech déi franséisch Perspektiv vun der Lëtzebuergescher of. D'Atomkraaft gesinn a Frankräich eng Partie Ekologiste wéi den eenzeg sënnvollen Auswee, fir Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren. De Jean-Marc Jancovici gehéiert als Grënner vum pro-nuklearen Think Tank Shift Project zu den Hardliner. Den Ingenieur kritiséiert atom-skeptesch Länner wéi Däitschland:

"Si vous considérez que la question dépendance de l'énergie importée plus changement climatique induit est le premier truc dont il faut se préoccuper, alors je pense que la France est plus écolo que l'Allemagne."

"Si vous considérez que le premier truc dont il faut se préoccuper c'est le nombre d'éoliennes dans un pays, indépendamment des émissions de CO2, de l'importation des hydrocarbures et cetera, ils sont plus écolos que nous", ironiséiert de Jean-Marc Jancovici op enger Konferenz.

En effet, läit den CO2-Foussofdrock bei eise franséischen Nopere bei siwen Tonne pro Persoun, wougéint se bei den Däitsche bei zéng Tonne läit - oder bei eis souguer bei iwwert Zwanzeg.

Christophe Blain: Angscht virun Atomkraaft ass méi geféierlech wéi d'Radiatioun selwer

A wat ass mat de Risike vum Atom-Offall, wou d'Wëssenschaft haut nach net weess, wéi se ofgebaut soll ginn? Den Zeechner Christophe Blain fënnt, datt d'Angscht virun der Atomkraaft méi geféierlech wier, wei d'Radiatioun selwer.

"Combien de morts par le nucléaire depuis 50 ans, y compris Tchernobyl? Je ne parle pas de Fukushima, il n'y a pas eu de morts par radiation. Tchernobyl a été un accident absolument dramatique mais ses conséquences les plus dramatiques ont été la peur du nucléaire plus que les radiations elles-mêmes parce qu'elles ont engagé des politiques qui sont extrêmement dangereuses pour notre quotidien et notre futur."

Sou fuerdere Kuelekraaftwierker eleng an Europa ronn 20.000 Doudesaffer pro Joer, ouni datt hier Gefor vill Raum an der ëffentlecher Debatt anhëlt - op alle Fall net esou vill wéi d'Atomkraaft. De Jean-Marc Jancovici huet 2019 am Radio France Culture mol gesot, hie géif léiwer nieft Fukushima wunne wéi nieft enger Autobunn oder enger chemescher Fabrick.

D'Bande Dessinée Le Monde sans Fin gëtt op Däitsch iwwersat. Ma ier d'Iwwersetzung Welt Ohne Ende virun de Librairië kéipweis verbrannt gëtt an Däitschland hier diplomatesch Bezéiunge mat Frankräich ofbriechen, lount et sech kuerz an d'BD ze luussen, fir ze verstoen, wéi d'Fransouse géint d'Klimakris virgoe wëllen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Charlotte Pistien, Adrien Martins, Alice Martins
Alice an Adrien Martins

"Echoes' Fantasy" ass e Work in progress, deen aus engem Solo-Stéck ervirgeet. D'Choreographen Alice an Adrien Martins ginn der Fro no, wéi een sech selwer an engem dacks dach ordinären Alldag erëmfanne kann.

Net verpassen

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen