Film Lëtzebuerger Filmpräis geet un "De Superjhemp retörns"
De Film vum Owend ass dem Félix Koch seng Verfilmung vun der Superjhemp-BD. Et ass ee vu sechs Präisser, déi Samsa Productions am ganze gewonnen huet, dorënner véier fir d'Serie "Capitani".

Populär Succèse goufen de Freideg den Owend am Groussen Theater bei der Zeremonie vum Filmpräis 2021 gekréint. "De Superjhemp retörns" vum Félix Koch (beschte Lëtzebuerger Fiktiouns-Long-métrage) an d'Serie "Capitani" vum Christophe Wagner (ë.a. bescht Actrice Sophie Mousel, a beschten Acteur Luc Schiltz) goufen all Kéier vu Samsa produzéiert. Grad ewéi dem Alexander Nanau säin Documentaire "Collective". Dem Claude Waringo seng Firma gëlt domat als de grousse Gewënner vun der Soirée.
Trotz senge fënnef Nominatiounen ass dem Ady El-Assal säi Film "Sawah" eidel ausgaangen.
D'Laureaten am Iwwerbléck
Prix du meilleur long-métrage luxembourgeois de fiction ou d'animation: "De Superjhemp retörns" (Félix Koch)
Prix du meilleur film long-métrage de fiction ou documentaire en coproduction : "Collective" (Alexander Nanau)