Radioen

On air

Resonanzen  |  HAYDN, JOSEPH - Chor -Vivace - Karajan, Herbert Von

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lewis Trondheim - 31 juillet: Eng BD, déi näischt erziele wëll

GEZEECHENT

Lewis Trondheim - 31 juillet: Eng BD, déi näischt erziele wëll

auto_stories

5 min

Eng BD, déi näischt erziele wëll

Jeff Thoss

Schonn iwwer honnert BDen an alle méigleche Genren huet de Lewis Trondheim verëffentlecht. Säin neisten Album nennt sech 31 juillet an ass am Paräisser Verlag L'Association erauskomm, deen den Zeechner virun iwwer drësseg Joer matgegrënnt huet. Et ass dën aachte Band vun enger Serie mam Titel Les nouvelles aventures de Lapinot, mee, wien déi éischt siwe Bänn verpasst huet, ka berouegt sinn: et muss een näischt doriwwer wëssen, fir dës kuerz BD mat 56 klengformatege Säiten ze liesen.

De Lapinot ass eng Huesefigur, déi de Lewis Trondheim scho säit de fréien Nonzeger zeechent. Eng Figur, déi e bestëmmte Charakter huet an awer, esou wéi d'Déierefigure vun Disney oder de Looney Tunes, an den ënnerschiddlechste Geschichten an Universume virkënnt - mol an enger realistescher, zäitgenëssescher Welt, mol an engem Western oder enger Horror-Erzielung. Mëtt vun den 2000er hat de Trondheim déi éischt Serie Les formidables aventures de Lapinot mat néng Bänn ofgeschloss, dunn awer viru sechs Joer d'Nouvelles aventures ugefaangen. An deene si mer, wéi gesot, och scho beim aachte Band ukomm, a wann ee sech freet, wat fir eng Aventuren de Lapinot an dësem erlieft, dann ass d'Äntwert eigentlech: guer keng.

An der Traditioun vum Raymond Queneau

31 juillet ass eng BD, déi alles drusetzt, fir keng Geschicht ze erzielen, déi all potenziellem Abenteuer, dat de Lapinot kéint erliewen, aus dem Wee geet - op eng gewieft, witzeg, bal scho virtuos Manéier. Et hëlleft, wann ee weess, dass de Lewis Trondheim e Member vum Grupp OuBaPo ass, dem Ouvroir de bande dessinée potentielle. An der Traditioun vu Schrëftsteller wéi dem Raymond Queneau schaffen dës Zeechnerinnen an Zeechner mat Contrainten, mat fräiwëllegen Zwäng, Beschränkungen, Reegelen, déi se selwer erfonnt hunn an da probéiere méiglechst produktiv ze notzen. E klassescht Beispill wier eng BD, wou d'Biller vu Säit zu Säit déi selwecht bleiwen a just den Text ännert.

No esou Prinzippie funktionéieren dem Trondheim seng BDe praktesch ëmmer, mat mol méi a mol manner offensichtleche Contrainten. Fir 31 juillet huet den Zeechner sech virgeholl, op eng kreativ Aart a Weis eng Handlung, oder Konflikter, déi sech zu enger Handlung kéinten entwéckelen, ze evitéieren respektiv am Keim ze erstécken. Et dierf näischt passéieren an dëser BD. Mir gesinn e Lapinot, deen duerch e Bësch a Bierger spadséiert an a Situatioune geréit, wou kéint eppes Dramatesches geschéien. Direkt am Ufank geet en op d'Ruine vun enger Kierch duer an entdeckt hei Trapen, déi erof an d'Däischtert féieren. Hei kéint een unhuelen dass, wéi een dat aus ville Filmer, Bicher oder anere Comics kennt, de Lapinot d'Trap erofgeet an do op eppes stéisst, wat der Handlung en Ustouss gëtt. Mee, nodeems e kuerz erofgekuckt huet, geet den Held einfach weider.

E Spill mat Erwaardungen

Dat ass d'Prinzip, d'Idée fixe, déi de Lewis Trondheim duerch déi ganz BD widderhëlt a variéiert. Et gëtt eng dramatesch Situatioun ugeteasert an dann direkt entschäerft oder zeréckgeholl. De Lapinot gesäit en accidentéierten Auto an der Wiss. Et geet een dovun aus, dass geschwë Blesséierter, vläicht esouguer Doudeger ze gesi sinn. Dann allerdéngs tauchen zwou Figuren op, déi laachen a wénken, an et ass alles an der Rei. 31 juillet ass a e permanent Spill mat Erwaardungen - an och mat der Form vun der BD.

Et ass en Album ouni Sprooch an engem klenge Format, e "format à l'italienne" mat an der Reegel just engem Bild pro Säit. Den Trondheim notzt de Wiessel vun enger Säit zur anerer, d'Ëmbliederen, fir eis z'iwwerraschen, fir d'Spannung, déi e just mat Biller opgebaut huet, erëm erauszehuelen. Hie spillt och mam Ënnerscheed tëschent Zeechnung a Realitéit: Eng Kéier gesi mer e Bier am Bësch, dee sech op d'hënnescht Patte stellt an d'Zänn weist. An der nächster Case erkenne mer, dass et just e gezeechente Bier op engem Panneau ass, dee Reklamm fir en "Hotel Grizzly" mécht. Esou ginn eis Perceptioun an eis Gewunnechten a Fro gestallt. Den éischten Androck täuscht an dëser BD ëmmer. Et kéint ee bei dem klenge Bichelche mat senge faarwege Biller vun Déierefiguren och am Ufank mengen, et wier e Kannerbuch, wat sech dann och schnell als falsch erausstellt.

E Kannerbuch fir Erwuessener

Well d'BD immens verspillt ass an zu all Moment en Happy End parat huet, keen een si allerdéngs als e Kannerbuch fir Erwuessener. Dass et keng Texter ginn, ass net ganz richteg, well vir steet natierlech den Titel drop an hannen um Cover och een eenzele Saz: "Les gens heureux n'ont pas d'histoire." Wann een dat als Motto vun der BD versteet, dann erzielt si gewëssermoosse vun enger glécklecher Figur, déi glécklech ass ebe grad, well se näischt erlieft. Wärend d'Kanner éischter no Abenteuer sichen, sinn déi Erwuessen vläicht och emol fro, wann näischt Opreegendes an hirem Liewe geschitt, wann se wéi de Lapinot einfach duerch d'Landschaft spadséiere kënnen. Déi Onbeschwéiertheet stécht och schonn am Titel 31 juillet, deen eng summerlech Lektür annoncéiert.

Dem Lewis Trondheim geléngt et formidabel, eng BD ze zeechnen, déi experimentell an awer ëmmer accessibel ass. D'Buch spillt permanent mat Konventiounen a Formen an ass awer ni komplex oder wëll engem beweisen, wéi clever et ass. Et bleift alles liicht, den Humor ass ëmmer do, kuerz; et mécht Freed, déi 56 Säiten ze liesen. Dofir brauch een net ganz laang, an trotzdeem kann vun där kuerzer Lektür begléckt ginn. Si bitt einfach, mee ni onreflektéiert Ënnerhalung.