Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Seed To Tree - I Wouldn't Mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verbuet oder kritesch Opklärung?

Antisemitesch Pamphleter

Verbuet oder kritesch Opklärung?

Sollen Texter, déi zum Haass a Muerd opruffe publizéiert ginn? Editions Gallimard plangt eng nei Publikatioun vum Louis-Ferdinand Céline sengen antisemitesche Wierker, wat zu kontroversen Diskussiounen a Frankräich gefouert huet.

auto_stories

3 min

"Bagatelles pour un massacre" , "L'école des cadavres" a "Les beaux draps", heeschen déi dräi antisemitesch Pamphleter, déi de Louis-Ferdinand Céline tëschent 1937 an 1941 verfaasst a publizéiert huet. Nom Zweete Weltkrich huet de Céline nei Oplage vun dëse Schrëfte verbueden. No sengem Doud 1961 huet seng Fra Lucette Destouches dëse Verbuet weiderhin oprecht erhalen.

Elo huet si awer hir Meenung geännert a gëtt d'Manuskripter fräi fir eng nei Publikatioun. Editions Gallimard wëllen am Laf vun dësem Joer dës dräi Wierker zesummen ënnert dem Titel "Ecrits polémiques" publizéieren, mat engem Virwuert vum Pierre Assouline. Eng Decisioun, déi virun allem a Frankräich fir vill Diskussioun suergt.

De Serge Klarsfeld, dee mat senger Fra Beate Klarsfeld jorelaang Naziverbriecher, wéi de Klaus Barbie, verfollegt huet, veruerteelt d'Intentioun vu Gallimard dës Pamphleter ze publizéieren. Hien huet och ganz sec op d'Ausso vum franséische Premierminister Edouard Philippe reagéiert, deen am Interview mam Journal du dimanche gesot huet.

"Il y a d'excellentes raisons de détester l'homme, mais vous ne pouvez pas ignorer l'écrivain ni sa place centrale dans la littérature française. Je n'ai pas peur de la publication de ces pamphlets mais il faudra soigneusement l'accompagner."

Den Edouard Philippe hätt wahrscheinlech keng eenzeg Säit vun dësen nidderträchtegen antisemitesche Pamphlete gelies, schreift de Serge Klarsfeld als President vun der Associatioun Les fils et filles des déportés juifs de France an engem laange Bréif un de Premierminister, deen hie mam Saz ofschléisst.

"Nous ne laisserons pas republier de tels textes qui ont mené nos parents à la mort."

Den algeresche Schrëftsteller Boualem Sansal gesäit aner Geforen hannert engem Verbuet vun esou Publikatiounen.

"Les interdictions sont comme les balles, elles ricochent partout et parfois reviennent sur ceux qui les ont tirées. Les livres de Céline ne vont ni augmenter ni diminuer l'antisémitisme. Le Céline des pamphlets ne vaut pas le coup de risquer de ruiner cette chose miraculeuse qu'est la liberté d'expression, dont la liberté d'édition est le vecteur et le levier."

De Mil Lorang, Member vu MemoShoah Lëtzebuerg gesäit een eventuelle Besoin an der Recherche, fir besser ze verstoen, wéi Mënsche fonctionnéiert hunn, déi sou een Haass verbreet hunn. A gewësser Hisiicht wier de Céline e bedeitende Schrëftsteller gewiescht.

"Mä wéi konnt esou e Mënsch sech zu sou engem niddregen Niveau vun A-Humanismus hiräisse loossen, fir de Judd als den absolute Feind vun der Mënschheet duerzestellen? Dat ass net ze verstoen."

Et kéint ee verstoen, datt Fuerscher an Historiker Accès op dës Wierker wéilten, fir mat hire Studenten doriwwer ze diskutéieren. Et misst ee sech awer och d'Fro stellen, wéi een Impakt dat op Leit kéint hunn, déi scho vun engem antisemiteschen Discours beaflosst gi sinn. Hie perséinlech géif hoffen, datt Gallimard d'Pamphleter an enger annotéierter Versioun verëffentlecht, fir den Discours an de Kontext ze stellen a kritesch ze begleeden.

De Literaturwëssenschaftler Ian de Toffol hält d'Pamphleter fir relevant historesch Dokumenter, déi mat deem néidege kriteschen Apparat misste begleet ginn. Un dësem Apparat missten, dem Ian de Toffoli no, net nëmme vu Schrëftsteller an Editeure, mä och Historiker bedeelegt ginn. D'Publikatioun vun de Céline-Pamphleter wier "éischter noutwenneg". Hautdesdaags géing ee sech an engem Kontext vun Haass, Xenophobie an Antisemitismus beweegen. Zensur kéint deemno "e geféierlecht Fudder" fir dës Stréimunge sinn. Eng kritesch Opklärung géing méi bréngen, wéi en "obskuert Verbuet", sou de Ian de Toffoli.