Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Louis-Ferdinand Céline - Semmelweis

Een Thema, e Buch

Louis-Ferdinand Céline - Semmelweis

"Voici la triste histoire de P.I. Semmelweis, né à Budapest en 1818 et mort dans cette même ville en 1865." Net zu Budapest, mee zu Wien ass den Dokter Ignác Fülöp Semmelweis gestuerwen. Och wann dës Informatioun vum Céline falsch war, sou ass dach seng Dokterthees, déi hien 1924 - ënner sengem richtegen Numm, Louis-Ferdinand Destouches - geschriwwen huet net just eng Zort Biographie, mee e feierege Plädoyer fir e Medeziner, deen duerch seng Erkenntnisser Dausende vu Fraen d'Liewe gerett huet. D'Valerija Berdi mat Hannergrënn.

auto_stories

5 min

Zanter dem Fall vum réimesche Räich wier keen ähnleche Stuerm iwwer d'Mënschen agebrach, Passiounen a fuerchtbare Wellen hätte sech bis an den Himmel erhuewen. Weider beschreift de Louis-Ferdinand Céline, deemools am Joer 1924 nach Louis Ferdinand Destouches, d'Folge vun der franséischer Revolutioun.

De Louis-Ferdinand Céline rennt duerch d'Joren, duerch déi napoleonesch Kricher mat enger Vitesse, enger Roserei, enger Onrou, enger Offensiv, bis hien dann endlech stoe bleift, endlech d'Rou fënnt, den 18. Juli 1818. Hei iert sech de Céline. Den Ignaz Philippe Semmelweis ass net den 18. mee den 1. Juli zu Budapest gebuer.

De Céline sicht weider, d'Joren erop a erof, hie sicht zu Wien, zu Bratislava, ass op emol zu Austerlitz. Nee, dat wier nach net dat Richtegt: "Nous cherchons un homme parmi les nôtres, de notre sang, de notre race, plus près de Semmelweis, Corvisart, ...". De Céline sicht d'Haus, an deem den Dokter Semmelweis gebuer ass fir beim Napoleon sengem Dokter Tëschestatioun ze maachen, éier hien dann endlech beim Semmelweis ukënnt.

Déi verdéngten Unerkennung krut de Semmelweis net

Mir sinn hei am Céline senger Dokterthees, enger Zort Biographie vum bedeitenden, revolutionäre Medeziner, deen zu Liefzäiten net déi verdéngten Unerkennung kritt huet: Den Ignaz Semmelweis huet den Zesummenhang tëschent knaschtege Fangere vun den Dokteren an dem Doud vu Fraen, déi accouchéieren, erausfonnt.

Nodeems hie seng Doktere bei der Gebuertshëllef gedoen huet hir Hänn ze desinfizéieren, ass d'Zuel vun de Fraen, déi um Kandsbettféiwer gestuerwe sinn, drastesch erofgaangen. Et muss ee bedenken: Dokteren hu Läiche vun de gestuerwe Faren ënnersicht an dertëschent hu si mat de selwechten Instrumenter an de selwechte Fangeren, ouni se desinfizéiert ze hunn, Kanner op d'Welt bruecht.

Keng objektiv Biographie

Eng Zort Biographie huet de Céline, dee jo selwer Medezin studéiert an Dokter ginn ass, hei geschriwwen. Mee hei liest ee keen objektive Liewenslaf vum Semmelweis, et ass éischter eng romancéiert Biographie, et ass e Plädoyer fir den ungareschen Dokter, net just fir seng medezinesch Erkenntnesser, mee och fir de Mënsch Semmelweis.

"Nous devons à la vérité de signaler un grand défaut de Semmelweis: celui d'être brutal en tout et surtout pour lui-même."

Kee Wonner, datt de Céline grad de Semmelweis ausgesicht huet: Hien huet sech a sengem spéide Studium op d'Epidemie spezialiséiert an huet an den USA, a Südamerika an och an Afrika als Dokter geschafft a gefuerscht, ëmmer um Gebitt vun der Hygiène.

D'Biographie koum aacht Jore virun dem Céline sengem Meeschterwierk "Voyage au bout de la nuit" eraus a Jore viru sengen antisemitesche Pamphlete.

Trotzdeem ass de Céline keen onerfuerene Spunt, wéi hien dës Thees geschriwwen huet. 1924 hat hien e geläämten Aarm - eng Verletzung aus dem Éischte Weltkrich, an dem hie sech als Fräiwëllegen engagéiert hat.

Säi Wonsch Chirurg ze gi konnt hie wéinst dësem Handicap net realiséieren, an d'Fro ass dann och, ob him dës ganz onwëssenschaftlech Thees net unerkannt gouf, wéinst sengem Asaz a sengen Auszeechnungen, déi hie fir seng Verdéngschter am Éischte Weltkrich kritt huet.

Verzweiwlung an Enthusiasmus

"Tout ce qui se fait ici me parait bien inutile, les décès se succèdent avec simplicité. On continue à opérer, cependant, sans chercher à savoir vraiment pourquoi tel malade succombe plutôt qu'un autre dans des cas identiques.", zitéiert de Céline de verzweiwelte Semmelweis, deen 1845 zu Wien als Chirurg promovéiert huet.

Wat de Semmelweis méi verzweiwelt ass, ëmsou méi ass de Céline enthusiastesch. "Qu'il entre en revolte, qu'il est sur le chemin de la lumière! Rien desormais ne l'arrêtera plus."

Zwee Lageren ëm de Semmelweis

De Céline bezeit dem Semmelweis senge Kontrahente just Dommheet, Onfäegkeet an Selbstgefällegkeet. Effektiv war et och e Schock fir Doktere feststellen ze mussen, datt si, déi d'Mënsche jo heele sollen, déi am Fong geholl krank maachen, jo, si ëmbréngen.

An esou hate sech zwee Lagere ronderëm de Semmelweis gebilt. Déi eng, déi hien ënnerstëtzt hunn an déi aner, déi vehement de Mënsch Semmelweis a seng Entdeckung vernichte wollten. Déi Lescht hate gewonnen an de Semmelweis huet 1849 Wien misse verloossen.

"La Révolution marche sur Budapest."

An erëm eng Kéier ass de Céline matzen dran an der Geschicht. D'Revolutioun marschéiert op Budapest, de Semmelweis och. Et ass d'Zäit, kuerz no der Wiener Oktoberrevolutioun, och an Ungarn ginn d'Leit op d'Barrikaden.

"Vienne a peur, Budapest est dans la joie." De Céline wäicht erëm vum Semmelweis of, beschreift d'Vollek zu Budapest, dat danzt a Fräiheet verlaangt.

Eng Intrig géint de Semmelweis?

An erëm zeréck bei de Semmelweis, dee seng Iwwerzeegung net opgëtt, bis hien 1865 schwéier depressiv an d'staatliche Landesirrenanstalt agewise gëtt. War et eng Intrig? Et gouf keng Diagnos, déi dës Aweisung an iergendenger Form berechtegt hätt.

Hien hätt, esou de Céline, no sengem Kolleeg a groussen Ënnerstëtzer, dem Dokter Josef von Skoda geruff, éier hie knapp zwou Wochen no senger Aweisung un enger Bluttvergëftung gestuerwen ass.

De Céline huet hei e fulminant Wierk geschriwwen, e feierege Plädoyer fir en Dokter, deem seng Erkenntnisser eréischt 30 Joer no sengem Doud unerkannt goufen. Huet de Céline sech selwer gewënscht, esou en Held ze ginn, e Genie, deen Affer vun neideschen Egomane gouf a sech a seng Iddien ni opginn huet?

Wéi kann een engersäits eng Hymne un en Dokter schreiwen, deen ee vun de bedeitendste Käpp um Gebitt vum Accouchement ass an anerersäits e groussen Unhänger vum Nationalsozialismus an nach méi e groussen Antisemit sinn?

"Voici la triste histoire de P.I. Semmelweis, né à Budapest en 1818 et mort dans cette même ville en 1865. Ce fut un très grand coeur et un grand génie médical. Il demeure, sans aucun doute, le précurseur clinique de l'antisepsie, car les méthodes préconisées par lui, pour éviter la puerpérale, sont encore et seront toujours d'actualité."