Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Luis Sepùlveda u COVID-19 gestuerwen

Corona-Pandemie

Luis Sepùlveda u COVID-19 gestuerwen

De 16. Abrëll ass de chileEnesche Schrëftsteller, Friddens- an Ëmweltkämpfer Luis Sepùlveda am Alter vu 70 Joer un de Folgen vu COVID-19 gestuerwen. D'Valerija Berdi hat sech 2017 mat him ënnerhalen.

auto_stories

1 min

"Déi éischt Konditioun, fir kënnen ze schreiwen, ass emol ze liewen. An déi zweet ass, en intensiivt Liewen ze féieren. En intensiivt Liewe géif een natierlech an déi schlëmmste Situatioune bréngen, mee dovun ernäert ee sech um Schluss." Dat sot de Luis Sepúlveda an der Debatt "face au monde - la responsabilité de l'écrivain" um Literaturfestival zu Saint-Malo an der Bretagne 2017.

Datt säi Liewen intensiv war, ass dat d^mannst, wat ee ka soen. Als jonke Sozialist huet de Luis Sepúlveda op de chileenesche President Allende opgepasst. Amnesty International huet sech fir säin Exil ënner der Diktatur vum Pinochet agesat. Mee de Luis Sepúlveda huet sech léiwer de Sandinisten am Nicaragua ugeschloss, wéi seng Rou a Schweden ze fannen.

De 16. Abrëll ass de chileenesche Schrëftsteller, Friddens- an Ëmweltkämpfer Luis Sepùlveda am Alter vu 70 Joer un de Folgen vu COVID-19 gestuerwen.

D'Valerija Berdi hat sech 2017 mam chileenesche Schrëftsteller iwwer säin Engagement ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow