Radioen

On air

Notturno  |  Surprise Chef - Money Music

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxfilmfest Digest (4)

Film

Luxfilmfest Digest (4)

Philippinnesche B-Movie-Pastiche, problematesche Film aus dem Iran, a Gehummers a Geschraufs am OP! Andréck vun den Haaptkompetitiounen um Luxembourg City Film Festival, leschten Deel.

auto_stories

4 min

Zeen aus "Leonor will never die" (Foto: Carlos Mauricio/Music Box Films)

Leonor will never die (Martika Ramirez Escobar)

Deen extravagantste Film an der offizieller Kompetitioun kënnt dëst Joer ouni Zweiwel aus de Philippinnen. Eng pensionéiert Cineastin schreift no laange Joren nees en Dréibuch. Si wëll doranner den Dout vun engem vun hiren zwee Bouwe verschaffen. Nodeems hir op eemol op der Terrass eng Tëlee op de Kapp fält a si an de Koma, geréit d'Fra selwer an déi vun hir geschaafte fiktiv Welt.

Der Martika Ramirez Escobar hire farfeluen Debutfilm "Leonor will never die" pastichéiert philippinnesch B-Movieën aus de 70er an 80er Joren. Brutal, schëtzeg an dacks lächerlech Actionzeenen am approximativen Exploitation-Stil gi mat kitschege Soap Opera-Sequenzë vermëscht. Beileiwe keng Meeschterwierker vun der Filmkonscht, déi awer duerchaus Spaass kënne maachen an domat hiren Zweck erfëllen (fir den Här Tarantino ze zitéieren).

Andeems d'Zeenaristin den Dout vun hirem Fils an engem "Film vun zwee Su" thematiséiert, schaaft si eng Distanz zu hirem Leed. An engems verweist hire satireschen Usaz (e Buergermeeschter als Boss vun enger Gangsterband) indirekt op e politeschen Hannergrond. Bis d'lescht Joer haten d'Philippinne mam Rodrigo Duterte e ganz rabiate Staatspresident, deen am Laf vu senger Karriär oppen dofir plädéiert huet, Drogekonsumenten an Delinquenten ouni weidere Prozess z'erschéissen. Filmräif mee batter Realitéit...

Op eng ganz post-modern Manéier ginn d'Meta-Niveaue multiplizéiert: Film am Film; Widderhuelung vu Sequenze mat zeenaristesche Variatiounen; Personnagen, déi sech un d'Zeenaristen adresséieren; Interventioun vun der Realisatrice, déi sech Gedanke mécht iwwer de Montage vu "Leonor will never die"... Wat plazeweis wéi ee mat wéineg Mëttele mee gutt realiséierte Studentefilm dohir kënnt, erweist sech als eng sophistiquéiert Erzielmaschinn. E Film, deen an der Selektioun vum Luxfilmfest erausstécht - an zwar positiv.

++++

World War III (Houman Seyedi)

Kann een d'Vernichtung vun de Judde wärend dem Zweete Weltkrich als Ulass fir eng Satir benotzen? Dësen Usaz verfollegt den iranesche Realisateur vun der Tragikomedie "World War III" (Offiziell Kompetitioun). En analphabeteschen Doléiner, dee wéi vill aner aarm Männer vun engem Schantjen op deen anere geschleeft gëtt, lant enges Daags um Plateau vun engem Film iwwert e KZ. An deem kontrafaktuelle Wierk kuckt den Hitler héchstperséinlech no, wéi d'Judden an der Gaskummer ëmkommen, a leet och selwer Hand mat un.

De gedriwwenen Haaptprotagonist léisst sech fir d'éischt an der gesträifter Tunique vum KZ-Prisonéier filmen. Duerno geet et vun der Roll vum Affer eriwwer zu där vum Täter. Well sech de betraffenen Acteur d'Bee gebrach huet, iwwerhëlt de gudde Mann d'Uniform vum Reichsführer...

Am éischte Fall gëtt e ganz gewote Verglach tëschent vergaaste Judden an iraneschen Doléiner hiergestallt. Am zweete Fall muss den Doléiner dee vun him ongewollten Doud vun enger léiwer Persoun veräntwerten. A béide Fall gëtt d'Vernichtung vun de Judde relativiséiert.

Ouni dem Realisateur wëllen iergend eppes z'ënnerstellen: bei deem Film huet een einfach en ongutt Gefill. Ëmsou méi "World War III" aus engem Land kënnt, an deem d'Zerstéierung vun Israel praktesch Staatsdoktrin ass...

+++

De Humani corporis fabrica (Véréna Paravel & Lucien Castaing-Taylor)

Opname vun de Bannenorganer vum Mënsch huet ee schonn a Reportagen iwwer Chirurgie gesinn. Sech bal zwou Stonne um Stéck mat der Kamera duerch d'Geträips wullen ass scho méi rar. De Realisateur-Duo aus Frankräich huet säi gläichzäiteg faszinéierenden a verstéierende Film (Documentaire Kompetitioun) an engem Paräisser Spidol ugesidelt, deem seng labyrinthesch Gäng e bësse wéi en Daarmtrakt ausgesinn.

Als Spectateur kucke mer de Chirurgen iwwert d'Schëlleren a verfollegen déi sëlleg Operatiounen: e Keeserschnëtt, eng schwiereg Interventioun un der Prostate, metalle Protheese ginn an de Réck agesat... Wat beandrockt an op eng Manéier och schockéiert: an engem Operatiounssall geet et praktesch zou wéi beim Mecanicien. Et gëtt geschrauft, geschnidden, gehummert, gerappt - och alt emol mat Wuppes.

Wärend hien dem (bewossten!) Patient um Gehier erëmbastelt, schwäermt de Chirurg vu senger Leidenschaft als Kand fir d'Mecano-Spill. "Wat méchs du grad?", freet en aneren säin Assistent wärend enger kriddeleger Interventioun. Äntwert: "Keng Anung...". Soss Gespréicher falen an de Beräich vum typesche schwaarzen Humor, deen et erlaabt, sech vum dach impressionanten Asaz um mënschleche Kierper ze distanzéieren.

Jee no Spectateur muss ee méi wéi eemol schlécken an ewech kucken. Et seet een sech: "léiwer si wéi ech". An do läit och schonn den ënnerschwellege Message vum Film. Reegelméisseg reegt sech dat medezinescht Personal iwwer schwéier Aarbechtsrhythmussen an déi vun der Politik decidéiert Spuermoossnamen am Gesondheetssecteur op. Et gëtt suggeréiert: déi Leit hu kee Beruff wéi en aneren, si verdénge méi gesellschaftlech Ënnerstëtzung.

"De Humani corporis fabrica" dierft kee kal loossen. An der dokumentarescher Kompetitioun stécht en op alle Fall eraus.