Radioen

On air

De Weekend  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meeschter vum politesche Kino

Film

Meeschter vum politesche Kino

Hie sollt op Lëtzebuerg kommen am Kader vum LuxFilmFest, de Coronavirus huet anescht entscheet. Mir maachen e Réckbléck op d'Karriär vum grousse franséisch-griichesche Cineast Costa-Gavras.

auto_stories

6 min

Als Spezialist vum politesche Film gëllt den haut 87 Joer ale Costa-Gavras, wéi hie selwer a senge Memoirë schreift, zënter Enn de 1960er Joren. Eng Hellewull un Dréibicher a Filmproposen hat de franséisch-griichesche Realisateur no der Sortie 1969 vu sengem Thriller mam lakoneschen Titel ''Z'' uvertraut kritt, e Film iwwert e politesche Mord a Griichenland, an der Zäit kuerz virum sougenannte Putsch vun de Genereel 1967.

''Z'' war eréischt dem Costa-Gavras seng drëtt Realisatioun hannert der Kamera. Et sollt de Startschoss vun enger internationaler Filmkarriär sinn, déi mat de prestigiéiste Präisser gekréint gouf an him séier de Wee op Hollywood sollt opmaachen.

Bei renomméierte Realisateure geléiert

Dobäi hat hie ganz kleng ugefaangen. Well säin anti-monarchistesche Papp op der Säit vun de Kommuniste Widderstand geleescht hat, am Zweete Weltkrich an duerno am griichesche Biergerkrich, konnt säi Bouf duerno net a Griichenland op enger Uni studéieren. Dem jonke Costa-Gavras, Joergang 1933, war näischt aneschters iwwreg bliwwen, ewéi auszewanderen. Et goung op Paräis, wou hie kuerz virdru scho mat enger griichescher Balletstrupp als Dänzer opgetruede war.

Ouni e Su an der Täsch an ouni iwwerhaapt emol Franséisch ze schwätzen, hat hie sech als Student fir Literatur ageschriwwen. Nodeems hien d'Cinémathèque française, deemools ënnert der Leedung vum mytheschen Henri Langlois, entdeckt hat, war séier den Interessi fir de Film erwächt.

De jonke Konstantinos war dunn zwee Joer laang op der Paräisser Filmhéichschoul Idhec, en ideaalt Sprangbriet fir op d'Filmsette vu bekannte franséische Realisateuren ewéi Yves Allégret, René Clair, René Clément oder Henri Verneuil ze kommen, fir d'éischt als Stagiaire, duerno als Regie-Assistent.

Villverspriechende Filmdebut

A selwer Regie féieren ? Dat war dach just eppes fir Leit aus der Bourgeoisie, sou d'Bedenke vum jonke Griich ... An awer sollt et méi séier klappen ewéi geduecht. Wärend senger Kollaboratioun mam Henri-Georges Clouzot, deem säin onméigleche Projet ''L'Enfer'' och sollt am Sand verlafen, war de Costa-Gavras ofgesprongen, fir 1965 säin eegene Film ze maachen: d'Adaptatioun vum Sébastien Japrisot sengem Krimidebut ''Compartiment tueurs''.

Den éischte Film vum deemools 32 Joer jonke Realisateur koum bei der Kritik gutt un. Gehollef hat net zulescht de Casting, mat ënnert anerem der deemools scho berüümter Famill Montand : den Yves Montand, seng Fra Simone Signoret an d'Catherine Allégret, Duechter vun der Simone, déi den Yves adoptéiert hat.

Si all hat de Costa-Gavras a senger Zäit als Regie-Assistent kenne geléiert. Esou hat sech d'Simone Signoret, wäit ewech vun alle Star-Allüren, éierlech fir de Liewensparcours vun deem jonke Griich interesséiert. Eng déif Frëndschaft sollt sech iwwer d'Joren entwéckelen, grad ewéi eng produktiv Zesummenaarbecht.

Resolut lénks, mee ëmmer kritesch

Den intensive Kontakt mat iwwerzeegte Kommunisten ewéi Montant, Signoret oder och Jorge Semprún hat de Costa-Gavras a sengem eegene lénke Weltbild bestäerkt. Seng Filmographie sollt dat decisiv prägen. Nom Militärputsch 1967 a Griichenland, hannert deem jiddereen d'Handschrëft vun den USA erkannt hat, war fir d'Simone Signoret kloer, datt ee misst reagéieren : ''Et maintenant, qu'est-ce qu'on fait ?'' Zwee Joer drop war ''Z'' erauskomm.

Politiséierten, resolut lénke Kino, jo. Mee dem Costa-Gavras säin Engagement war ëmmer e kriteschen. Scho säin nächste Film 1970, zwee Joer nodeems de Prager Fréijoer vu sowjetesche Panzeren zerschloe gi war, sollt dat verdäitlechen. ''L'Aveu'', mam Yves Montand an der Haaptroll, war eng kompromësslos Uklo vun de kommunistesche Schauprozesser.

D'Virlag war e Buch, an deem den tschechoslowakesche Kommunist Artur London beschriwwen hat, wéi hie selwer ënnert dem realsozialistesche Regime psychesch a physesch gefoltert gi war, fir imaginär Doten zouzeginn. Wéi esou dacks bei Costa-Gavras-Filmer hat ''L'Aveu'' hefteg Kontroversen ausgeléist. Besonnesch vun de Kommuniste krut de Costa-Gavras virgehäit, de Feinde vun der Lénker an d'Hänn ze spillen. Hie krut kommerziellen Opportunismus ënnerstallt, wou et him a Wierklechkeet ëm Integritéit goung.

Politesch brisant Filmer

Mat wéinegen Ausname stoungen am Costa-Gavras senger Filmographie - am ganzen 20 Wierker - ëmmer politesch brisant Sujeten am Mëttelpunkt : d'Resistenz wärend dem Zweete Weltkrich ("Un homme de trop", "Section spéciale"), d'Haltung vum Vatikan géigeniwwer den Nazien ("Amen"), d'Roll vun der CIA an Drëttweltlänner ("Etat de siège"), d'Pinochet-Diktatur am Chile ("Missing"), den israelesch-palestinensesche Konflikt ("Hanna K."), méi rezent dann de Sensationalismus vun de Medien ("Mad City"), a virun allem déi ëmmer méi grouss Muecht vun de Konzerner, vum Finanzkapitalismus ("Le Capital", "Le Couperet"), an an deem Kontext d'Manéier, wéi d'Creanciere mat sengem Heemechtsland Griichenland verfuer sinn ("Adults in the Room").

Engagement zugonschte vun der "exception culturelle"

An deene leschten zéng Joer huet de Costa-Gavras sech net nëmmen iwwer seng Filmer engagéiert, mee och konkret um Terrain. Zum Beispill zugonschte vun der sougenannter ''exception culturelle'', fir déi europäesch Kulturproduktioun virun der renger Maartlogik, dat heescht praktesch der Iwwernam duerch amerikanesch Konzerner, ze schützen. De Costa-Gavras beschreift a senge Memoiren, wéi hie sech, zesumme mat anere Kulturschafenden, um deemolegen EU-Kommissiounspresident Barroso, deen hien als Ligener a Schwätzer entlarvt, d'Zänn ausgebass hat.

Dem Barroso säin Nofollger Jean-Claude Juncker kënnt net besser ewech : de fréiere Lëtzebuerger Premier gëtt net nëmmen als Feelbesetzung, mee souguer als ''erreur ethique'' bezeechent, als ''yes man'', als éiwege Bürokrat, deen aus sengem Land Lëtzebuerg e Steierparadäis fir amerikanesch an aner multinational Konzerner gemaach huet, op Käschte vun de Bierger aus aneren EU-Länner.

"Je veux être différent"

Mat der Nouvelle Vague, där hir Vertrieder zwar genee a sengem Alter waren, konnt de Costa-Gavras Enn de 50er a wärend de 60er Joren éischter wéineg ufänken - méiglecherweis wéinst senge modesten Originnen. Vu sech selwer seet hien, datt en ëmmer intimidéiert war vu Leit, déi sozial besser gestallt ware wéi hie selwer - dobäi war de Costa-Gavras ee weltwäit hoféierte Realisateur ginn, mat deem vill Hollywood-Vedetten onbedéngt wollten zesummeschaffen.

''Va où il est impossible d'aller'', sinn dem Costa-Gavras seng Erënnerungen, déi hie virun zwee Joer verëffentlecht huet, betitelt, no enger Formel vum grousse griichesche Schrëftsteller Nikos Kazantzakis. Et sollt fir den naturaliséierte Fransous Costa-Gavras e Liewensmotto ginn, zesumme mat de Wierder : ''Je ne veux pas être le plus fort, ni le plus riche, ni le plus beau, ni le plus grand. Je veux être différent...''


Costa-Gavras, "Va où il est impossible d'aller", Paris, Seuil, 2018.