Radioen

On air

Notturno  |  Qendresa - Real Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Melancholeschen Jazzpianist an der Nuecht

Literatur

Melancholeschen Jazzpianist an der Nuecht

A sengem neie Roman "Parfois la nuit se tait" (Capybarabooks) beschreift den Antoine Pohu e jonke Mann, deen duerch d'Liewen trëllt wéi nuets duerch Bréissel: ouni Zil. Leider schéngt och d'Buch esou entstanen ze sinn.

auto_stories

4 min

"- Parce que peut-être que toi et moi on veut dire les mêmes choses et qu'on a juste des moyens différents. (...)

- Tu crois? Je sais pas si en jouant du piano je veux dire quelque chose en particulier." (p.98)

Den zweete Worf vun engem Auteur ass normalerweis ëmmer mat ville Froe verbonnen, virop déi, op d'Erwaardungen aus dem éischte konnten erfëllt ginn... oder net. No sengem Debut-Roman La Quête (Op der Lay), mat deem hien 2019 den Nationale Literaturconcours an der Kategorie 19-25 Joer gewonnen hat, huet de jonken Antoine Pohu elo säin zweete Roman verëffentlecht.

Wärend La Quête sech nach an engem märchenhafte Kader wärend der Kandheet respektiv der Jugend beweegt hat, schléit den Antoine Pohu mat Parfois la nuit se tait (Capybarabooks) d'Bréck tëschent der Jugend an dem Erwuessenenalter. Säin Haaptprotagonist Daniel ass e jonken Jazzpianist, dee seng Sue mat Optrëtter a Bréisseler Caféë verdéngt. De Virowend vu sengem Depart an d'Vereenegt Staaten, de Graal fir en Jazzmuseker, verbréngt hie mat e puer Bekannte beim Comptoir.

Ofwiesselend mam nostalgesche Small Talk bei engem Glas Whisky erziele Flashbacken dem Daniel säi Parcours bis dohin: vun der duerch d'Eltere verhënnerter Karriär am klassesche Beräich iwwer d'Studenteliewen an der belscher Haaptstad, vun der Sich no der sexueller Identitéit an den éischte méi eeschte Bezéiunge bis hin zur progressiver Etabléierung als professionellen Jazzpianist.

Kee Roman iwwer Jazz

Dobäi ass Parfois la nuit se tait net wierklech e Roman iwwer Jazz. Ofgesi vun deem engen oder anere Passage, an deem den Daniel seng Musek beschreift, oder der Handvoll zitéierte Referenze wéi d'Opnam vum engem Kölner Keith Jarret-Concert vun 1975, kritt een net wierklech Abléck an de Kreatiounsprozess vun engem Museker an d'Aarbecht, déi dohannert stécht. Net ze schwätze vun enger eventueller Obsessioun fir d'Musek, déi ee beim Haaptprotagonist iwwerhaapt net spiert. Hien ass einfach Museker, dat ass säi Statut, méi och net.

Déi eenzeg Funktioun vum Jazz ass et, dem Daniel seng melancholesch Liewenshaltung ze symboliséieren: en Hang zur Improvisatioun, dat heescht engem Liewen ouni Plang, an e gewëssene vague à l'âme, deen den Daniel mat senge reegelméissege Spadséiergäng duerch Bréissel schleeft. D'Associatioun Pianobar-Melancholie-Nuets duerch eng eidel Stad scharjeekelen, dat kléngt dach e bëssen ze vill no Hollywood-Cliché...

Änlech schwammeg gëtt dem Daniel säi Bezéiungsliewe beschriwwen. Hie ka sech och net wierklech entscheeden, wat e gären hätt. Mat enger däitscher Frëndin huet hie schonn d'Flemm ier een als Lieser iwwerhaapt matkritt huet, datt do eng wierklech Relatioun war. E Moment vu (liichter) sexueller Erfëllung gëtt et am Roman just mat engem Jong. De Rescht vun der Zäit bleift et bei där latenter Homosexualitéit.

Entpolitiséierten, mee philosophesche Geescht

Bis op d'Beschreiwunge vun de Bréisseler Stroossen nuets kritt ee vun der Realitéit och net all ze vill mat. Vir Politik schéngt sech den Daniel net z'interesséieren. A falls een onbedéngt Spuere vu politeschen Iwwerzeegungen am Roman misst identifizéieren, da vläicht seng deklaréiert Ofneigung géigeniwwer fraefeindlechen a rassistesche Witzer, also dem Minimal-Bagage vun engem Vertrieder vun der Generatioun Z.

Wien esou eppes - zemools no enger Saufecht - net kann als dommt Gesabbels duerchgoe loossen, deen huet warscheinlech eppes vum renge Geescht. A kënnt dann, wann e beispillsweis aus der Fënster kuckt an ëm d'Gebai géigeniwwer d'Vue op den Horizont verspäert, zu déiwe philosopheschen Erkenntnesser wéi:

"(...) Ça donne l'impression de rien pouvoir faire de sa vie. De jamais pouvoir aller loin. D'être emmuré par les frontières de son quartier. C'est déprimant. Il faut de temps en temps voir un horizon qui s'étire au loin, quelque part d'indéfini, quelque part où on n'a pas été." (p.115)

Dat ass alles e bëssen dënn fir e Roman, deen dem Lieser ëmmerhin déi existenziell Langweil an d'Mollesse vum Haaptpersonnage ka vermëttelen. Soss versteet een net wierklech wat den Antoine Pohu eis wollt soen. Vläicht ass et ëm gaange wéi sengem Protagonist, dee behaapt: "Je sais pas si en jouant du piano je veux dire quelque chose en particulier."