Radioen

On air

De Weekend  |  Sorry Girls - Prettier Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minett-Trail: E Projet fir d'Kulturjoer 2022

Kultur

Minett-Trail: E Projet fir d'Kulturjoer 2022

De Minett soll duerch en 80 Kilometer laange Wanderwee touristesch a kulturell méi attraktiv ginn. Zanter dräi Joer schaffen ënnert anerem d'UNESCO an Esch2022 un dësem Projet, dee fir d'Kulturjoer 2022 fäerdeg soll sinn.

auto_stories

3 min

De Minett soll duerch en 80 Kilometer laange Wanderwee touristesch a kulturell méi attraktiv ginn. Zanter dräi Joer schaffen ënnert anerem d'UNESCO an Esch2022 un dësem Projet, dee fir d'Kulturjoer 2022 fäerdeg soll sinn.

Den neie Wanderwee wäert duerch de ganze Süde vum Land féieren. Doduerch géif een d'Méiglechkeet kréien de Minett an all senge Facetten ze entdecken, sou d'Lynn Reiter. Si ass Direktesch vum regionalen Tourismusbranche Süden a Coordinatrice vum Projet "Minett-Trail". De Wee géif laanscht déi schéinste Sitten an Naturreservater féieren. Geféierlech Passagë wieren eraus geholl ginn, sou d'Lynn Reiter.

Wichteg fir Geschäftsleit an Hotellerie

Et hätt een d'Aspekter vun der Schéinheet vun der Natur, der Industriegeschicht an der Architektur matenee verknäppt. "An dobäi rauskomm ass e Wee vun 80 Kilometer dee wäert beschëldert ginn", sou d'Lynn Reiter.

De Wee féiert no laanscht Stied, deelweis och doduerch. Dee Moment hunn d'Wanderer dann d'Méiglechkeet fir an de Restaurant ze goen, fir sech op eng Terrassen ze setzen, e Patt ze drénken, eng Paus ze maachen. "Dat heescht, déi ganz regional Acteuren a Geschäftsleit, grad wéi d'Ubannen un déi bestoend Hotellerie, war absolut wichteg vir dee Projet", sou d'Lynn Reiter.

Vun Esch 2022 profitéieren

Virun allem géif et beim Projet "Minett Trail" drëms goen déi eelef Gemengen aus dem Süde mateneen ze verbannen, an der Regioun eng néi Identitéit ze verschafen. Dat erkläert de Robert Garcia, och Coordinateur vum Projet "Minett-Trail". Bis Februar 2022 soll an all Gemeng een néie Gîte gebaut ginn. Déi Gîtë wieren e wichtege Bestanddeel vum Minett-Trail Projet, sou de Robert Garcia.

"Vir datt mir och Leit, 2022, aus dem Ausland kréien. Leit vun hei komme vläicht punktuell an e Gîte. Mee déi meescht Leit déi wäerte kommen, si warscheinlech aus dem Ausland. Déi soen sech: Ok, ech komme véier Deeg an d'Regioun, da maachen ech sou e Trail mat, kann op véier verschiddene Platze schlofen, an da kann ech och d'Artisten, déi 2022 hei ronderëm wäerte sinn, besiche goen."

Leit, déi den 80 Kilometer laange Wanderwee also iwwer e puer Deeg wëlle maachen, kréien d'Méiglechkeet an dëse Gîten ënner ze kommen. Am ganze sollen déi eelef Gîte 70 bis 80 Schlofplazen zielen.

Et ginn awer nach Prestataire gesicht, déi sech ëm d'Gestioun vun de Gîte wäerte këmmeren. Den Delai ass 2022: Well fir d'Kulturjoer soll de Minett-Trail opgoen.