Radioen

On air

De Weekend  |  Ned Doheny - Get It Up For Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn déi Lescht, déi d'Dieren nees opmaachen"

Impakt vu Kris op Kultur

"Mir sinn déi Lescht, déi d'Dieren nees opmaachen"

936 kulturell Evenementer wieren tëschent Mäerz a September annuléiert ginn, seet d'Kulturministerin Sam Tanson. Fir d'Leit am Filmsecteur a vun der Bünekonscht waren déi Ausfäll direkt ze spieren. A kee weess genee, wéi et weidergeet, wéini nees dierf geprouft, opgeféiert a gedréit ginn.

auto_stories

4 min

"Fir ganz vill Leit am Filmsecteur ass déi Aarbecht hiren Haaptverdéngscht. Dat heescht: kee Projet bedeit kee Revenu, bedeit eng finanziell Ongewëssheet", seet de Yasin Özen. Den Assistent Director ass Sekretär vun der Federatioun vun de Filmtechniker (ALTA). Fir si wier dës Kris ëmsou méi komplizéiert, well si sech vu Projet zu Projet géifen orientéieren an net laangfristeg kéinte plangen. "Fir vill Leit ass et eng existenziell Bedroung."

189 Leit kruten 2019 Indemnitéite via de Statut vum Intermittent du spectacle vum Ministère ausbezuelt. "Déi Hëllefen ersetzen net eise Revenu", seet de Yasin Özen. Et géif drëm goen, fir déi Period mam soziale Mindestloun ze iwwerbrécken, wou si net kënnen op engem Projet schaffen.

Séier Hëllef fir d'Leit am Secteur

Dee Mechanismus wier net ausgeluecht fir sechs Méint net ze schaffen, seet d'Theaterregisseurin Anne Simon. "Ganz séier war et mir kloer, datt mir missten eng Adaptatioun virhuelen, well soss ganz vill Artisten nach vill méi an d'Prekaritéit erofkommen", seet déi gréng Kulturministerin Sam Tanson. Konkret hätt de Kulturministère zwou Mesuren en place gesat: De Montant, deen ee pro Mount kann ufroe wier eropgesat ginn, an d'Konditioune fir an de Statut eranzekomme wieren erliichtert ginn.

D'Dossiere géifen "de Manière bienveillante" gekuckt ginn, seet d'Sam Tanson, "an dann hoffe mir, datt mir sou vill wéi méiglech Leit iwwer deen dote Wee kënnen opfänken." Bei engem Echange vun de Federatiounen aus dem Secteur mam Ministère de 27. Abrëll hätt ee gemierkt, datt d'Mesurë "vill méi flexibel wäerte jugéiert ginn, wéi mir dat geduecht hunn", seet de Yasin Özen. De Kulturministère hätt eppes an d'Weeër geleet, wat de Leit hëlleft. Déi grouss Inconnu wier awer, wéi et à long terme géif weidergoen.

Upassunge vu Statut d'Artiste an Intermittence

"Mir hate souwisou wëlles, de Statut ze iwwerschaffen. Dat war éischter mat punktuellen Adaptatioune geduecht, mee ech kommen ëmmer méi zur Conclusioun, datt mir vill méi wäit musse goen", seet d'Sam Tanson. Et kéint een zum Beispill méi prezis op d'Besoine vun de verschiddene Secteuren anzegoen, oder méi kloer Reegele fir Kontrakten tëschent Artisten a Kulturhaiser definéieren. "Wat ass mat enger Commande, déi a sou engem Fall ofgesot gëtt, déi awer vum Ministère subventionéiert ginn ass?"

Verschidden Haiser am Theatersecteur hätten annuléiert Projeten, déi subventionéiert waren, direkt ausbezuelt, seet d'Anne Simon, "wat en extrem faire Geste war". Aner Haiser wiere méi zeréckhalend gewiescht, an et hätt een eréischt no zéien Diskussiounen als Kënschtler eppes kritt. Verschidden Haiser kéinte sech dat net leeschten, seet de Maxime Bender. "Well se deemno wéi och eng Verantwortung vis-à-vis vun engem Verwaltungsrot hunn, an net einfach kënne soen, ech ginn dir awer déi Suen, och wann et net stattfonnt huet."

Obwuel d'Kulturassisen, déi fir den 29. Juni geplangt waren, verluecht goufen, bräicht een eng breet Diskussioun doriwwer, wéi deene betraffene Leit och laangfristeg gehollef kéint ginn, seet d'Sam Tanson.

Solidaritéit am Kultursecteur

D'Federatiounen AAPL, ACTORS, ALTA, ASPRO a LARS hu sech an der Kris zu engem Grupp zesummegeschloss. De Yasin Özen hëlleft fir dee Grupp ze koordinéieren. Hien ënnersträicht, datt d'Initiativ aus enger Situatioun eraus geschafe gouf, "wou Informatioune rar waren", an datt een eréischt am Ufank wier.

Datt d'Museker an deem Grupp net vertruede wieren, läit dem Maxime Bender no dorun, datt et an der Musek vill Indianer géife ginn, awer keen Häuptling. Duerch d'Kris wiere vill Leit sech awer méi nokomm. Als Beispill nennt hien déi sëllegen online-Aktiounen, wouduerch Museker aus ganz verschiddene Genrë sech austauschen.

D'Kris géif weisen, datt et en Echange kéint ginn tëschent alle Bedeelegten, seet de Yasin Özen. Hie géif sech wënschen, datt déi Solidaritéit och iwwer d'Kris wäert erausgedroe ginn.

Ass dat nach Konscht?

D'Anne Simon inzenéiert am Confinement mam Kollektiv Volléksbühn grouss Klassiker online. Dat wier am Ufank witzeg gewiescht, mee et wiere "Fangerübungen".

"Du bass virun allem mat der Technik amgaang ze wurschtelen, vill méi wéi datt s de kanns e Schauspiller dirigéieren oder e reellen, kreativen Echange hunn." Dofir stellt si d'Fro: Ass et iwwerhaapt Konscht? "Et ass Kultur, jo! Et ass eng Ausdrocksform, jo! Et ass eng Reaktioun op dat, wat grad passéiert, jo!" Mee den artisteschen Deel wier esou kleng an artifiziell, datt si keng Äntwert op déi Fro hätt. "Dat ass dee Moment, wou ee vläicht gesäit, firwat et Techniker ginn", seet de Yasin Özen. "Mir si jo do fir dem kreativen Deel vu Projeten dee Raum ze ginn, fir dat Kreatiivt ze maachen."

Ausserdeem gesäit d'Anne Simon eng Gefor fir d'Wäertschätzung vun der Konscht, wann elo villes gratis an online ugebuede gëtt.