Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mohamed Mbougar Sarr gewënnt de Prix Goncourt

Literatur

Mohamed Mbougar Sarr gewënnt de Prix Goncourt

De franséische Literaturpräis Prix Goncourt gouf gëschter un de senegaleseschen Auteur Mohamed Mbougar Sarr fir säi Roman "La Plus Secrète Mémoire des hommes" iwwerreecht. De Prix Goncourt ass de wichtegste Literaturpräis a Frankräich an normalerweis gewannen en franséisch Auteuren, déi vu grousse Verlagshaiser editéiert ginn. Bei dëser Editioun vun der Zeremonie huet sech munches geännert, mengt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn.

auto_stories

3 min

Nodeems de Prix Goncourt lescht Joer Covid-bedéngt iwwer Videokonferenz annoncéiert ginn ass, huet sech d'Akademie mam Laureat wéi gewinnt am Restaurant Drouant am 2. Arrondissement zu Paräis getraff. Mee dat ass och dat eenzegt, wat dëst Joer un der Präis-Zeremonie "normal" war.

E wëllt Mosaik

De Laureat heescht Mohamed Mbougar Sarr, ass 31 Joer al a kënnt aus dem Senegal. Seele gëtt de Prix Goncourt u sou jonk Auteur iwwerreecht a fir déi éischte Kéier ass de Gewënner e Senegales. Seng lescht Romaner handelen iwwer den Dschihadismus (Terre ceinte am Joer 2015), iwwer d'Migratioun (Silence des chœurs am Joer 2017) an iwwer déi prekär Situatioun vun Homosexueller a sengem Land (De purs hommes, 2018).

Säi läscht Wierk "La Plus Secrète Mémoire des hommes", mat deem hien elo déi wichtegst franséisch Literaturauszeechnung krut, ass eng fiktiv Enquête iwwer d'Verschwanne vun engem afrikanesche Schrëftsteller. De Protagonist, e jonke senegaleseschen Auteur zu Paräis, stéisst op e Buch vum T.C. Elimane aus dem Joer 1938 a mécht sech op d'Sich no Indizien iwwer säi mysteriéist Verschwannen.

De Roman baséiert op enger realer Geschicht; déi vum Yambo Ouologuem, en Auteur aus dem Mali, deen am Joer 1968 de Prix Renaudot gewonnen huet. Spéider, wou hie Plagiat virgeworf krut, ass en einfach zeréck an de Mali geflunn, ouni sech zu der Affär positionéiert ze hunn.

D'Geschicht gëtt dobäi seelen direkt aus der Perspektiv vum Protagonist erzielt. De Roman ass e wëllt Mosaik aus Tagebuchsauszich, Textpassagen aus der Press an eenzelen Erzielunge vu sengen Affären.

De Lieser kritt doduerch en interessanten Abléck an d'Welt vun afrikanesche Schrëftsteller zu Paräis. Domadder huet d'Académie Goncourt och an Hisiicht vun der literarescher Form en onkonventionelle Choix getraff.

E Schrëtt an eng nei Richtung?

De Roman gëtt vum klenge Verlag Philippe Rey a vum senegalesesche Verlagshaus Jimsaan editéiert. Normalerweis gewannen de Prix Goncourt ëmmer déi dräi nämmlecht Verlagshaiser: Gallimard, Grasset a Seuil. Sarkastesch gëtt dowéinst vu "Galligrasseuil" geschwat. De Choix vun der Jury war dëst Joer deemno och e wichtegt Zeeche fir kleng Verlagshaiser, déi oft net d'Moyenen hunn, sech an der Librairie eng Plaz ze verschafen.

Dem Prix Goncourt gëtt och oft virgeworf, iwwer d'Joren Stëbs agefaangen ze hunn. Ze oft géinge wäiss, al Fransouse gewannen, der Jury géing et u Rotatioun feelen a zanter iwwer 100 Joer, wou et de Literaturpräis gëtt, hätten insgesamt nëmmen 12 Frae gewonnen. De Prix Goncourt steet doduerch am klore Kontrast zum englesche Booker Präis, dee besonnesch fir säi Modernismus a seng Weltoppenheet gelueft gëtt.

Déi verstuerwe Schrëftstellerin an eemoleg Member vun der Academie Goncourt, Edmonde Charles-Roux, sot emol am Interview: "L'Académie Gancourt est une chose superbement française". De renomméierte Literaturpräis huet gëschter mam Mohamed Mbougar Sarr bewisen, datt Frankräich och aner Gesiichter huet, wéi dee vum traditionelle Paräisser Litterär.