Belval Neie Sëtz fir Esch 2022?

D'Koordinatioun vun Esch 2022 kéint méiglecherweis an déi al Gebléishal um Belval eraplënneren. Dat aalt Industriegebai soll eng nei Attributioun kréien. Dat fuerdert den Aarbechtsgrupp Eise'Stol, dee sech mat der Kandidatur vum Minett befaasst fir op d'Lëscht vun UNESCO - Man and Biosphere gesat ze ginn.

Paule Rodesch / cbi

Hall des soufflantes
D'Koordinatioun vun Esch 2022 kéint an d'Gebléishal plënneren. Foto: Flavia Camilleri

Déi al Gebléishal op der Schmelz um Belval, déi ëmmer eng zentral Funktioun um Site gehat hätt, sollt och weiderhin am Mëttelpunkt stoen. Dofir ass d'nächst Woch, den 1. Mäerz, eng Konferenz zu deem Thema um Belval, bei där och de Public gefuerdert wier, seng Meenung mat afléissen ze loossen, seet de Coordinateur vum Aarbechtsgrupp Eise'Stol a fréiere Coordinateur vum Kulturjoer 2007, de Robert Garcia.

Déi al Gebléishal misst ee Genre Agora ginn, wou verschidden Domainer, wéi beispillsweis Konscht, Musek, eventuell e Musée an och Geschäfter, géifen zesummefannen.

Kuerzfristeg kéint d'Hall des soufflantes och als Sëtz fir d'Koordinatioun vun Esch 2022 déngen. Am Juni kéint deen Aarbechtsgrupp deemno schonn an d'Gebailechkeeten eraplënneren. Den Zoustand vun der Hal géif dëst och erlaben, sou de Robert Garcia.

Wéi bal allen Industriegebaier misst een natierlech awer Upassungen a Renovatioune maachen. Déi kéinten och no 2022 net ofgeschloss sinn. Dofir sollt d'Regierung en Investitiounsplang bis 2025 op den Dësch leeën.


D'Paule Rodesch am Panorama, den 22. Februar um 7 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Nancy Braun
Kulturhaaptstad

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet, ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. D'Generaldirectrice iwwer den aktuelle Stand.

Claude Frisoni
Europäesch Kulturhaaptstad

Hie schätzt d'Aarbecht vun de Coordinateure fir de Projet Esch 2022. Dat seet de Claude Frisoni, de fréiere Coordinateur vu Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad 1995. D'Politiker sollte sech net an de Projet amëschen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen