Radioen

On air

Notturno  |  Jonathan Wilson - Marzipan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nos Cahiers feiere 40 Joer

Kultur

Nos Cahiers feiere 40 Joer

Déi kulturell Zäitschrëft aus dem Verlagshaus Saint-Paul gouf 1980 gegrënnt. Hiren Anniversaire feiert déi vum Georges Goedert geleete Publikatioun mat enger Duebelnummer vun 250 Säiten.

auto_stories

4 min

Als parteipolitesch onofhängeg mee dem chrëschtlechen Humanismus verschriwwen, allgemeng oppe fir eng respektvoll Debatt, virausgesat, déi ausgedréckten Iddie beweege sech am Kader vun der Vernonft, dem gesonde Mënscheverstand, der Legalitéit. Esou definéiert sech d'Linn vun "Nos Cahiers", eng Zäitschrëft, déi zanter 1980 besteet a véier Mol d'Joer erauskënnt.

Geleet gouf se noenee vum Pierre Grégoire, vum Christian Calmes a schonn zanter 25 Joer vum Georges Goedert. ''Nos Cahiers'' sinn an d'Fousspuere vun enger anerer kultureller Publikatioun getrueden, nämlech ''Academia'', déi wärend dem Éischte Weltkrich vum kathouleschen Akademiker-Veräin AV/ALUC gegrënnt gi war.

Och Kulturzäitschrëften hunn et schwéier

Haut gëtt et zu Lëtzebuerg méi gehuewe Kulturzäitschrëfte wéi an de vergaangene Joerhonnerten, stellt de Léon Zeches an engem kuerzen historeschen Iwwerbléck fest. Allerdéngs wieren d'Abonnentenzuelen esou niddreg, datt se dem Niveau vun deene Verëffentlechungen an der Ustrengung dohannert kaum Rechnung géifen droen. A sengem Virwuert warnt de Georges Goedert deemno och virun der Tendenz, datt ëmmer manner Zäitschrëften an Zeitunge gelies ginn, souwuel op Pabeier wéi och an digitaler Form: et wier een also méi wéi jee op den Interessi vun de Lieser ugewisen.

''Nos Cahiers'' setze sech och dës Kéier aus der gewinnter Mëschung vu méi kuerzen a méi laangen Artikelen zesummen, aus kulturellen Aufsätz am breede Sënn vum Wuert, mee natierlech och aus reng literareschen Texter. Fir Kontributiounen aus dem Beräich Lyrik suergen d'Friederike Migneco, d'Karin Jahr, de Paul Lanners an de Frank Drees.

D'Schrëftstellerin Milly Thill publizéiert den zweeten Deel vun hirem Text ''Mäin Amerika'', an deem si a Lëtzebuerger Sprooch d'Bezéiunge vun hirer Greiweldenger Famill mat de Vereenegte Staaten erzielt. De Frank Colotte setzt sech mam viru 60 Joer an engem Autosaccident déidlech verongléckten Albert Camus auserneen. Méi genee gëtt dem Schrëftsteller a Philosoph seng Roll als Zitat ''conscientisateur pour notre temps'' beliicht.

Wéi déi ''Lëtzebuerger'' EU-Institutiounen op der Kipp stoungen

Déi zwee längsten Texter an der neister Editioun vun ''Nos Cahiers'' si politesch respektiv sozio-politesch Etüden. An där éischter setzt sech de Fons Theis mat der Fusioun vun den europäeschen Exekutiven an de 1960er Joren auserneen, eng kruzial Zäit, an där d'Roll vu Lëtzebuerg als Siège vun den haitegen EU-Institutiounen zementéiert gouf. Fir Iwwerschneidungen tëschent der CECA, der Euratom an der Europäescher Gemeinschaft aus der Welt ze schafen, war deemools d'Iddi opkomm, d'Exekutive vun dëse respektiven Institutiounen an engem Akt vun administrativer Vereinfachung mateneen ze fusionéieren.

Well hei zu Lëtzebuerg déi Héich Autoritéit vun der CECA, also der Europäescher Gemeinschaft fir Stol a Kuel ugesidelt war, wollten déi respektiv Lëtzebuerger Regierungen esou eng Fusioun ëm all Präis verhënneren. Et war d'Angscht, d'Arbed géif d'Kontroll iwwer dëst Decisiouns-Instrument verléieren, an och, datt Lëtzebuerg allgemeng politesch manner Bedeitung kréich. Um Enn gouf d'Fusioun vun den Exekutiven duerchgesat.

Allerdéngs krut Lëtzebuerg dofir Kompensatiounen, ënner anerem de permanente Sëtz vum Europäesche Geriichtshaff, vun der Europäescher Investitiounsbank oder nach d'Garantie, datt europäesch Ministerréit-Sëtzungen dräi Méint am Joer hei am Land géifen ofgehale ginn. De Fons Theis, deen deemools selwer als héije Beamten aktiv war, erzielt d'Kulisse vun dëse Verhandlungen.

De Schong dréckt bei der Verdeelung vum Räichtum

Am zweete laangen Text vun "Nos Cahiers" analyséiert de Wirtschaftswëssenschaftler Gérard Trausch déi sozio-ekonomesch Ongläichheeten zu Lëtzebuerg an enger Laangzäitperspektiv. Inegalitéite goufen et hei am Land souwuel an der virindustrieller, der industrieller wéi och an der haiteger post-industrieller Zäit, esou de Constat. Allerdéngs hu se sech zesumme mat de gesellschaftlechen Entwécklunge verännert.

D'Enn vun der traditioneller Famill, den Individualismus, d'Globaliséierung, den Triumph vun der Finanzplaz, d'Zerbréckele vum Kompromëss tëschent Patronat a Salariat, dee wärend den ''Trente glorieuses'' fir de sougenannte ''soziale Fridde'' gesuergt hat, an déi parallel Erosioun vum Elektorat vun CSV an LSAP, déi dëse Kompromëss politesch verkierpert haten, een ëmmer méi groussen Aarmutsrisiko, een Zouspëtze vun den Ongläichheeten, d'Auserneefale vum sozialen Zesummenhalt, d'Tendenz zum Populismus ... Dat alles zeechent dat aktuellt Gesellschaftsbild aus.

Et versteet sech vum selwen, datt dem Gérard Trausch seng nuancéiert Analys kee Lueflidd op den aktuelle System ass. Ouni elo eng Léisung ''clé en main'' unzebidden, weist den Auteur awer wou de Schong dréckt, dat heescht, wou déi politesch Debatt prioritär unzesetzen hätt: net bei der Schafung vu Wirtschaftswuesstum, mee bei der méi fundamentaler Fro vun der Verdeelung vum Räichtum, dat heescht bei der Fro vun den Inegalitéiten.