Radioen

On air

Thé Dansant  |  Fleetwood Mac - Black Magic Woman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Garofalo géint den "heterosexuellen, wäissen Theater"

Theater

Garofalo géint den "heterosexuellen, wäissen Theater"

Den Olivier Garofalo, Lëtzebuerger Dramaturg um ETA-Hoffmann-Theater zu Bamberg, huet am Kader vu senger Autoreresidenz am TNL eng "Ried vum Theater" geschriwwen. Mat vill kloren Iddie fir d'Bühnen hei am Land.

auto_stories

5 min

Wéi gesinn ech den Theater? Wat gesinn ech am Theater a wat bedeit dat fir meng eegen Aarbecht? Déi Froe stellt den Olivier Garofalo sech a senger "Rede vom Theater", enger Optragsaarbecht am Kader vu senger Residenz am Théâtre national du Luxembourg. Hie mecht awer direkt kloer: eng ausféierlech Äntwert op déi Froen, kéint hien net ginn a wann, dann dierft se net a Stee gemeesselt sinn. Den Theater ass dynamesch, seet hien, an dat, wat haut nach vu Bedeitung ass, ka muer schonn iwwerholl sinn.

Den Olivier Garofalo seng "Rede vom Theater" liest sech dowéinst manner wéi eng Kritik, an ëmsou méi wéi e Beliewe vun der Diskussioun ëm déi aktuell Situatioun an der Lëtzebuerger Theaterwelt.

"Räif fir sämtlech Forme vun Theater"

Den Olivier Garofalo freet sech, zum Beispill, firwat déi eenzel Lëtzebuerger Theatere keng méi schaarf Profiller hunn. Am Moment géifen sech déi verschidden Theaterhaiser net richteg vuneneen ënnerscheeden. Den Off-Theater – also fräien Theater – géif eng Schäerfung vun de Profiller fuerderen a wär ënner anerem och ästhetesch konstruktiv.

Lëtzebuerg ass awer dem Olivier Garofalo no, zeideg fir den Off-Theater. "Lëtzebuerg ass räif fir sämtlech Forme vun Theater déi et ginn oder nach mussen erfonnt ginn", sou den Dramaturg. Wichteg wier just, datt Lëtzebuerg äi "Mannerwäertegkeetskomplex géif ofleeën". Well d'Land hätt eng räich Theaterzeen mat ganz intelligenten an talentéierte Kënschtler. "Wa mer erkennen, datt hei eng Plaz ass, wou sech souvill Kulturen treffen, da kënne mer hei een Theater entwéckelen, deen Impulser ka ginn, fir een europäescht Theaterverständnis".

Interkulturalitéit keng Fro vu Sprooch

Apropos interkulturellen Theater: Deen dierft sech net just iwwert d’Sprooch definéieren. A senger "Rede vom Theater" geet den Olivier Garofalo ganz explizit op dës Thematik an a weist, datt eis Villsproochegkeet net onbedéngt der reeller Interkulturalitéit gerecht gëtt, an datt et et Forme ginn, déi absolut näischt mat de Sprooch ze dinn hunn, déi en interkulturellen Theater awer méiglech kënne maachen. "Vill Kulturen déi zu Lëtzebuerg present sinn, ginn net am Theater representéiert, grad wéi wann se net zu eiser Gesellschaft géife gehéieren", mengt den Olivier Garofalo. Et wier wichteg "d'Bühn opzemaache fir Theaterkënschtler aus ganz anere Kreesser".

Domat mengt hien och, datt Schauspiller missten op d'Bühn kommen, déi net Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch schwätzen. "Natierlech weess ech dann als Dramaturg, Regisseur oder Intendant net direkt wéi esou een Owend sollt ausgesinn. Mee dat ass jo grad d'Erausfuerderung an d'Recherche, déi mer ufänken", sou de Garofalo. Hie gëtt d'Beispill vum Maxim-Gorki-Theater zu Berlin, een Haus wat ähnlech Projeten lancéiert huet, an Ufanks dofir net nëmme Luef kritt huet. "Mee elo ass et de post-migranteschen Theater par excellenec", gëtt den Olivier Garofalo ze bedenken.

Hie proposéiert, fir och zu Lëtzebuerg an esou eng Richtung ze goen, an zwar mat engem festen Ensembel. "Dat musse keng 16 Leit sinn, véier bis fënnef Leit fir den Ufank ginn duer, mat deene mer probéieren iwwert eng Saison ewech, eng interkulturell Theaterform ze entwéckelen, an da kucke mer wat dobäi erauskënnt, an dann diskutéiere mir weider", sou seng Propos.

Heterogeneitéit och am Publikum

An do gëtt den Olivier Garofalo och kloer kritesch. Theaterleit misste léieren d'Gesellschaft an hirer Heterogeneitéit ze erkennen, fir se dann op der Bühn kënnen duerzestellen. Grad dat wier d'Essenz vum Fonctionnement vum Theater. "Och am Publikumsraum muss déi Heterogeneitéit ze fanne sinn, mee ech sinn der Meenung, datt dat de Moment nach net oder op mannst net genuch geschitt".

Zesummenaarbecht mat Immigranten a virun allem mat Refugiéë misst och ganz anescht ugepaakt ginn. Ze Lëtzebuerg hunn dës Bevëlkerungsgruppe souwisou ganz wéineg Bühnepresenz a wann, datt ass och oft just d’Problematik vum Krich a Flucht de Sujet. Des Leit ginn ganz oft op hir aktuell Liewenssituatioun reduzéiert, bedauert den Olivier Garofalo.

"Mir mussen ophalen ze denken, datt mir d'Problemer vun deene missten thematiséieren. Et geet net drëms vu Moies bis Owes Problem-Stécker ze maachen". Flüchtlingen hätten ee Problem, well et Krich gëtt a well si op der Flucht sinn. Mee doriwwer eraus hätten si nach aner Geschichten ze erzielen. "Mir sollten éischter eng Dir opmaachen a Forme fannen, fir vläicht och dat Positiivt mol eng Kéier ze weisen".

"Dat kann et jo awer net sinn!"

Den Olivier Garofalo schwätzt kritesch vun engem "heterosexuellen, wäissen, europäeschen Theater". "Wann ech esou een Theater maachen, dann denken ech net dorun, datt ech onbedengt muss ee Problem thematiséieren. Mee wann ech mech em een aner Kulturkrees këmmeren, da muss ëmmer ee Problem op d'Bühn – dat kann et jo awer net sinn!".

Den Olivier Garofalo plädéiert och ganz energesch fir den Ensembel-Theater. Zu Lëtzebuerg géifen et vill Kënschtler ginn, déi probéiere vum Theater ze liewen. Méiglechkeeten hätt déi Lëtzebuerger Theaterwelt also genuch. Den Olivier Garofalo weist och drop hinn, datt och kleng Ensembelen a méi Theateren eng Optioun kënne sinn. "De Witz bei der Saach ass, datt et dorëms geet, mat engem Ensembel iwwert eng méi laang Zäit zesummen eppes ze entwéckelen, eng gemeinsam Ästhetik zum Beispill, an engem Haus ee Profil ze ginn, deen eendeiteg ze erkennen ass". Wann een an engem Ensembel iwwert eng ganz Saison zesummeschafft, géif ee léieren un engem Strang ze zéien.

Eng Relatioun mam Zuschauer opbauen

E weideren, wichtege Sujet, deen den Olivier Garofalo uschwätzt, ass den interaktiven Theater. D’Relatioun tëschent der Bühn an dem Zuschauerraum wär fir hien a senger Aarbecht als Dramatiker ganz wesentlech.

"Et geet net drëm den Zuschauer op eemol zum Acteur ze maachen, an net méi weess wien hien ass. Den Zuschauer soll dat bleiwen wat hien ass, an den Acteur och. Et geet awer drëms ee Gefill vun der Bühn erofzeschécken un den Zuschauer an him ze vermëttelen, datt hie gemengt ass, datt et ëm säi Liewen geet an datt et net duergeet d'Aen zouzemaachen an dem Text nozelauschteren".

A senger 38-säiteger Publikatioun "Rede vom Theater" (Centre national de littérature) sinn di verschidden Aspekter vill méi detailléiert developpéiert.