Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philip Roth - e Portrait

Literatur

Philip Roth - e Portrait

De Philip Roth ass mat 85 Joer gestuerwen. Hie war zanter Joren ee vun de Favoritte fir de Literaturnobelpräis. Zu Liefzäite krut hien de Präis awer ni. Den eminente Vertrieder vun der amerikanescher Nokrichsliteratur war bekannt fir säi bëssegen a vulgären Humor. "Portnoy's Complaint" huet e Skandal ausgeléist.

auto_stories

4 min

A senge méi wéi 30 Wierker ass d'Sich no der Identitéit ëmmer erëm d'Haaptthema. De Philip Roth ass 1933 an der klenger amerikanescher Uertschaft Newark an New Jersey gebuer ginn. Newark war deemools an ethnesch Enklaven agedeelt: Däitsch, iresch, italienesch, afroamerikanesch a jüddesch Quartieren.

Et ass eng bedeitend Uertschaft am Roth senger Literatur. Seng Protagonisten - virun allem den Nathan Zuckerman, dem Roth säin Alter Ego - stamen aus Newark. Mee net just d'Stiedchen, mee och dem Roth seng jüddesch Originnen an de Mëttelstand an Amerika sinn d'Sujeten, déi an all Wierk erëm kommen.

Vulgären Humor an onverblimmt Sprooch

D'Sich no der Identitéit als Judd an engem modernen Amerika, d'Assimilatioun an d'Individualitéit sinn d'Theme ronderëm de jonken Oscar Freedman, de Protagonist an der éischter Kuerzgeschicht vum Philip Roth, déi 1958 publizéiert gouf.

De Roth entwéckelt sech séier zu engem affirméierte Schrëftsteller, deen 1969 mat sengem Roman "Portnoy's Complaint" ee klenge Skandal ausléist. "Portnoy's Complaint" ass den Optakt zu enger Serie iwwer verkorkste männlech Figuren an hier intiimst Obsessiounen.

Wat dem Roth seng Literatur sou besonnesch mécht ass net just d'Thematik, déi hie behandelt, mee virun allem säi bëssegen, mat Momenter vulgären Humor. An déi onverblimmt an direkt Sprooch, déi déi no baussen deelweis prüd amerikanesch Mëttelschicht, déi am Zentrum vum Roth senge Romaner steet, schockéiert huet.

"Imaginez la chose : supposons que je me décide et que j'épouse A avec ses délicieux nichons et ainsi de suite, qu'arrivera-t-il lorsque B, qui en possède d'encore plus délicieux -ou en tout cas de plus nouveaux- fera son apparition ? Ou C, qui a une façon spéciale de remuer son cul, dont je n'ai encore jamais fait l'expérience ; ou D, ou E, ou F. J'essaie d'être sincère vis-à-vis de vous, Docteur -parce qu'avec le sexe l'imagination humaine galope jusqu'à Z et ensuite au-delà !"

Fiktiven Alter Ego

De Portnoy war zu dem Zäitpunkt déi bedeitendst Figur am Philip Roth senger Prosa. Mam Nathan Zuckerman kreéiert den Auteur ee Personnage, op deen och di schwedesch Akademie vum Literaturnobelpräis opmierksam gemaach gëtt.

De Zuckerman ass net just e Protagonist am Roth senger "amerikanescher Trilogie", déi mat "The Ghost Writer" den Optakt mécht an 1979 publizéiert gëtt. De Zuckerman entwéckelt sech esouwäit zum Roth sengem Alter Ego, datt et hien ass, deen duerno an enger ganzer Rei vu Romaner den Erzieler ass. Méi genee an zéng Wierker trëtt de Schrëftsteller op. Hie schreift souguer Bréiwer un de Philip Roth, wou hie sech mam Schreifstil vum reelle Schrëftsteller ausenanersetzt. "Ihr Medium für die wirklich gnadenlose Ausweidung, Ihr Medium für echte Selbstkonfrontation, bin ich."

Trotzdeem gesäit de Philip Roh säi fiktiven Alter Ego net als sech selwer. Wann hien iwwert an aus dem Zuckerman senger Siicht geschriwwen huet, dann hätt hie sech gefrot, wat de Zuckerman géif dozou soen, an net, wat de Philip Roth géif dozou soen. An hie géif et och vill méi interesséieren, wat de fiktive Personnage géif denken a maachen an net dat, wat hie selwer iwwerleet, esou de Philip Roth. De Zuckerman wär ee Virbild fir all jonke Schrëftsteller. Hien hätt leider ni ee Zuckerman gehat, esou de Philip Roth weider.

"Schluss mit dem Schreiben"

De Nathan befaasst sech natierlech och mat de Suerge vun engem Schrëftsteller, fillt sech agespaart an den Erwaardunge vu senge Lieser, sengem Editeur a schlussendlech och den eegenen.

"Hat man einmal mit dem Schreiben begonnen, dann fühlt man sich ständig eingeschränkt. Man ist an ein Thema gebunden. Es muss plausibel sein. Man muss ein Buch daraus machen. Wer praktisch jede Minute an die eigenen Grenzen erinnert werden möchte, der kann sich keinen besseren Beruf aussuchen. Daher: Schluss mit dem Schreiben. Schluss mit dem Kritisiert werden!"

Hien hätt 2012 Fridden a Rou wëlle fannen, esou de Philip Roth. Hien huet dunn och - zwee Joer no der Publikatioun vu sengem Roman "Nemesis" - opgehale mat schreiwen. Engem Wierk dat - wéi schonn traditionell beim Roth - ganz kontrovers beschwat ginn ass.