Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si drénken an hu keen Job"

Cineast

"Si drénken an hu keen Job"

Mat der Onofhängegkeet vu Litauen wiere grouss Kontraster am Land entstanen, esou d'Eglé Vertelyté. Bis haut hätte vill Leit Schwieregkeete sech z'adaptéieren. An hirer satirescher Komedie "Miracle" (Stebuklas), déi an der offizieller Competitioun vum CinEast-Festival leeft, setzt déi litauesch Realisatrice sech mat de soziale Konsequenze vum Zesummebroch vun der Sowjetunioun auserneen. Am 100,7 Interview gëtt si een nostalgeschen Abléck an hiert Liewen an Aarbecht.

auto_stories

3 min

D'Eglé Vertelyté wier nach ëmmer u Geschicht interesséiert gewiescht. De Bachelor an deem Fach hätt der litauescher Realisatrice dann och gehollef de Film "Miracle" (Stebuklas) ze schreiwen.

"D'Geschicht vu mengem Land war fir mech ëmmer immens interessant. Während mengem Studium hunn ech awer gemierkt, datt ech am Fong méi un de Geschichte vun eenzele Persounen interesséiert sinn, dofir hunn ech decidéiert, Filmer ze maachen. Trotzdeem huet de Geschichtsstudium mir bei de Recherchë fir mäi Film gehollef, sou wousst ech, wou ech kucken sollt, a wat ech liese sollt."

1990, de Moment vun der Onofhängegkeet vu Litauen, war d'Realisatrice grad eemol siwen Joer jonk. D'Transitioun vum Kommunismus zum Kapitalismus wier ee laange Wee gewiescht an hätt deemno wichteg Jore vum Eglé Vertelyté hirem Liewe beaflosst.

"Wichtegst Period am Liewen"

"Ech sinn an enger klenger Stad Šiauliai a Litauen opgewuess. Ech hu ganz vill Souvenire vun deemools, well et war déi wichtegst Zäit a mengem Liewen, et war dee Moment, wou ech mech zu engem richtege Mënsch entwéckelt hunn. Ech erënnere mech un eng Zäit voller Kontraster. Vill Leit goufen op eemol räich, anerer hate Problemer z'iwwerliewen. Op eemol koumen nei Leit an d'Land, nei Glawensrichtungen an nei westlech Saache wéi zum Beispill Plastikstuten, Knätsch oder Zigaretten. Alles dat war fir eis wéi e 'Wonner'."

Plastikstuten, Knätsch oder Zigaretten

Mat der Zäit hätt een awer gemierkt, datt net alles sou schéi wier, wéi et ausgesäit. Zum Beispill hätt een duerno erausfonnt, datt d'Plastikstuten eigentlech ëmweltonfrëndlech sinn.

"Am Ufank waren d'Leit iwwerzeegt vum Kapitalismus, si hu gemengt, alles wat aus dem Weste kënnt wier gutt, déi aus dem Weste kommen, fir eis ze hëllefen."

Duerno hätte si gemierkt, datt weder de Kapitalismus, nach de Kommunismus géing funktionéieren, esou d'Eglé Vertelyté. "Mir mussen eisen eegene Wee fir z'iwwerliewe fannen." Och hautzedaags wieren nach ëmmer vill Leit traumatiséiert, virun allem an der Provënz konnte bis elo vill Leit sech nach net adaptéieren. "Si drénken an hu keen Job."

"Bis haut net adaptéieren"

Déi jonk Leit géifen d'Land verloossen, well et a Litauen keng Zukunft gëtt.

"Et gëtt vill Problemer, wat d'Educatioun ugeet, an déi meescht gutt jonk Leit verloossen d'Land."

Am Film ass d'Haaptprotagonistin d'Irène, eng staark Fra, déi de sowjetesche System net wëll hannert sech loossen. Och haut wieren et d'Fraen, déi net géifen opginn, esou d'Realisatrice. Virun allem a klenge Stied hätt si dacks Frae gesinn, déi sech selwer net erlaben, ze versoen. "Ech mengen, datt eis d'Land vu staarke Frae gedroe gëtt." D'Männer wieren déi Schwaach.

Staark Fraen am Virdergrond

Fir d'Eglé Vertelyté wier et wichteg gewiescht, e Film iwwert d'Zäit vum Zesummebroch vun der Sowjetunioun a Litauen ze maachen. Bis ewell géif et dat nach net esou ginn. Aacht Joer laang huet déi jonk Realisatrice um Skript geschriwwen. Si hätt mam Skript op der Uni evoluéiert. Och d'Realisatioun wier interessant gewiescht. "Miracle" war dem Eglé Vertelyté hiren éischte Film als Realisatrice.

"Ech hat Schwieregkeete meng Distanz ze kréien, nodeems ech esou laang um Skript geschriwwen hunn."

Wisou d'Eglé Vertelyté sech als éischte laange Film eng tragesch Komedie erausgesicht huet, wier ganz einfach well dat hire Liiblingsgenre wier.

"Et gi sou vill Saachen, iwwer déi ee kräische kann, an ech wollt méi eng liicht Approche huelen an et dofir op eng satiresch Aart a Weis maachen."

Interview Eglé Vertelytéplay_arrow