Ausstellung Portugal et Luxembourg

No der Invasioun vun den Nazien hunn eng 45.000 Mënschen Lëtzebuerg Richtung Frankräich verlooss.

Portugal et Luxembourg

Mee och a Frankräich war kee Refuge méiglech. Vill vu hinne konnten a Portugal flüchten an dat huet de portugisesche Konsul zu Bordeaux, den Aristides de Sousa Mendes, méiglech gemaach, well hien de Refugiéë Visaen ausgestallt huet. Ënner de Flüchtlingen ware ganz vill Judden, déi Groussherzoglech Famill an d'Exil-Regierung.

D'Valerija Berdi huet d'Ausstellung "Portugal et Luxembourg", déi am Kräizgang vun der Abtei Neimënster nach bis den 2. August ze gesinn, besicht.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Paul Schumacher
Melting Pol

"Under Construction" heescht d'Installatioun vum Paul Schumacher aka Melting Pol, déi een an der Annex 22 op der Escher Brillplaz elo ka gesinn. D'Valerija Berdi huet mam Kënschtler iwwer säi Wierk geschwat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen