Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschlechkeet als Prinzip

Cineast

Mënschlechkeet als Prinzip

De kosovaresche Film "Eho" erzielt eng Geschicht iwwer perséinlech Relatiounen an deenen de Materialismus keng Roll méi soll spillen, erkläert de Realisateur Dren Zherka am 100,7-Interview. De Film erzielt vun enger Mamm an Däitschland an engem Papp am Kosovo, déi allebéid hir Famill an hir Hoffnung verluer hunn.

auto_stories

3 min

MP: "Echo/Eho" ass als éischt eemol e Film iwwert zwee Länner, Kosovo an Däitschland. Dren Zherka, Dir kommt selwer aus dem Kosovo, lieft awer elo zu Berlin. Wéi vill vun Ärem perséinleche Liewen ass an Äre Film mat agefloss?

DZ: De Film schwätzt iwwert meng Kandheet a wéi ech se erlieft hunn. Zum Beispill, wéi ech d'Alleng sinn an d'Trennung vun der Famill an de Kanner erlieft hunn. De Charakter, deen am Film an Däitschland wunnt, ass mäi perséinlecht Erliefnes, meng Experienz, meng emotional Welt an där ech elo liewen an an där ech an Zukunft liewe wëll. Eng wichteg Welt fir mech. A fir dat ze verstoen, hunn ech missten a meng Vergaangenheet an de Kosovo zréckgoen.

Et ass e Film iwwert d'Identitéit an iwwer perséinlech Relatiounen.

D'Fro ass och: Wat ass Identitéit? Kloer, et gi verschidden Theorien, déi dat wëlle beäntweren. Mä fir mech war et wichteg d'Gemeinsamkeeten an der Virdergrond ze bréngen an net d'Ënnerscheeder. An ech wollt dat um Basis-Niveau vun der Mënschlechkeet weisen. Also wéi mir mateneen ëmginn an eis gären hunn. An déi Basis ass universell an déi wollt ech weisen, andeems datt ech alles wat materiell ass, verschwanne loossen.

Am Film gëtt et een Desequiliber tëschent der Dramatik vum Mann am Kosovo an der Fra an Däitschland. War dat esou gewollt?

Jo, et gëtt einfach en Ënnerscheed, ob eng Persoun an Däitschland lieft oder am Kosovo. Obwuel ech déi materiell a sozioekonomesch Facteure wollt ausschalten, existéiere se trotzdeem. Hie kämpft fir e puer Euro fir z'iwwerliewen, a si huet aner existenziell Suergen. Materiell huet hien aner Suergen. Mä ech wëll am Fong, datt déi zwou Saache sollen onwichteg ginn am Film.

Kontraster gesäit een och um techneschen Niveau vum Film?

Genee, am Kosovo an an Däitschland hate mir ënnerschiddlech Lënsen, en anere Grading, eng anere Ratio an eng aner Kameraféierung. Dat mierkt ee, well et och esou gewollt ass. Et si philosophesch zwou ganz ënnerschiddlech Saachen. An Däitschland benotze mir keen "travelling" a keng "dollies". Et ass awer net esou, datt mir et just am Kosovo méi dramatesch wollte maachen, mä et sinn éischter philosophesch Usätz am Kader vun der Filmsprooch.

Geschwat gëtt jo net vill am Film ...

Jo, ech si kee grousse Fan vun Dialog am Film. Mä hei huet d'Thematik dat esou erginn. Mä ech fannen och, datt een duerch Biller vill méi vermëttele kann.

Am Film ginn et vill Symboler. D'Feier an d'Äsche spillen eng grouss Roll. Huet dat eppes mat der Krichsvergaangenheet vum Kosovo ze dinn?

Jo, also et gëtt vill Symbolik. Mä dat gëtt et an all Film. Mä besonnesch am Kosovo ginn et vill Symboler, déi mam Krich eppes ze dinn hunn. Mä ech wollt mam Film net direkt an d'Vergaangenheet goen, dofir sinn d'Symboler vläicht méi staark. Ech wëll, datt mäi Publikum bewosst matdenkt an datt si de Film emotional als Konscht matkréien. Symboler sinn ëmmer Deel vun enger Filmsprooch.

Sechs Joer hutt Dir um Film geschafft, mat engem Budget vu just 50.000 Euro. Wéi hutt Dir dat fäerdegbruecht?

Et war en immens schwierege Prozess. Zu de sechs Joer gehéieren Entwécklung, Schreiwen, ofgeleent ginn, nees Schreiwen etc ... an och praktesch gesinn hu mir zwee Joer um Film geschafft. Ech hu missten eng Paus tëschent den Dréiaarbechte maachen. A wann een net dee richtege Budget huet, ass dat schwéier. Et war interessant, mä ech wënschen et deene jonke Filmemaacher net. Ech hoffen, si hu méi Chance mat de Suen. Et hu mir och vill Frënn gehollef. Ech sinn elo frou a jiddereen ass frou. Mä dat do mécht ee keng zwee mol an déi nächst Kéier hoffen ech, ee richtege Budget ze hunn.

Dren Zherkaplay_arrow