Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prix Servais: Shortlëscht mat Buchtitele publizéiert

LËTZEBUERGER LITERATUR

Prix Servais: Shortlëscht mat Buchtitele publizéiert

De Servais-Präis zielt zu de wichtegste Literaturpräisser ze Lëtzebuerg. Et ass d'Fondatioun Servais déi zanter 1992 all Joer dëse Präis vergëtt. Ausgezeechent gëtt ee Buch, dat als dat bedeitendst Wierk vum Joer vum Jury consideréiert gëtt.

auto_stories

2 min

De Jury vum renomméierte Lëtzebuerger Literaturpräis "Prix Servais" huet d'Shortlëscht mat de Buchtitele publizéiert.

Nominéiert si fir de Servais-Präis 2023:

Lauschtert déi passend VaLibrairie Episod play_arrow

Zanter 2018 publizéiert de Jury vum Servais-Präis eng Shortlëscht fir op d'Diversitéit an d'Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen an esou zu der Promotioun vun de Schrëftsteller*innen an hire Wierker bei der Lieserschaft an an der medialer Ëffentlechkeet bäidroen. D'Laureatin oder de Laureat vum Prix Servais 2023 gëtt Enn Abrëll annoncéiert. De Präis ass mat 6.000 Euro dotéiert.

De Jury vum Prix Servais 2023 gëtt vum Sébastian Thiltges presidéiert a besteet aus folgende Memberen:

Simone Beck, Fabienne Gilbertz, Odile Linden, Henning Marmulla, Pierre Marson, Alex Reuter, Shari Schenten an Aimée Schultz.