Radioen

On air

Notturno  |  The S.O.S. Band - Take Your Time (Do It Right)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rumänisch ist meine wirkliche Heimat"

Schrëftsteller vum Mount

"Rumänisch ist meine wirkliche Heimat"

"Die Rückkehr des Hooligan - ein Selbstporträt" ass den Titel vum autobiographesche Wierk vum Norman Manea. Den 1936 gebuerene rumänesche Schrëftsteller mécht eng Rees duerch déi rumänesch Literatur. Déi ass grad esou komplex, widderspréchlech, beréiert, erschreckend a räich ass wéi d'Geschicht vun dësem Balkanland. E Land, eng Sprooch an eng Literatur, déi de Norman Manea, trotz sengem Exil, net lassléisst.

auto_stories

5 min

"Mein grandioses Land - das versuchte ich meinem Gegenüber zu beschreiben, die Großartigkeit des Landes Dada, das ich nicht hatte verlasssen wollen und in das ich nicht zurückkehren wollte. Den unaussprechlichen Zauber und die unaussprechliche Scheisse. Wahrscheinlich nicht viel anders als anderorts, aber andere Orte waren mir egal."

Dat grandioost Land ass Rumänien an de Géigeniwwer ass den amerikanesche Schrëftsteller Philip Roth. Mat him verbënnt den Norman Manea net just eng Frëndschaft, mee et ass och dee Mënsch, deen den Norman Manea dozou beweegt huet, 1997 nach emol a Rumänien zréck ze goen. Eelef Joer no sengem Exil, fir säin Syndrom ze heelen. Hien hätt de "Jormania-Syndrom", seet den Norman Manea. En Haass op sech selwer, awer op déi séiss Manéier, ass d'Beschreiwung vun dëser rumänescher Nationalkrankheet.

Antisemitismus an Nationalismus

Hie verweist domat op den Ioan Petru Culianu, de rumänesche Reliounswëssenschaftler a Philosoph, deen 1991 no enger Virliesung op enger Universitéit ze Chicago op der Toilette erschoss gouf. E Mord, deen ni opgekläert ginn ass, an deen eventuell mat deem zesummenhänkt, wat den Norman Manea a sengem Liewen an och a sengem Wierk beschäftegt: Den Antisemitismus an den Nationalismus a Rumänien am vergaangene Joerhonnert.

De Culianu hat déi faschistesch "Eiserne Garde" ënner d'Lupp geholl. Eng Organisatioun, déi sech 1927 forméiert hat a bis um Enn vum zweete Weltkrich offiziell existéiert huet. Hir selwer ernannte Legionäre wëllen déi rietsextrem Iddien, déi si mat radikalem Chrëschtentum a Mystik verbannen, oprecht erhalen. Den Norman Manea behandelt de Fall Culianu a sengem éischter abstrusen a surrealistesche Roman, deen 2012 an der däitscher Iwwersetzung mam Titel "Die Höhle" erauskomm ass.

Assimilatioun oder Iwwergang zum orthodoxe Juddentum?

Nieft dem Culianu ass et awer de Mihail Sebastian, mam richtegen Numm Josef Hechter, deem de Manea vill Plaz a sengem Wierk gëtt, an deem hien och den Titel vu sengem Portrait ausgeléint huet. Mat "Hooligan" ass hei net de fanatesche Fussballfan gemengt. De Mihail Sebastian hat 1934 mat sengem Roman "Seit 2000 Jahren" e regelrechte Skandal ausgeléist. E staark autobiographescht Wierk, an deem de Sebastian d'Fro vum Juddentum an Antisemitismus a Rumänien thematiséiert.

Säi Protagonist, dem Schrëftsteller säin Alter Ego, e jonke Student, fillt sech ëmmer méi antisemiteschen Attacken ausgeliwwert. Hie mécht sech Gedanken, wat méi sënnvoll ass: Eng komplett Assimilatioun oder den Iwwergang zum orthodoxe Juddentum. E Sujet, deen an där Zäit vill an Europa och aner Schrëftsteller beschäftegt huet, wat och den ungaresche Schrëftsteller Karoly Pap a sengem Roman Azarel gewisen huet. A grad wéi de Papp ass och de Sebastian vun der jüddescher Communautéit veruerteelt ginn.

Hei war awer och d'Virwuert e weidere Grond: Den Nae Ionescu, dem Sebastian säi Mentor a Frënn hat e Virwuert an dëst Buch geschriwwen. En anti-jüddescht Pamphlet, ganz am Sënn vun der "Eiserner Garde", zu där hie gehéiert huet. Trotzdeem ass d'Wierk bei chrëschtleche Rumänen och verrass ginn, aus puren antisemitesche Ressentimenter.

"Ich bin kein Partisan, ich bin immer ein Dissident"

Op de ganzen Eclat hin, wat säi Roman ausgeléist hat, huet de Mihail Sebastian en Essay geschriwwen: "Wie ich zum Hooligan wurde."

"Hooligan? Also marginal, unangepasst, ausgegrenzt? Sich selbst einen Juden von der Donau, hatte er klar definiert. Ich bin kein Partisan, ich bin immer ein Dissident. Vertrauen habe ich nur zum einsamen Menschen, zu ihm aber sehr viel Vertrauen. Ein Dissident also auch gegenüber der Sekte der Dissidenten."

An dëser Ausso huet de Manea sech erëm fonnt. Net just d'Donau, och d'Bukowina géif d'Biographie bestëmmen. An och "äussere Gegenschaften" kéinten d'Sprooch, d'Landschaft an de Liewensalter net ophiewen. Dës Gegenschaften si fir de Manea eben all dat, wat him geschitt ass, e Judd sinn an enger extreemst antisemitescher Zäit, e Schrëftsteller an enger Diktatur, e Mënsch am Exil, deen dësen awer ni wollt.

Exil an d'Zeréckkommen

Den éischten Deel vum Wierk ass d'Zäit nom éischten Exil. Dat ass fir de Manea d'Gebuert, an nom Zréckkommen aus dem Lager zu Transnistrien, oder wéi de Manea et nennt "Transtrisitien" dediéiert.

"Die zweite Rückkehr" ass seng Rees op Bukarest am Fréijoer 1997. Als "Dumme Augustin" bezeechent sech den Norman Manea; sech an all déi Leit, déi am Exil musse liewen.

Een, deen néierens hi gehéiert

Et ass eng Uspillung un de Paul Celan, deen op d'Fro, "Was ist die Einsamkeit des Dichters" geäntwert huet: "Eine Zirkusnummer ohne Ansage." Als Clown wieren hien a seng Frënn sech virkomm wéi een, dee sech net un den Alldag upasst, deen iergendwéi néierens hi gehéiert.

Der "dumme Augustin" féiert d'Lieser duerch e Liewen, dat esou villes z'erzielen huet. Mat Roserei an Duussheet, mat Humor an aussergewéinlecher a beandrockender Intelligenz. Den Norman Manea huet a senger Sprooch ouni Heemecht esou vill ze soen, et soll een et net verpassen, dëser Sprooch nozelauschteren, och wann et eng Iwwersetzung ass.