Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sinn ech mäi Selfie?

Liv Strömquist - "Im Spiegelsaal"

Sinn ech mäi Selfie?

Datt mer an der Ära vum Selfie liewen, muss ee wuel net laang a breet erklären. Nach ni hunn d'Mënsche sou vill Zäit domat verbruecht, Biller vu sech selwer ze maachen, unzekucken a mat aneren ze deelen.

auto_stories

5 min

Wien am Alldag Handy a Social Media benotzt, dee kuckt quasi permanent an ee Spigel. Wat dat fir Schéinheetsidealer an de Ëmgang mam eegenen Ausgesi bedeit, freet sech d'Liv Strömquist an hirem neie Buch "Im Spiegelsaal", dat an däitscher Iwwersetzung viru kuerzem beim avant-Verlag erauskomm ass.

Verschidden Aspekter vu Schéinheet

D'schweedesch Zeechnerin huet sech an de leschte Jore praktesch hiren eegene Genre erschaf: de feministesche Sachcomic, wou mat Bezuch op Philosophie, Geschicht a Popkultur Theeme ronderëm Sexualitéit a Partnerschaft an engem frechen, rotzege Stil ënnersicht ginn. U kromme Strécher a knallege Faarwe feelt et ni beim Strömquist, genausou wéi un Theorie-Zitater a Groussbuschtawen a villen Ausruffzeechen.

"Im Spiegelsaal" ass hei keng Ausnam. A fënnef Kapitelen, déi een och wéi fënnef Essaie liese kéint, déi fir sech stinn, diskutéiert d'Zeechnerin verschiddenen Aspekter vun der Schéinheet.

Denkerinnen an Denker wéi René Girard, Susan Sontag, Zygmunt Bauman, Eva Illouz, Hartmut Rosa oder Simone Weil liwweren dem Liv Strömquist Iddien a Stéchwierder, mat deenen hatt mol e genaue Bléck op d'Instagram-Kultur werft a mol bekannt historesch Figuren ënnersicht.

Schéinheetsidealer

Lass geet et mat der Fro, wéi Schéinheetsidealer iwwerhaapt entstinn, respektiv mat der Fro, firwat esou vill Fraen dem Kylie Jenner seng Posts liken an esou ausgesi wëlle wéi hatt. Wat ee wierklech selwer wëllt, erkläert d'Zeechnerin, weess een am Fong seelen, esou datt ee sech un aneren orientéiert.

Et wëll een dat, wat anerer wëllen, a geréit dowéinst an eng Rivalitéit mat hinnen. Esou kënnt et dann, datt op eemol Dënnsinn bei Fraen oder kuerz Hoer bei Männer als attraktiv gëllen a jiddwereen dem Trend noleeft. En Ëmstand, deen an eiser Konsum- a Mediegesellschaft op absurd Spëtze gedriwwe gëtt.

Nu wëllt een awer net nëmme schéi sinn, fir schéin ze sinn, mee Schéinheet huet och eng gesellschaftlech Funktioun. Am zweeten Essai kuckt d'Liv Strömquist zeréck an d'Geschicht, fir erauszefannen, wéi d'Wichtegkeet vum Ausgesinn sech am Laf vun der Zäit verännert huet, speziell wann et ëm Partnerschafte geet. Fir e Bestietnis, dat ass gewosst, ware laang Zäit ekonomesch oder politesch Aspekter méi wichteg wéi Attraktivitéit.

Datt dat haut net méi esou ass, ass fir d'Autorin net onbedéngt eng positiv Entwécklung. Wann d'Ausgesinn zum wichtegste Krittär gëtt fir eng Bezéiung ze hunn, fir geléift ze ginn, bréngt dat eng grouss Veronsécherung mat sech, well de Sex Appeal nu mol näischt Fixes ass, näischt, dat ee sech einfach esou eraussiche kann.

En plus, wéi d'Strömquist an dësem wéineg optimisteschen Deel argumentéiert, huet sech Attraktivitéit quasi verselbststännegt. Och wie guer keng Bezéiung oder Léift sicht, ass ënner dem Diktat vun der Selbstoptiméierung dozou gezwongen, andauernd um eegene Kierper ze schaffen.

Marilyn Monroe vs Kim Kardashian

Et ass awer net alles verluer, wéi d'Zeechnerin am nächste Kapitel mat engem iwwerraschende Verglach tëschent dem Marilyn Monroe an dem Kim Kardashian weist. D'Monroe kennt ee vu ville Fotoen, déi männlech Fotografe vun hir gemaach hunn, déi domat räich a berüümt gi sinn.

D'Kardashian kennt een och vun de ville Selfien, an deenen hatt sech an de soziale Medie selwer inzenéiert. Lo kann ee soen, datt d'Kim Kardashian de männleche Bléck internaliséiert huet, geléiert huet, wéi d'Strömquist et ausdréckt, säin eegene Kierper mat den Ae vun engem "Lustmolch" ze betruechten.

Trotzdeem huet hatt méi Méiglechkeeten, Biller vu sech kontrolléiere an dovunner - natierlech an engem reng kapitalistesche Kader - ze profitéieren, déi dat eng Fra an der 50er Joren net hat.

D'Vergänglechkeet vun der Attraktivitéit

D'Verhältnis zu eegener Attraktivitéit verfollegt d'Zeechnerin dann och am nächste Kapitel, wou et ëm eng vun hire wichtegsten, wann net hir zentral Eegenschaft geet: hir Vergänglechkeet.

Um Cover vun "Im Spiegelsaal" ass d'Stéifmamm aus der Disney-Versioun vu "Schneewittchen" ze gesinn, an hei erzielen elo eng Rei als Kinniginne verkleeten eeler Fraen, wéi et hinnen zanter dem Dag gaangen ass, wou de Spigel hinne gesot huet, datt si net méi déi schéinsten am ganze Land sinn.

Et ass dëst de rouegsten a gelongensten, e bal meditativen Deel vum Comic, wou et och vill drëm geet, Schéinheet anescht ze verstoen a virun dem Zougrëff vu Konsum, soziale Medien a Spéitkapitalismus - dee beim Liv Strömquist vläicht e bëssi ze dacks als Erklärung fir all Iwwel déngt - ze schützen.

Wa Schéinheet eppes ass, wat keen Zweck huet, wat een net besëtzen a net kontrolléiere kann, kann ee sech vläicht méi entspaant zu hir verhalen an sech einfach un hir erfreeën, sou laang se do ass. Carpe diem, eben.

Ëffentlecht a privat Liewen

Um Schluss geet et dann awer erëm zeréck an d'Celebrity-Kultur, déi d'Strömquist esou dacks analyséiert an op d'Schëpp hëlt, mee och hei mat engem Twist. D'Zeechnerin erzielt d'Geschicht vun der éisträichescher Keeserin Sisi, déi fir hir Schéinheet europawäit bekannt an dovun esou obsedéiert war, datt se no hirem 32. Gebuertsdag keng Fotoen oder Portraite méi vu sech maache loosse wollt.

Fir d'Zeechnerin gesi mer hei eng Spaltung tëschent der ëffentlecher an der privater Persoun, där och haut vill Prominenter zu Affer falen, déi hirem Image iergendwann net méi gerecht kënne ginn an depressiv oder aggressiv dorop reagéieren.

E puer Denkustéiss

Allgemeng ass net esou, datt een an "Im Spiegelsaal" schrecklech vill Neies gewuer gëtt. D'Kritik, datt d'Liv Strömquist virun allem Gesellschaftstheorie referéiert, illustréiert a populariséiert, trëfft dëst Buch wuel méi wéi déi virdrun.

Mee der Zeechnerin hir Approche, hir Fäegkeet, déi verschiddenst Saache mateneen ze verbannen an ëmmer erëm duerch Witzer opzelackeren, mécht och aus dësem Comic eng agreabel an informativ Lektür, déi engem vill Denkustéiss liwwert.