Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "The Alchemist" - Den Arthur Unger am Nationalmusée um Fëschmaart

Ausstellung

"The Alchemist" - Den Arthur Unger am Nationalmusée um Fëschmaart

Mat Feier molen? An dat och nach op Blieder aus Koffer-Metall? Genee dat huet de lëtzebuergesche Kënschtler Arthur Unger an de leschte Joerzéngte gemaach. Am Nationalmusée um Fëschmaart kann een an der Ausstellung "L'Alchimiste" eng Selektioun vum Arthur Unger senge Wierker gesinn.

auto_stories

3 min

Arthur Unger (Foto: Tom Lucas)

"Pyrochimiogrammen". Dat sinn dem Arthur Unger seng Kreatiounen, an deenen hie mat Feier a Flam op Kofferplacke gemoolt huet. Well dës Placken esou dënn sinn, raschelen se bei Beweegungen, ewéi zum Beispill am Transport. D'Geräisch vun de Biller kënnt do eleng vun hirem eegene Material.

D'Material an hier Eegenschafte stoungen dem Arthur Unger schonns ëmmer no. Zanter de spéide 60er Jore beschäftegt hien sech domat, wei ee Koffer verännere kann. Oder besser gesot, wei een sech mat, oder um Material ausdrécke kann. Den Arthur Unger ass also een Alchimist dee Konscht mécht.

Psychogrammen - monochrome Wierker

Nieft där neier Technik, déi hie mat Koffer a Flam weiderentwéckelt huet, huet den Arthur Unger och mat Encre de Chine a Waasser experimentéiert. Dës Wierker nennt hie "Psychogrammen". Se sinn alleguer schwaarz-wäiss, a gläichen heiansdo chineesescher Kalligraphie, oder esouguer geographesche Strukturen. De Kënschtler beschreift dës Wierker als flüchteg Trace vum Liewen, déi direkt vun him op d'Molerei eriwwer ginn.

Dës monochrome Wierker, déi mat Tënt a Waasser entstane sinn, stinn de faarwege Kreatiounen aus Koffer a Feier géigeniwwer.

Réckbléck op eng laang Kënschtler Karriär

Mat 92 Joer kuckt den Arthur Unger op eng laang Kënschtler-Karriär zeréck. Am Ufank huet hien an der Lëtzebuerger Konscht-Szene ni richteg Fouss gefaasst, an huet sech als Eenzelgänger an der Konscht gesinn. "Sur la scène artistique de mon pays, je suis plutôt un électron libre", huet den Arthur Unger a säin Notizbuch geschriwwen.

1963 ass hien op Präis geplënnert. Et ass och do wou hie puer Joer méi spéit de renomméierte Konscht-Kritiker Michel Tapié kenneléiert. Béid fleegen eng professionell a frëndschaftlech Relatioun, wat dem Arthur Unger senger Karriär nach méi Opschwong gëtt.

Hien reest bis a Kalifornien a geet an eng sëlleg Konschtatelieren, a flitt och dacks an Afrika. Seng Loscht fir ze Entdecken an ze Erliewen hunn hien dozou bruecht vill Plazen op der Welt besichen ze goen. Hien war besonnesch gären a West- an Zentralafrika ënnerwee, wéi zum Beispill am Senegal, Mali a Kongo. Dës Reese schéngen ëmmer nees am Arthur Unger senge Wierker duerch. Et si Souveniren, déi hien och selwer net lassloossen.

Dem Arthur Unger seng Konscht ass vun der taoistescher Philosophie gekennzeechent. Wa een un säi Gebrauch vu Waasser a Feier denkt, mierkt een dat den Ausgläich hei ee wichtegt Element ass. Dobäi huet och d'Meditatioun dem Arthur Unger vill bäibruecht.