Radioen

On air

Notturno  |  Cabane - Sangokaku

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Other Side of Everything

Filmkritik

The Other Side of Everything

The Other Side of Everything - en aussergewéinlechen Documentaire, deen d'Spaltung vum Land, vu Meeenungen a vu Generatiounen zum Thema huet. Déi jonk serbesch Geschicht gëtt unhand vun enger ganz perséinlecher Geschicht erzielt. Valerija Berdi huet de Film, deen am Kader vum Cinéast-Filmfestival gewise gouf, gesinn.

auto_stories

3 min

Eng zënter 70 Joer zougespaarten Dir ass den Ophänkert vun dësem Dokumentarfilm an d'Heldin ass déi an der Tëschenzäit 72-järeg Srbijanka Turajlic. D'Regisseurin ass hier Duechter, Mila Turajlic, déi mat hei mat hirem zweete Film grousse Succès feiert.

An effektiv ass et eng aussergewéinlech Produktioun. Zéng Joer laang huet d'Mila hier Mamm an hirer Belgrader Wunneng gefilmt, enger Wunneng, déi nom Zweete Weltkrich an zwee gedeelt ginn ass, fir dem Manktem u Wunnengen entgéint ze goen.

Eng Dier, déi aus enger Wunneng der zwou mécht, en Dialog, tëschent der Duechter an enger besonnescher Mamm. E Froen- an Äntwertespill, dat den Zerfall vu Jugoslawien, d'Milosevic-Ära, d'Widderstandsbeweegung Otpor an d'Sich no der Demokratie - déi a Serbien net esou richteg gelénge wëll - beliicht.

Wien ass d'Srbijanka Turajlic?

Si selwer staamt aus enger bourgeoiser serbescher Famill, déi och politesch am ale Jugoslawien, also nach am Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen bedeitend Poste beluecht huet. Si studéiert Mathematik, enseignéiert a Kalifornien an dono op der Belgrader elektrotechnescher Fakultéit.

Si bezeechent sech als Antikommunistin an hiert Engagement géint de System erreecht den Héichpunkt, nodeem de Milosevic a Serbien un d'Muecht kënnt.

Wisou kanns du net eng normal Mamm sinn, wéi all déi aner Mammen, freet d'Mila an d'Srbijanka äntwert, datt si sech huet missen aktiv géint all ondemokratesch Stréimung a Serbien asetzen - aus der Responsabilitéit géigeniwwer der jonker Generatioun.

An hier Aktivitéit gëtt dann och hei am Film direkt gewisen. Nieft dem Gespréich mat der Duechter - et ass just d'Kamera déi tëschent hinne steet, oder si verbënnt - gi passend zum Dialog Archivfilmer vun den Evenementer a Serbien respektiv vum Territoire vum fréiere Jugoslawien gewisen. Sief et den Ufank vum Krich géint Slowenien, dem Milosevic seng Rieden, an den Opstand vun der Beweegung Otpor. Do gesäit een dann d'Srbijanka op der Bühn hier Rieden halen.

E wichtege Film fir Serbien

D'Aktioune vun Otpor (op Lëtzebuergesch: Widderstand) huet ze der Revolutioun a Serbien gefouert, wou net just d'Parlament gebrannt huet, mee och de Milosevic gestierzt ginn ass.

Der jonker serbescher Regisseurin geléngt hei e wichtege Film fir Serbien. Ass ee gewinnt déi lescht Jore virun allem e brutaalt, mënscheveruechtend an depressiivt Bild vu Serbien ze zeechnen, sou gëtt hei eben och déi aner Säit gewisen.

D'Srbijanka Turajlic ass eng Heldin, eng ganz diskret a bescheiden. An hirem Optrieden an dësem Documentaire, eng Fra, déi sech fir d'Fräiheet a géint e korrupten a krichsdreiwende Regimm agesat huet. Si huet hier Aarbecht deemools op der Uni verluer, si hat dat ouni Regret a Kaf geholl. Wat si net a Kaf hëlt ass ,datt sech u sech net esou vill a Serbien geännert huet an do ass dann och déi Dier, déi symbolesch och um Enn eng bedeitend Roll spillt. Si gëtt opgespaart, mee si geet trotzdeem net op, well se och nach zougepecht ass.

Serbien huet vläicht den éischte Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach, mee fir datt ee vun engem demokrateschen a fortschrëttleche Land schwätze kann, muss nach villes opgerappt ginn. Vläicht mat esou Frae wéi der Srbijanka Turajlic, esou Frae brauch Serbien nach ganz vill.