Radioen

On air

Notturno  |  Inborn - Vogue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ulrike Moser - Schwindsucht

Hygiène a Propretéit

Ulrike Moser - Schwindsucht

Keng aner Krankheet huet am 19. an Ufank vum 20. Joerhonnert esouvill Liewe kascht wéi d'Tuberkulos. A keng aner Krankheet hat esou vill Succès an der Konscht an an der Literatur gehat. D'Valerija Berdi huet d'Buch "Schwindsucht" vun der Ulrike Moser gelies - passend zu eisem Thema vum Mount, Hygiène a Propretéit.

auto_stories

5 min

"Der Zeit ihre Pest", schreift den éisträichesche Schrëftsteller Karl Kraus 1920. All Epoch hätt déi Epidemie, déi si verdéngt.

Wann een an d'19. Joerhonnert a bis an d'Mëtt vu 20. Joerhonnert kuckt, dann ass et d'Tuberkulos, déi an Europa eng Onmass un Affer fuerdert. Eng bekannte Krankheet, déi vill Nimm huet a vill bekannten Nimm, déi dës Krankheet haten.

Bekannt ass d'Tuberkulos nach als TBC, déi wäiss Pescht, Phtihsis, Morbus Koch oder op Däitsch och Schwindsucht.

An éier mir elo an déi tuberkuléis Geschicht vun der Literatur, Konscht a Musek kucken, eent nach gesot: Der Weltgesondheetsorganisatioun no ass een Drëttel vun der Weltpopulatioun mat dëser bakterieller Infektiounskrankheet infizéiert, 2015 sinn 1,8 Millioune Mënschen un der Tuberkulos gestuerwen.

"Am Anfang steht Robert Koch." Et war de Wëssenschaftler, deen 1882 den Erreeger entdeckt huet. D'Ulrike Moser geet zimlech detailléiert an d'Geschicht vun der Tuberkulos an, mee et ass den Effekt op d'Gesellschaft vun dëser Krankheet a woumat se associéiert gëtt, wat beandrockt. Esou schreift de Kulturphilosoph a Schrëftsteller Friedrich Schlegel 1795:

"Und keine Krankheit schien den Menschen so interessant zu machen, wie die Schwindsucht."

D'Tuberkulos ass net just interessant, si ass och laang Jore Synonym fir Schéinheet, fir dat Aussergewéinlecht, fir d'Genialitéit an d'Nobless.

D'Tuberkulos war reegelrecht beléift

Dëst Konnotéieren hat mam Ausgesi vun Tuberkulosekranken ze dinn. Et ass keng Krankheet, un där ee séier stierft, et ass e laange Prozess, wou een u Gewiicht verléiert, wou ee vu Liewensfreed erfëllt ass, fir dann den nächste Moment an eng déif Trauer a Liewensonloscht verfält. D'Ursaach vun der Tuberkulos ass an der Passioun, am grousse Liebeskummer a kënschtlereschen Talenter gesi ginn.

Dës Zäit vun der Romantik beschreift den Nietzsche als eng Epoch, an där et net méiglech war Kënschtler ze sinn, ouni krank ze sinn.

Virun allem ass et d'Tuberkulos, déi an de kreative Kreesser reegelrecht beléift ass, de Frédéric Chopin hat grousse Succès bei Fraen, wéinst sengem vun der Tuberkulos ausgemergelte Kierper, den Novalis ass ugehimmelt hunn, wéinst senger bal duerchsiichteger Haut, senge blénkegen Aen an dem schmächtege Kierper - d'Auswierkunge vun der Tuberkulos. Mee och bei de Frae war dat tuberkuléist Ausgesinn e morbid Schéinheetsideal.

Et war een dacks der Meenung, datt virun allem d'Frae fir d'Tuberkulos ufälleg waren, sou schreift de Longendokter Francis Hopkins iwwer "d'Stierwen vum empfindleche Geschlecht":

"Die Zartheit der weiblichen Constitution im Vergleich zu der des Mannes, die Feinheit des Körperbaues, ihr zurückgezogenes häusliches Leben und die Empfänglichkeit ihres Gemüths. Alles trägt dazu bei, sie zur Zielscheibe der tödlichen Pfeile dieser Krankheit zu machen. Es gibt keinen traurigeren Anblick als solch ein weibliches Wesen, das nahe an der Grenze des ehelichen Glücks, sich hülf- und ahnungslos dem unerbittlichen Geschicke unterwerfend, und noch reizend und liebenswürdig bis zum letzten Hauche seines Lebens, wie eine hinwelkende, schon in der Knospe geknickte Blume dahinstirbt."

Beléift an der Literatur

D'Femme fatale a Femme fragile sinn allenzwou Sujet an der Molerei an der Literatur. "La dame aux camélias" vum Alexandre Dumas stierft un der Schwindsucht, de Guiseppe Verdi iwwerhëlt d'Matière da fir seng" La Traviata", dem Puccini seng Haaptfigur Mimi an der "La Bohème" iwwerlieft net wéinst der Tuberkulos, an de Matthias Claudius ass an d'Literaturgeschicht agaange mat sengem Gedicht "Der Tod und das Mädchen", dat de Schubert vertount huet an ënner anerem den Egon Schiele monumental gemoolt huet.

Dem Fontane säin Effi Briest stierft um gebrachenen Häerz an un der Tuberkulos, déi och dem Fontane seng Krankheet ass, grad esou de Carl Maria von Weber, den Niccolo Paganini, de Friedrich Schiller, de Robert Louis Stevenson, den Anton Chechov, den Edvard Munch, de Maksim Gorki, de Franz Kafka an och d'Prinzessin Sissi gëtt virun allem an der Zäit fir hir Schéinheet bewonnert, wou d'Tuberkulos fir d'zweet bei hir ausbrécht. De Franz Kafka schreift sengem Frënd Max Brod:

"Lieber Max, meine Krankheit? Im Vertrauen sage ich Dir, dass ich sie kaum spüre. Ich fiebere nicht, ich huste nicht viel, ich habe keine Schmerzen. Kurzen Atem habe ich, das ist wahr, aber beim Liegen und Sitzen spüre ich es nicht, und beim Gehen oder bei irgendeiner Arbeit trägt es sich leicht, ich atme eben zweimal so schnell als früher, eine wesentliche Beschwerde ist es nicht."

Déi däischter Säit vun der Krankheet

Duerch d'Tuberkulos entstinn déi éischt Sanatorien an do si mir dann och erëm direkt an der Literatur, op dem Thomas Mann sengem Zauberberg.

Mee nieft dem ganz romantesche Volet geet d'Ulrike Moser an hirem Buch och op de reelle Misär vun der Tuberkulos an. Well et war eben ni eng Krankheet, déi just déi Konschtschafend heem gesicht huet. Et ass virun allem den däitsche Moler, selwer vu grousser Aarmut betraff, dee sech och dem Zeechne vun Aarmut verschriwwen hat. Virun allem den Heinrich Zille huet den onmoossege Misär vun de Berliner Stroosse gemoolt, an an deem Misär huet och d'Tuberkulos eng wichteg Plaz. Beim Zille war d'Schwindsucht eng Proletarierkrankheet, bekannt ass säi Bild mam klenge Meedchen, dat seet: "wenn ick wil, kann ick Blut in den Sand spucken."

Och den Zille sollt, wéi de groussen Deel vu senger Famill, un der Tuberkulos stierwen.

Nieft de Beschreiwunge vun der Entwécklung vun der Tuberkulos a Westeuropa, hirer morbider Idealiséierung, de Versuch, d'Krankheet an de Grëff ze kréien duerch drastesch Hygienevirkéierungen, geet d'Ulrike Moser dann zum Schluss op déi grausamst Zäit vun der däitscher Geschicht an. Et sinn d'Tuberkuloskranker, déi déi éischt Euthanasie-Victime vun de Nationalsozialiste waren, schonn an de Joren 1934/35. Et waren déi vun den Nazien als asozial bezeechent Aarbechter, déi a gréisster Aarmut a schlechtster Versuergung gelieft hunn, déi et gegollt huet "auszerotten".