Melting Pol "Under Construction"

"Under Construction" heeescht d'Installatioun vum Paul Schumacher aka Melting Pol, déi een an der Annex 22 op der Escher Brillplaz elo gesi kann. D'Valerija Berdi huet mam Kënschtler iwwer säi Wierk, dat d'Aktualitéit opgräift, geschwat.

Valerija Berdi / cbi

Paul Schumacher

"Under Construction ass entstanen no enger Demande, déi vun Esch 2022 koum, eng Woch nom Ufank vum Confinement. D'Ufro war de Pavillon hei op der Brillplaz ze bespillen. Do hunn ech mir Gedanke gemaach, wat kann een do maachen."

De Paul Schumacher, éischter bekannt als Melting Pol, gëllt als éischten Veejay ze Lëtzebuerg. Genee, grad wéi en Discjockey, sinn et beim Paul Videosequenzen, déi hien bei verschiddenen Ausstellungen, Theateropféierungen a Concerten live projezéiert. Eng Performance, déi ee scho bei sëllegen Ausstellungen, a villen Theateren a bei enger Abberzuel Concerten zanter 1995 begéine konnt, zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Eng Stee aus Luuchten

Bei der Installatioun "Under Construction" sinn awer keng Videoopnamen am Spill, seet de Paul Schumacher:

"Matten am Summer mat Video ze schaffen ass net esou ideal, well een do näischt gesäit an do koum op eng Kéier déi Iddi fir mat Luuchten ze schaffen. Eppes ze maachen, wat an d'Theema passt, well een dat automatesch als Artist mécht, sech un d'Theema upassen, et kënnt jo näischt vun näischt. Et brauch een eng Upak ass Artist."

An derbäi koum dann eng Stee eraus. E Konstrukt normalerweis aus Stol oder Aluminium, och mol mat Placken aus Holz, dat ee gebraucht fir Fassaden unzesträichen fir Haiser ze renovéieren.

"Do hunn ech geduecht, dat ass eng flott Saach, da baue mer déi aus Luuchten, aus LED Tüben an d'Plack, déi normalerweis eng Stoleplack ass, wou een drop steet fir ze schaffen, ass eng Plexiglasplack, déi dann dee Moment duerchsichteg ass an dat Ganzt weist, wéi fragil mer eigentlech sinn."

Covid-19 als Theema

An effektiv, steet een da virum Paul Schumacher senger Installatioun, ass et déi vun him gebrauchte Matière, déi dës Fragilitéit ervirhieft. Op den éischte Bléck zolidd an imposant, esou ass et dat graziilt a rengt, dat ee beandrockt an esou fir d'Widderspréch, déi hei zum Virschäin kommen, sensibiliséiert. An da si mer schonn beim aktuellste vun allen aktuellen Theemen, bei Covid-19:

"Duerch e klenge Virus gewise kréien: oh lala, et leeft net ëmmer esou wéi mer et gären hätten, et ka vun engem Moment op den aneren alles an de Koup falen an et kann näischt méi sécher sinn an et weess een net, wou et higeet an an engems och fir ze weisen, e Projet under construction - grouss Projeten - Esch 2022 ass e grousse Projet, dee permanent opgebaut gëtt, deen och mat Fragilitéit ze kämpfen huet, an all Projet huet mat Fragilitéit ze kämpfen, dat ass e bëssen d'Ausso vun der Saach."

Dem Paul Schumacher seng Installatioun kann ee sech zu all Moment ukucken, am beschten kënnt se awer owes an nuets zum Virschäin.

Méi zum Thema

Christian Mosar
Kulturhaaptstad

De Christian Mosar ass net méi artistesche Leeder vun Esch 2022. Dat huet de Verwaltungsrot haut zesumme mam Christian Mosar decidéiert, heescht et an engem Communiqué vun der ASBL Esch 2022.

Den natur musée ënner dem Coronaliicht 4
E Musée mécht nees op

Den natur musée mécht, wéi all déi aner Muséeën zu Lëtzebuerg, seng Dieren erëm fir Visiteuren op, mee Precautioune gëllen och hei. D'Valerija Berdi huet sech erkläre gelooss, wéi eng Visitt a Corona-Zäiten ausgesäit.

Chroniques d'une pandémie
Dokumentatioun vun der Corona-Kris

D'Ekipp vum CNA huet sechs Fotographen selektionéiert, déi si fir sechs Pandemie-Chroniken op verschidde Plaze geschéckt huet. Mir hu mat den ënnerschiddleche Fotografe geschwat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen