Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vertraut an awer beonrouegend

Nei am Kino

Vertraut an awer beonrouegend

"Speak No Evil" ass e psychologeschen Horrorfilm aus Dänemark, an deem sech eng naiv dänesch Koppel op eng fir si fatal Invitatioun aléisst. Eng kompromësslos Parabel iwwer d'Vulnerabilitéit vum politesch korrekte Mënsch.

auto_stories

2 min

Eng dänesch Koppel an hir kleng Duechter léieren an der Toskana-Vakanz eng hollännesch Famill mat engem klenge Bouf kennen. Et ass ee sech sympathesch. Dofir huelen d'Däne spéiderhin och gären d'Invitatioun un, fir e puer Deeg an Holland - ëmmerhin nëmme fënnef Autosstonnen ewech - ze verbréngen. Wat soll do scho schif lafen?

De psychologeschen Horrorfilm " Speak no evil " vum dänesche Realisateur Christian Tafdrup mécht et net wierklech spannend. Datt eppes mat deenen Hollänner net an der Rei ass, kritt ee vun Ufank u mat. Hire Bouf schwätzt net an zitt eng däischter Minn. Den inquitante musikaleschen Hannergrond vu Blos- a Sträichinstrumenter ënnersträicht de Malaise. Elo freet sech just, mat wéi enger Zooss eis naiv Däne wäerte verschlonge ginn.

Kleng mee entscheedend Differenzen

De Film entwéckelt déi fir den Horror-Genre gewinnten Eskalatioun. Lues awer sécher heefe sech d'Unzeechen, datt et vläicht keng esou gutt Iddi war, sech op d'Invitatioun anzeloossen. Dobäi spillt de Christian Tafdrup mat de klenge mee entscheedende kulturellen Ënnerscheeder. Wärend d'Skandinave gemengt haten, et bei den Hollänner mat wiesensänleche Gesellen ze dinn ze hunn, mussen se séier feststellen, datt deem net esou ass.

Tëschent de verklemmten, introvertéierte Protestanten aus Dänemark an den opgeschlossenen, permissive Katholicken aus dem südlechen Deel vun Holland sinn d'Mëssverständnisser programméiert. Wat op den éischte Bléck vertraut gewierkt hat, ass a Wierklechkeet beonrouegend.

Zousätzlech zeechent sech déi dänesch Koppel duerch eng Rei fir den Zäitgeescht representativ Eegenaarten aus, déi se an hirer Situatioun eendeiteg handicapéieren. Ofgesi vum hypokritesche Vegetarismus vun der Fra verkierpert de Mann d'Kris vun der Männlechkeet. Wéi hie sech op d'Sich vun der Duechter hirem verluerene Petzi soll maachen, kascht dat hie schonn eng gewëssen Iwwerwannung - wat ëm dofir dann och als Heldendot ugerechent gëtt. A wéi et sech fir eng modern Koppel gehéiert, huet een tolerant ze si géigeniwwer kulturellen Differenzen, quitt, datt dat een dozou verleet, potentiell Geforen z'ignoréieren.

An engem kompromësslosen Horrorfilm wéi " Speak no evil " een ass, muss dat alles konsequent bestrooft ginn. An de Schluss huet deemno och eppes vun enger Parabel aus dem alen Testament.