Radioen

On air

Webinar  |  Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Kairo iwwer Ostend op Murmansk

Grousse Kino

Vu Kairo iwwer Ostend op Murmansk

Eng ganz variéiert Rees hunn d'Kritiker Michel Delage, Martine Reuter an Thierry Besseling dës Woch hanner sech geluecht: Nieft dem Kenneth Branagh sengem "Death on the Nile" analyséiere si "Compartment Number 6" vum Juho Kuosmanen a "L'Ennemi" vum Stephan Streker, dee fir eng Zeen och bei eis am Studio vum radio 100,7 gedréint ginn ass.

auto_stories

4 min

En opulent verfilmte Whodunnit

No "Murder on the Orient Express" huet sech de Realisateur Kenneth Branagh elo e weidere Krimi-Klassiker vun der Agatha Christie als Virlag geholl. Esou Detektiv-Geschichte schéngen net aus der Moud ze kommen, wat och den Erfolleg vu ville Krimi-Serien op de sëlleche Streaming-Plattformen ënnersträicht.

Den Thierry Besseling fënnt, datt Geschichte wéi "Death on the Nile" eppes Universelles hunn - doduerch, datt d'Bicher net just e klassesche Whodunnit wieren, mee och eng Etude wiere vun der Moralitéit vun den eenzele Personnagen. Bei "Death on the Nile" géif d'Opmierksamkeet op der Léift an dem Verlaange leien.

Dem Kenneth Branagh seng Hercule-Poirot-Verfilmung wier eng ënnerhalsam Fiktioun, déi mat vill Schmock dohier géif kommen, a senger ganzer Opulenz awer net ganz iwwerzeege kéint. Dat géif doru leien, datt bal kee Suspens do wier an de Setup vun der Geschicht ze laang géif daueren. Besonnesch, wann een u Murder-Mystery-Filmer wéi "Knives Out" géif denken, kéim dem Branagh säin Entertainment-Krimi e bësse verstëbst dohier.

D'Martine Reuter mengt, datt de Film net richteg vum Fleck kënnt. Beim Virgänger "Murder on the Orient Express" wier méi Rhythmus dra gewiescht, deen hei net zum Ausdrock géif kommen. Eben an engem Krimi wéi déi vun der Agatha Christie wieren d'Personnagë wichteg Komponenten. Et wier insgesamt ze wéineg Hercule Poirot an ze vill spektakulär gefilmt Opnamen - do géif net vill méi iwwreg bleiwen.

E Plädoyer fir d'Abenteuerloscht

"Compartment Number 6" vum finnesche Realisateur Juho Kuosmanen wier e Road-Movie op Schinnen, seet d'Martine Reuter. Hei hätte mir eng jonk Fra, déi no enger Relatioun virun d'Dir gesat ginn ass an déi sech Froen iwwer hir eegen Existenz stelle muss. Dëst géif de Film op eng beandrockend Manéier beschreiwen:

"Dat fannen ech excellent gewisen, wéi een do sëtzt an zu enger Immobilitéit verdaamt ass. Du beweegs dech, mee kënns awer net vum Fleck. Bass du och selwer schonn ënnerwee - mental - an déi nei Etapp vun dengem Liewen?"

De Film wier mat wéineg Moyene gemaach, seet d'Martine Reuter, dofir awer mat vill Gefill, ouni dobäi ze iwwerdreiwen, a mat engem grousse Versteesdemech fir seng Personnagen.

Den Thierry Besseling sträicht déi ongewéinlech Libesgeschicht mat enigmateschen Eenzelgänger ervir. De Film wier e Bléck op d'Klassegesellschaft, andeems de Spectateur mat enger intellektueller Studentin an engem toxesche Mann mat Macho-Bemierkunge konfrontéiert gëtt. Dobäi geléngt et dem Film, gläichzäiteg delikat an déifgrënneg ze sinn:

"Et ass e Film iwwer eng Rees, déi lues awer sécher zu engem Film iwwer d'Reesen u sech gëtt. De Wee ass d'Zil. E bréngt eis eng Experienz méi no, nämlech déi, sech mat engem wëllfrieme Mënsch an deem nämmlechte Kompartiment erëmzefannen."

De Michel Delage seet, datt de Film op eng interessant Manéier mam Spectateur géif spillen. Mir wieren an eng Situatioun versat, déi net ganz kamoud ass: kal, däischter, an engem ellenen Zuch, mat engem alkoholiséierte Russ. Lues a lues géif d'Äis awer briechen - wat net just doru géif leien, datt sech d'Personnage méi no kommen. Et géif och mat de Faarwen an der Bildqualitéit gespillt ginn, esou datt et direkt vill méi waarm géif ginn.

Belsch Plage als melancholesch-mysteriéisen Dekor

"L'Ennemi", eng Lëtzebuerger Koproduktioun vum Realisateur Stephan Streker wier e Spill iwwer d'Schold an d'Onschold, iwwer d'Wourecht an Apparencen, Realitéit a Moral, seet den Thierry Besseling. Den éischten Akt, an deem vill verschidde Piste geluecht géife ginn, wier ganz gelongen, en et géif een dem Jérémie Renier an der Alma Jodorowsky gären nokucken.

De Problem wier an der melodramatescher a manner interessanter zweeter Hallschent, déi méi e Prisongsfilm wier, an deem ze vill geschwat géif ginn.

De Michel Delage füügt bäi, datt "L'Ennemi" vill verschidde Genren an ee Film wéilt paken. Ass et e Prisongsfilm oder een iwwer eng destruktiv Relatioun? De Film hätt Referenzen op de belsche Moler James Ensor, dee vill mat Maske geschafft huet.

D'Maske géife beim Ensor dofir stoen, d'Hypokrisie vun der Bourgeoisie unzekloen - hei am Film géife mir eng änlech Hypokrisie vun engem populäre Politiker a senger méi däischterer Säit gesinn.

De Film géif op engem authentesche Fall baséieren, dee ni kloer opgeléist ginn ass, seet d'Martine Reuter. Hei misst een sech d'Fro stellen, firwat een eng Matière verfilmt, bei där een net weess, wéi se ausgeet - et hätt ee keng richteg Upak a keng konkret Iddi, wouhin de Film géif goen.