Radioen

On air

Notturno  |  Califone - Ox-Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Paradäis an d'Hell ... an nees zeréck

Nei am Kino

Vum Paradäis an d'Hell ... an nees zeréck

Spektakulär an usprochsvoll zugläich: dem Sam Mendes säi Krichsfilm "1917" ass ewéi aus engem Goss. De Spectateur gëtt op eng Faart op der Achterbunn matgeholl. Viru Kuerzem gouf de Film mat zwee Golden Globes ausgezeechent, ee fir beschte Film an der Kategorie Drama an ee fir déi bescht Regie.

auto_stories

4 min

George Mackay (Foto: Francois Duhamel / Universal Pic - © 2019 Universal Pictures and Storyteller Distribution Co., LLC. All Rights Reserved)

Op der Westfront an Nordfrankräich, Mäerz 1917: déi däitsch Truppen zéie sech zeréck. Allerdéngs kéint dat just e strategesche Réckzuch sinn. Déi brittesch Truppen, déi drop an dru sinn, den zueleméisseg iwwerleeëne géignereschen Divisiounen nozejoen, riskéieren, an en déidlechen Hannerhalt ze geroden: d'Offensiv muss dréngend ofgeblose ginn. Well awer de Kontakt iwwer Funk ënnerbrach ass, muss den Uerder physesch iwwermëttelt ginn. Zwee englesch Zaldoten, déi méi hanne stationéiert sinn, kréien de geféierlechen Optrag, sech op de Wee ze maachen.

No den zwee James Bond-Filmer "Skyfall" a "Spectre" huet den englesche Regisseur Sam Mendes sech un de Genre vum Krichsfilm erugewot. De Mendes huet sech un enger reeller Episod vum Éischte Weltkrich inspiréiert:. D'"Unternehmen Alberich", de strategesche Réckzuch op eng eeler Frontlinn, deen déi däitsch Arméi tëschent dem 15. an dem 20. Mäerz bei der Somme vollzunn hat. Gestäipt huet sech de Regisseur deelweis och op den Temoignage vu sengem Grousspapp, e Krichsveteran.

Plan séquence schaaft onheemlech Dynamik

Déi grouss Leeschtung vum Film ass et, datt en den Androck vermëttelt, aus enger eenzeger Kamera-Opnam ze bestoen - ofgesi vun enger offensichtlecher Ellips. Sécherlech e grousse Merite vum Mendes sengem attitréierte Kameramann, de vill gefrote Roger Deakins. Vun deem Moment un, wéi déi zwee jonk Zaldoten (gespillt vun George Mackay an Dean-Charles Chapman) bei hirer Siesta gestéiert ginn, léisst d'Kamera si net méi lass. Wéi an engem Videospill mussen déi Zwee eng Schwieregkeet no där anerer bewältegen.

Well d'Kamera praktesch ëmmer a Beweegung ass, an dat wat se - dacks a komplizéierte Beweegungen - afänkt immens ofwiesslungsräich, gëtt de Plan séquence dem Film a senger permanenter Spannung eng onheemlech Dynamik. De Spectateur kritt esou eng reegelrecht Faart op enger Achterbunn gebueden, mat kontrastéierten atmosphäresche Wiesselen: vu bannen no baussen, vun däischter op hell, an ëmgedréit; vun enger Tranchée an déi aner, déi mol mat midden, knaschtegen a blesséierten Zaldote iwwerfëllt ass, mol geeschterhaft eidel; hei traatscht een an enger komplett zerstéierter Mound-änlecher Landschaft duerch de schwéiere Bulli a laanscht, iwwer oder duerch d'Kadaveren (Mënschen an Déieren), do schwieft een dann iwwer eng säfteg gréng Wiss an ënner de liichte wäisse Bléie vu Kiischtebeem erduerch.

Am Laf vum Film gëtt déi ganz Palett vun de Grondelementer - Buedem, Loft, Waasser a Feier - exploréiert a variéiert, Elementer, vun deenen d'Zaldoten opgehalen, matgerappt, gedriwwen, zerstéiert ginn. Mam Widderstand vu konkrete Géigner gi si nëmme sporadesch konfrontéiert, déi Handvoll däitsch Zaldote sinn ouni Gesiichter, bal Geeschter, fir net ze soen Dämonen.

Liewenszyklus a konzentréierter Form

"1917" hält ongeféier sou op, wéi en ugefaangen huet, et ass wéi e Krees, deen nees zougemaach gëtt. Dat suggeréiert d'Iddi vun engem Zyklus, vun engem Liewenszyklus, deem seng Etappen a konzentréierter Form duerchgespillt ginn: vun der Gebuert (Zeen mam Puppelchen) an d'Kandheet, aus där déi jonk Zaldote mat hire rosae Bäckelcher eigentlech nach net richteg eraus sinn, iwwer déi flüchteg Papperoll, déi ee vun de jonke Männer fir ganz kuerz Zäit däerf iwwerhuelen, bis hin zu Zerstéierung an Doud. Vum Paradäis, symboliséiert duerch e Bam, geet d'Rees bis an d'Hell: an der Stad Écoust, déi an der däischterer Nuecht am Zeeche vum Kräiz an engem Mier vu Flamen ënnergeet, materialiséiert sech d'Apokalyps.

Mat Biller vu bibleschem Ausmooss ënnersträicht de Sam Mendes d'Brutalitéit vum Krich. Hie weist Zaldoten, déi vum Schicksal gedriwwen a wéi fragil Kiischtebléie vum Wand ewech geblose ginn. Gläichzäiteg léisst déi chrëschtlech Symbolik eng Dier op, fir deen, dee leeft, fir deen, deen u seng Missioun gleeft: aus der Hell schéngt et e Wee zeréck an d'Paradäis ze ginn, en Doudege kann och erëm wéi e Phoenix aus den Äschen operstoen ...

"1917" ass e richteg gudde Film, dee souwuel en usprochsvolle Publikum dierft uschwätze wéi och déijéineg, déi op der Sich no engem rasante Spektakel sinn.