Christian Berkel Vum Set op de Schreifdësch

Zwee autofiktional Bicher sinn eraus komm, um drëtte Band gëtt geschafft. Wou kënnt de Besoin fir d'Geschicht vu senge Virfaren literaresch ze verschaffen? Wisou huet hien keng Loscht méi op seng Roll an der beléifter Serie "Der Kriminialist" a wat war seng beandrockendst Roll? De Christian Berkel war op Invitatioun vum Cube 521 a vum Institut Pierre Werner ze Lëtzebuerg. D'Valerija Berdi huet mat him geschwat.

Valerija Berdi / tt

Christian Berkel
De Christian Berkel ass bekannt duerch seng Rollen an "Der Untergang" an "Der Kriminalist".

"Nach einer sehr langen Zeit, das waren 14 Jahre, 109 Folgen dann noch ein Special von 90 Minuten, und dann ist so ein Punkt gekommen, wo ich dachte, irgendwann muss man gehen. Und zwar nicht dann, wenn alle schon seit einer Weile sagen, es ist langweilig geworden, oder (...) das ist immer so dieses Klischee, am Besten hört man auf, wenn es am Schönsten ist."

Schreiwe brauch seng Zäit

Als Bruno Schuman, den nodenklechen, doucen, intelligenten a bestëmmten Haaptkommissär aus "Der Kriminalist" wäert de Christian Berkel an d'Geschicht vum zweeten Däitsche Fernsee agoen.

"Man kann nicht 100 Tage im Jahr Kriminalist drehen und dann auch noch schreiben, irgendwann leidet dann alles und ich wollte gerne beides weiter machen, ich wollte weiter schreiben und dann ist der zweite Roman entstanden und das hätte ich gar nicht geschafft, wenn ich weiter Krimnalist gedreht hätte."

Eng vun den éischte Rollen, eng, déi hien am déifste beandrockt huet war als 19-Järegen, nieft der Liv Ullmann ënner der Regie vum Imgar Bergmann ze spillen. Hien huet dono och mat amerikanesche Gréisste wéi dem Quentin Tarantino a Spike Lee zesumme geschafft, oder dem Holläner Paul Verhoeven. Och am Theater hu seng Begéinunge mam Claus Peyman, mam Alfred Kirchner, mam Rudolf Noelte hie gepräägt.

"Der Film "Das Experiment" oder "Der Untergang" von Oliver Hirschbiegel, die Begegnung mit Bruno Ganz, er war der Held meiner Kindheit. ich hatte ihn als Peer Gynt gesehen, als Prinz Friedrich von Homburg gesehen, als Hamlet... In vielen, vielen Rollen, und ich habe ihn sehr, sehr bewundert und auf einmal steht man da und denkt, bin ich jetzt eigentlich in meinem eigenen Traum endlich angekommen?"

Debut mat 61

Elo huet hien zwee Bicher eraus ginn: Der Apfelbaum an Ada. Mat 61 en Debutroman eraus ginn. Wéi kënnt dat, Christian Berkel?

"Ich habe oft darüber nachgedacht, warum das so lange gedauert hat oder warum das so spät gekommen ist, und ich glaube tatsächlich, der Unterschied zwischen dem Spielen und dem Schreiben liegt vielleicht darin, dass Schauspiller sich selber gar nicht so vertraut sind. Das ist vielleicht sogar nicht die schlechteste Voraussetzung für den Beruf, es erleichtert das Eintauchen in fremde Leben, in fremde Figuren. Beim Schreiben ist das anders, da muss man recht gut über sich Bescheid wissen und vielleicht hat es diese Umwege und diesen langen Weg gebraucht bis das ging."

Seng Bicher thematiséieren d'Geschicht vu senge Virfaren. Anarchisten an Auteuren, Spuenien-Kämpferinnen an Nazi-Sympathisanten a weltberüümt Moudendesignerinnen. An dann nach déi beréierend Geschicht tëschent sengem Papp a senger Mamm. Wéi lieft ee mat esou enger perséinlecher Geschicht?

"Es ist so vielschichtig, vielfältig und auch irritierend. So dass man, die eigene Position innerhalb einer so verrückten Geschichte erst mal nicht so leicht findet. Bin ich nun Deutscher! Bin ich Jude? Bin ich mehr in Paris oder in Berlin zu Hause? Es war auch viel Orientierungslosigkeit erst mal lange dabei und immer dieses Gefühl einer gewissen Entwurzelung und nirgendwo so ganz zu Hause sein zu können."

E Schauspiller, deen op eemol Romaner schreift? Gëtt dat net mol fir d'éischt negativ am Feuilleton opgeholl?

"Mir war schon klar, dass ich da auch einen Gegenwind erleben könnte. (...) Also, ich kann es auch bis zu einem gewisen Punkt verstehen, weil in dem Moment, wo man das Gefühl bekommt, jemand nützt, seine in einem anderern Bereich erworbene Populatität um hier vielleicht auch etwas mitznehmen, das kann ich sehr gut nachvollziehen, dass man das kritisch betrachten oder zuerst mal mit einer gewissen Zurückhaltung kommt."

D'Wierder an d'Sprooch sinn dem Christian Berkel immens wichteg. Wéi geet dat da beim schreiwen: lues a kriddeleg oder séier a fléissend?

"Mir fällt dazu ein wunderbarer Satz von Kafka ein, (...) sinngemäss gesagt hat: Jedes Wort, bevor es aufs Papier kommt, schaut sich vorsichtig nach allen Seiten um. (...) Ich will mich da jetzt nicht vergleichen, um Gottes Willen, aber diesen Anspruch an sich zu haben, dass man möglichst genau ist, indem was man versucht zu beschreiben."

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Un Pays qui se tient sage Filmkritik
VOD

De franséischen Documentaire "Un Pays qui se tient sage" thematiséiert d'Policegewalt wärend de Gilets jaunes-Protester. E wichtegen Denkustouss iwwer déi autoritär Tendenze vun den Demokratien.

Pisani Mes Nuits Buchkritik
Poesie

Am Recueil "Mes Nuits sont plus folles que mes jours" versicht den Giulio-Enrico Pisani, seng verstuerwe Léift present ze halen - eng Form vun Trouscht an den Ausdrock vun déiwer Trauer.

Berlinale-Jury 2021
Berlinale 2021

Haut fänkt den éischten Deel vun der Berlinale, dee grousse Rendezvous vun der Filmindustrie virun den Oscars a Cannes, un. Natierlech komplett online - e Filmfestival, dee sech kaum wéi een ufillt.

151685058_10159652709061424_8682610106750502554_o.jpg
Danz

All drëtten Dag vum Mount kann een zu Bouneweg an der Banannefabrik Danzstéck gesinn. Beim 3 Du Trois nächste Mëttwoch geet et ëm d'Ausmoosse vun engem Raum, an deem kënschtlerescht Schafe kann zur Sproch kommen.

Programm

  • Mat Groove a Séil

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen