Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wasp Network vum Olivier Assayas

#Venezia76

Wasp Network vum Olivier Assayas

D'Kinoswelt kuckt nach bis e Samschdeg op Venedeg. Um Filmfestival op der Mostra sti ronn 20 Filmer an der Kompetitioun ëm de Gëllene Léiw. Ee vun deene Filmer ass dem Olivier Assayas säin "Wasp Network". Wat et mat deem Film op sech huet, weess den 100,7-Korrespondent op der Plaz, den Tom Dockal.

auto_stories

4 min

Foto: IMDb

D'Behaaptung, datt den Olivier Assayas keng fënnef Minutte roueg um Hënner sëtze kann, ass duerchaus richteg. Allez, nach eng Theorie: et gëtt zwou Zorte vun Assayas-Filmer. Déi eng hunn hir Première zu Cannes um Festival, déi aner zu Venedeg. A wéiwäit sech déi zwou Zorte Filmer vunenaner ënnerscheeden, wëll ech elo op dëser Plaz net direkt beäntwerten.

Ee Joer no Doubles vies - deen iwwregens och op der Mostra an der Selektioun war - ass et elo um Star-studded WASP Network. Star-studded heescht: Edgar Ramirez, Penelope Cruz, Gabriel Garcia Bernal an de Wagner Moura - den Escobar aus Narcos. Si all spille Kubaner!

Eng Flucht an en neit Liewen

Enges Moies Ufank den 90er dréckt dem Ramirez säi Personnage seng Fra - d'Cruz - an dat gemeinsamt Kand a fiert schaffen. Hien, Pilot, klëmmt kuerz virun der Mëttegpaus an eng Cesna a mécht sech duerch d'Bascht. A Richtung Miami, Florida. Zur grousser Iwwerraschung vu jiddwerengem, virop natierlech Fra a Kand. Déi bleiwen iwwregens jorelaang zeréck op Kuba. Als gebiertegen Amerikaner huet hien et net schwéier, fir sech an den USA néier ze loossen a fänkt en neit Liewenskapitel un. Ze frustréierend déi éiweg Iessensratiounen, Blackout an iwwerhaapt déi schlecht Liewensqualitéit.

Hie gëtt zimlech séier vun exiléierte Kubaner opgeholl an Interessegruppen agespaant. Wat mat Flugrettungsaktioune vuflüchtende Kubaner iwwer dem Waasser ufänkt, kritt iergendwann ganz aner Enverguren. Drogen- a Waffeliwwerungen inklusiv. Alles am Numm vun enger Anti-Castro Konterrevolutioun.

Wärenddeem defektéiert de Wagner Moura am Tauchkostüm a Richtung Guantanamo Bay a gëtt mat engem McDonald's Menü empfaangen. Keng gefillten zéng Minutten zu Miami léiert hie seng zukünfteg Fra kennen, verdéngt monsterméisseg Suen an ass och am Déngscht vun Anti-Castro-Gruppen.

An dann, no enger Stonn. Schnëtt. Ablendung, four year earlier. No ville ville Personnagë gëtt an der Halschent en neit Kapitel opgeschloen an de Gabriel Garcia Bernal kritt d'Missioun am Numm vum Regime zu Florida e Spiouneréng ze starten, fir d'Infiltratiounsversich vun den Exil-Kubaner ze ënnerjochen.

E Spionagefilm, mee kee gudden

Méi kuerz an einfach ass de Plot vu WASP Network net op de Punkt ze bréngen. An och elo ass nach laang net alles etabléiert. Mee you get the gist. Et ass e Spionagefilm. Et ass just kee gudden.

Den Assayas inzeenéiert sech mat enger Routine, déi bal schonns un Desintressi grenzt, duerch e Film, deen u sech ganz interessant ufänkt, deen au fur et à mesure komplett den Norde verléiert. Den Ausdrock "au fur et à mesure" ass dee richtegen. Am 10 Minuttentakt gi Personnagen agefouert, deenen hir Motivatioune just mam minimum syndicale iwwerflächlech gezeechent ginn. Beim Edgar Ramirez deet et am meeschte wéi, well hie vun Ufank un am Film präsent ass. Firwat hien d'Decisiounen hëlt, déi en eben hëlt, ass net wierklech nozevollzéien.

De Plot ass net kloer

En gros ass et de klassesche Fall vun ze vill Material an zwou Stonne Film versichen ze drécken. Baséiert dem Assayas seng Geschicht net just nëmmen op Faits réellen, d'Geschicht vun de Cuban Five, mee virun allem steet u sengem Dréibuch e forensesch recherchéiert Dréibuch.

Veruerteelen deet den Assayas bis vläicht ganz op de Schluss keng vun deene béide Säiten. Weder d'Amerikaner oder Kubaner oder d'Castro an d'Anti-Castro Säit. Hie versicht de Spionage Business sober op den Ecran ze bréngen, deet sech awer weess Gott kee Gefalen. John le Carré Geschichten erziele vertrakte Spiounegeschichten an erziele virun allem och eppes aneres. Wat den Assayas erziele wëll, ass zu kengem Punkt och just usazweis kloer.

Eng Tëleesproduktioun wier besser gewiescht

Genee ewéi bei Doubles vies de Propos - d'Hannerfroung vun digitalen an analoge Liewensstil - gefillten zéng Joer ze spéit koum, esou huet den Assayas och elo ee fir säi Propos bei WASP Network anachronistesch wierkende Feeler gemaach. Hien huet gemengt, e Film missen ze maachen. Bei där Abberzuel u Personnagen, Handlungssträng a dramaturgesche Revirementer hätt e besser gemaach, aus deem Projet eng Tëleesproduktioun ze maachen. Manner wéinst de Produktiounsmëttel, ewéi dofir, datt hie mat deem Format sech einfach méi Zäit hätt kéinten huelen.

Hien huet deen Exercice viru bal zéng Joer gemaach. Säi Carlos Projet - iwwregens och mam Edgar Ramirez - huet am ganze bal sechs Stonne gedauert. Et wier interessant ze wëssen, ob esou eng ähnlech laang Versioun och heifir dra wier.

E chaotesche Film

WASP Network wierkt elo an an deem heite Montage iwwerstierzt, net fäerdeg iwwerluecht a virun allem richteg chaotesch. An dat ass schued. Schued wéinst dem Propos, schued wéinst der Distributioun a virun allem schued wéinst dem Assayas selwer, deen awer zanter iwwer 20 Joer ee vun de stäerksten europäesche Realisateuren ass.

Clouds of Sils Maria, Carlos sinn zu Cannes gelaf, Personal Shopper, Doubles vies an elo WASP Network zu Venedeg. Da wësse mir Bescheed fir d'nächst Joer. Oder den Assayas hëlt sech einfach ee Joer méi Zäit fir den nächste Film.