Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Hazel English - Jesse Feat. Day Wave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat d'Welt zesummenhält

Een Thema, e Buch

Wat d'Welt zesummenhält

Mat hirem Roman "Unrast" (Bieguni) huet déi polnesch Schrëfstellerin Olga Tokarczuk virun zwielef Joer de Grondsteen geluecht fir hire Literatur-Nobelpräis 2018. Eng Reflexioun iwwer de Mënsch a Beweegung.

auto_stories

5 min

"Im Abseits stehen. Die Welt nur in Bruchstücken sehen, eine andere wird es nicht geben. Es gibt Augenblicke, Fragmente, vorübergehende Konfigurationen, die kurz nach ihrer Entstehung wieder zerfallen."

"Bieguni" ass de polneschen Original-Titel, "Les Pérégrinations" heescht déi franséisch Iwwersetzung, "Flights" déi englesch, an déi däitsch Autorin Esther Kinsky huet hir Iwwerdroung fir de Kampa-Verlag mam Titel "Unrast" besigelt. Mat hirem Roman aus dem Joer 2007 huet déi polnesch Schrëftstellerin Olga Tokarczuk méiglecherweis een - wann net deen - entscheedende Grondsteen geluecht, fir de Literatur-Nobelpräis 2018, mat deem si dëst Joer, gläichzäiteg mam Laureat 2019 Peter Handke, belount gouf: "for a narrative imagination that with encyclopedic passion represents the crossing of boundaries as a form of life," sou d'Begrënnung vum Nobel-Comité.

Elementer vun der zersprengter Welt, enk matenee verbonnen

"Unrast" ass och eppes wéi e Lexikon. Et ass e fragmentaresche Roman, mat mol méi laangen, mol méi kuerzen, fir net ze soe ganz kuerze Kapitelen, wéi Artikelen an enger Enzyklopedie, eng Geschicht, oder vill méi Geschichten, déi sech iwwer véier Joerhonnerten erstrecken, mat enger Hellewull u Personnagen, déi op der Welt, respektiv an hirer Welt ënnerwee sinn, geographesch an zäitlech vun enee getrennt, an awer op eng Manéier enk matenee verbonnen.

Dorënner e Familljepapp, deem an der Vakanz op enger kroatescher Insel d'Fra an d'Kand verluer gaange sinn; en osteuropäeschen Immigrant, deen, iergendwou am Norden, als Kapitän vun enger Fär, op eemol vum gewéinleche Wee ofkënnt; een op d'Plastination vu mënschleche Kierpere spezialiséierte Wëssenschaftler, deen hanner d'Geheimnisser vun engem eelere Konkurrent wëllt kommen; oder nach eng Fra, déi sech am Metro zu Moskau ofdrifte léisst; oder och nach historesch reell Personnagë wéi den hollänneschen Anatomist Philip Verheyen, dem Entdecker vun der Achillesseen, deen, an der Mëtt vum 17. Joerhonnert, de Wéi a sengem amputéierte Bee versicht ze verstoen; dem Frederique Chopin seng Schwëster, déi sech ëm d'Häerz vun hirem verstuerwene Brudder bekëmmert; oder nach d'Ech-Erzielerin vum Roman, déi sech reegelméisseg zu Wuert mellt, vun där de Lieser den Numm net kennt, an iwwer déi en och weider näischt weess wéi dat, wat si op hire Reesen erlieft, si, déi - wéi si seet - net op der Plaz hält, wéi d'Oder, de Floss vun hirer Kandheet:

"Als ich so in den Anblick der Strömung versunken auf dem Flutwall stand, wurde mir klar, dass aller Gefahren zum Trotz das, was in Bewegung ist, immer besser sein wird, als das, was ruht, dass der Wandel edler ist als die Stetigkeit, dass das Unbewegliche Zerfall und Auflösung anheimfallen muss und zu Schutt und Asche wird, während das Bewegliche sogar ewig währen kann."

Reflexioun iwwer d'Reesen

Der Olga Tokarczuk hire villschichtege Roman "Unrast" ass eng déifgrënneg Reflexioun iwwer d'Reesen, vun alldeeglech-banalen Aspekter iwwer psychologesch bis hin zu philosophesch-reliéisen Iwwerleeungen. Virop analyséiert déi polnesch Schrëftstellerin d'Bedeitung vun der Zäit, d'Zäit, sou wéi se, am Géigesaz zu engem sesshafte Liewensstil, vun enger nomadescher Haltung aus erlieft gëtt:

"In dieser Zeitform ist jeder Augenblick neu und unwiederholbar, das macht die Menschen geneigter, Risiken auf sich zu nehmen. (...) Doch im Grunde war das eine bittere Entdeckung: Wenn eine Veränderung in der Zeit unwiderruflich ist, werden Verlust und Trauer zu einer alltäglichen Erfahrung."

"Die Zeit aller Reisenden sind viele Zeiten in einer, eine ganze Vielheit. Das ist eine Inselzeit, Archipele der Ordnung im Ozean des Chaos"

D'Dualitéit vun Uerdnung a Chaos entsprécht der Struktur vum Roman. Eng Pluralitéit vu Point de vuen, vu Situatiounen, vu Plazen, vun Zäitniveauen, vu Referenzen (wéi d'Bibel, de Moby Dick, den Apuleius, de Borges, d'Buch vun de Wandlungen oder I Ging, asw.), eng zersprengte Welt, also, an där - dem Uschäin no - näischt mateneen ze dinn huet. An awer gëtt et en Zesummenhang, ugefaange mam thematesche Lien, nämlech d'Rees an all hire Facetten, respektiv de Mënsch, sou wéi e sech an der Zäit an am Raum beweegt, sief et bewosst a lieweg, sief et iwwer d'Conservatioun vu sengem doudege Kierper.

Mikrokosmos-Makrokosmos

Zesummegehale gëtt de Roman virun allem duerch philosophesch Prinzippien, déi am Buch op déi verschiddenst Manéieren deklinéiert ginn an alles matenee vernetzen. Et ass d'Iddi vun der Analogie, vun der Ähnlechkeet, vun de Korrespondenzen tëschent Mënschen, Saachen, Situatiounen, onofhängeg vun Zäit a Raum, verbonnen an engem grousse Ganzen, dem "unus mundus" vum Psychoanalytiker Carl Gustav Jung, an engem groussen "Elo", enger synchroner Zäit:

"ein Beweis für den Sinn der Welt. Ein Beweis dafür, dass sich in diesem schönen Chaos in alle Richtungen Fäden entspinnen, die eine Bedeutung haben, Netze seltsamer Logik, und wenn man an Gott glaubt, sind das die verschlungenen Spuren seines Fingerabdrucks."

Et ass de Gedanke vum Makrokosmos, der grousser Welt, där hir Struktur sech am Mikrokosmos, an der klenger Welt, am Detail, am Deel vum Ganzen, dat heescht am Mënsch erëmspigelt. "Eng Welt am Kapp", "de Kapp an der Welt". E Gedanken, deen ee souwuel an der europäescher Traditioun - bei den ale Griichen oder an der mëttelalterlecher Philosophie - wéi och am Taoismus oder an Hinduismus an iergend enger Form erëmfënnt, Traditiounen op déi sech d'Olga Tokarczuk ausdrécklech bezitt.

Sou entsprécht och beispillsweis de System vu Seenen, Oderen, Organer vum mënschleche Kierper grafesch gesinn deene sëllege Pläng vu Stied, Parken, Fluchhäfen, déi d'Buch illustréieren, een Duercherneen, e Labyrinth, dee vu geheime Fiedem duerchzunn a verbonne gëtt.

Spuerespill mat Uleedung

"Unrast" ass de Constat vun enger vum Kapitalismus entwuerzelter Welt, vun entwuerzelten Individuen. An awer verherrlecht d'Olga Tokarczuk d'Mobilitéit, d'Rees, am konkrete wéi och am iwwerdroene Sënn, als dat - fir mam Goethe sengem Faust ze schwätzen - "was die Welt im Innersten zesummenhält."

"Das Ziel einer Pilgerreise ist immer ein anderer Pilger"

De Roman, fest an der Modernitéit verankert, ass duerch an duerch vun Traditioun a vu reliéiser Symbolik gepräägt. E funktionéiert iwwer Associatiounen, zwar net wéi de W.G. Sebald dat a senge Bicher gemaach hat, mat senge laange Sätz, wou dat eent logesch zu deem anere geféiert hat. Hei steet de Lieser virun engem Puzzle, oder engem Rebus, eng Zort Spuerespill, bei deem et drëms geet, opgrond vun der Uleedung, déi d'Schrëftstellerin mat liwwert, Zeechen ze erkennen an an hire Konstellatiounen ze deiten, an der Linn vum al-griichesche Prinzip Kairos: op der richteger Plaz zum richtegen Zäitpunkt, wou alles op eemol Sënn mécht.