Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Impératrice - Me Da Igual

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat geschitt "Zwischen Tor und Torschrei"?

Ausstellung

Wat geschitt "Zwischen Tor und Torschrei"?

De Moler Helmut Dorner koum 1952 am Schwarzwald op d'Welt, huet Enn den 1970er un der renomméierter Kunstakademie Düsseldorf studéiert, tëschent 1989 an 2020 Konscht op der Akademie der bildenden Künste Karlsruhe enseignéiert; parallel dozou seng eegen abstrakt, geometresch, Molereie weiderentwéckelt. Hien zielt aktuell an Däitschland zu de wichtegste Vertrieder vu senger Generatioun.

auto_stories

5 min

Foto: Gallery Nosbaum Reding

Mëtt Juni ass effektiv an der Galerie Nosbaum Reding eng Helmut-Dorner-Ausstellung opgaangen; duerch d'Deconfinement-Virschrëfte bedéngt si Virwëtzeger allerdéngs just no an no an den Exporaum gedrëpst komm, e Béierzelt virun der Dier sollt si a Waarde-Laun halen.

Vu d'Situatioun hat den Helmut Dorner selwer decidéiert, Haus an Heem ze hidden. Hien hat, zwar aktiv, mee awer aus der Distanz, den Accrochage vu senge Peinturë begleet, wäert zu engem spéidere Moment op Lëtzebuerg kommen. Dat wier scho speziell gewiescht, well hien den Dag vun der Ouverture selwer nach gemoolt huet, wéi wann hie guer keng Expo hätt, a wéi wann hien nach ni e Bild gemoolt hätt, zielt de Kënschtler.

"Dat ass ëmmer wichteg, datt ech eng Direktheet hunn a guer net weess, wéi e Bild sech léist; bon, natierlech sinn ech de Luucht-Konditiounen ausgesat. A wat Lëtzebuerg ugeet: ech kennen d'Galerie, deemno war den Accrochage a groussen Zich vu mir vir-definéiert, mee ëm déi méi fei Saachen, wéi zum Beispill d'Zeenographie vun de klenge Formater, huet den Här Reding sech bekëmmert. Mir hunn eis iwwer WhatsApp Fotoe geschéckt an no an no korrigéiert."

De Meeschterschüler

Am Helmut Dorner sengem Curriculum Vitae gëtt reegelméisseg mentionéiert, datt hien zu Düsseldorf Meeschterschüler beim Moler Gerhard Richter war. De Richter huet déi Zäit, mat Enn 30, selwer nach quasi zum villverspriechenden Nowuess gehéiert, hat eréischt fënnef Joer enseignéiert. Soll de Verweis op hien op e besonneschen oder nohaltegen Afloss hindeiten?

"E war besonnesch nohalteg, wat d'Reflektioun vum Aarbechtsprozess ugeet, mee de Revers dovunner ass natierlech, datt ee sech engersäits vu sengem Enseignant léise muss, an dann hunn déi Säit vun de gemeinsamen Nenner ganz aner Paradigmen existéiert: de Richter ass jo an enger Zort Naturalismus a Realismus doheem, hien huet en naturalisteschen Narrativ, bedeit, datt seng Biller ganz vill erzielen; ech war en hell-däischter Moler, wousst deemools guer net, datt ech e Colorist wier, datt meng Schwächten a Stäerkte ganz anescht gelagert sinn. Déi Zäit ware beim Richter ganz wéineg Leit, déi gemoolt hunn. Si hunn éischter skulptural geschafft, architektonesch Modeller gebaut, wéi den Thomas Schütte. Et huet mech zimmlech markéiert, ech wëll awer elo net an den Detail goen. Et goufen zum Beispill Momenter, wou ech mech op engem Pad tëschent zwou Richtungen hu missen decidéieren, an ech sinn an déi gaangen, déi ech haut net méi wiele géif, obschonns déi geeschteg Struktur awer bliwwen ass."

D'Wierker suivéieren, esou gutt et geet

Den Helmut Dorner hat fréi no sengen Etüde Succès, war 1992 bei der documenta zu Kassel mat derbäi. Haut fënnt ee seng Molereien an de Sammlunge vum Centre Pompidou oder vum zkm zu Karlsruhe, mee och vum Mudam.

Den Diptyque "Blawa" ass eng Acquisitioun vun 1996, duerno sollten nach zéng Joer vergoen, éier de konkrete Pei-Musée seng Dieren opgemaach huet. 2012 ass "Blawa" dunn am Kader vun der Expo "détours de l'abstraction" gewise ginn. Suivéiert de Moler d'Destinée vu sengen Aarbechten?

"Esouwäit et méiglech ass schonn. Mee déi Aarbecht vum Mudam hunn ech, zanter se aus dem Haus, respektiv dem Atelier, ass, net méi gesinn. Natierlech froen ech mech ëmmer, wou endegt e Bild, an dann distanzéiere se sech och. Et gëtt just eng Grondkonstant a mengen Aarbechten: ech wëll Rou ervirbréngen. Et geet mir ëm de Moment, do wou ech den éischte Bléck sichen a parallel dozou eng Rou. Ech hu realiséiert, datt den éischte Bléck an deem Moment ass, an der Differenz tëschent Perceptioun an Erkennen. Wann zum Beispill am Fussball e Goal geschoss gëtt, ass fir d'éischt emol alles roueg. A menge Biller sichen ech d'Zäitlosegkeet. Dat huet näischt mat weltfriem ze dinn, mee éischter mat engem kosmesche Gefill: dat kann asetzen, wann ee mam Vëlo fält oder op eemol onerwaart krank gëtt, dee Moment verrëtschen d'Paradigmen, an dee sichen ech a menge Biller. Ech komme mir heiansdo vir wéi en Trapper, deen eppes entdeckt huet an de Leit seet, gitt dach emol dohinner, do gëtt et dëst an dat, a bis si dat gesinn hunn, sinn ech schonn op der nächster Plaz."

Abstrakt mat generéise Faarwen

Passend zu all deem huet den Helmut Dorner seng Ausstellung um Fëschmaart "Zwischen Tor und Torschrei" iwwerschriwwen. D'Aarbechte sinn abstrakt, mat geometresche Formen a generéise Faarwen. Zesummespill tëschent dem Plasteschen an dem Poeteschen, also de generellen- an déi eenzel Billertitele wéi "Figur ohne Schnee"/ "Doppelsandwich"/ "Randnotiz"/ "Klemmstein" declenchéieren e gewëssent Rotéieren am Kapp vum Betruechter. Eng Beweegung, déi dem Helmut Dorner am Confinement gefeelt huet?

"Also ee Grond fir d'Dynamik ass, datt ech vun der Basis hier liicht romantesch ugehaucht war a mir gesot hunn, et ass ëmmer eng Dynamik an der Welt an am Liewen. Déi muss een huelen, wéi se ass, an dat hunn ech versicht, an eng Aart Liewensfreed ze verwandelen. Ronderëm mäin Atelier ass en zimmlech grousse Gaart, deen ech gäre soignéieren, an an deem ech dëse Mee eng Zort Multi-Colour-Event erlieft hunn. Tja, d'Corona-Geschicht ass iergendwéi laanscht mech gaangen, well ech och virdru krank gi war a gezwonge war, dat emol fir d'éischt auszekuréieren."

Dem Helmut Dorner senger Experienz no sichen en etlech Leit, beim Betruechte vu Konscht, eng Aart Trouscht. Déi eng erhoffe sech Opreegung, an där si alles ronderëm sech vergiesse kënnen, anerer wëllen domat un d'Léngt geholl ginn.

Den Dorner hofft, mat sengen Aarbechten Zäitlosegkeet, Rou an Andacht vermëttelen ze kënnen. Datt ee realiséiert, wat een ewech loosse kann, wien ee selwer ass a wat iwwerhaapt ass. Vun der Astellung "Expo gesinn, ofgehaakt" hält hien net ganz vill, am Idealfall géif seng Billerserie ëmmer nees fir nei dynamesch Impressioune suergen, wéi eng Rakéit vum Buedem ofhiewen an d'Laune vum Kënschtler, ënner deenen d'Aarbechten entstane sinn, um Buedem, an deemno baussent dem Bléckfeld vum Observateur zeréckloossen.

"Jiddwereen huet seng Geschicht; et kann ee retrospektiv soen, dëst oder dat wier besser gewiescht. Mee et gëtt jo ëmmer nach eng Zukunft, un där ee schaffe kann."


Bis September kënnt Dir nei Helmut-Dorner-Wierker an der Galerie Nosbaum-Reding entdecken.