Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wat net däerf sinn, dat ass och net"

Theater

"Wat net däerf sinn, dat ass och net"

Den däitsche Regisseur Max Claessen thematiséiert an "Tom auf dem Lande" vum Michel Marc Bouchard schmäerzleche Verloscht, Léift a Veruechtung. Mä och den Ëmgang mat onerwaartem Doud, Ligen an ënnerdréckte Gefiller.







auto_stories

3 min

Den Tom ass schwul. Den Tom lieft an enger Stad an an engem Job, wou dat u sech keen Thema ass. Mä den Tom ass virun allem traureg. De Mann, mat deem hie frou ass, lieft net méi. Den Tom ass am Haus vu sengem Frënd, deem senger Mamm a sengem Brudder, déi an enger anerer Welt liewen: Op engem Duerf, engem Bauerenhaff, wou schwul sinn och keen Thema ass. Dat awer aus anere Grënn. Wat net däerf sinn, dat ass och net. An datt de verstuerwene Fils, respektiv Brudder schwul war, dat muss verstoppt a verheemlecht ginn. Virun allem d'Mamm däerf d'Wourecht net kennen. A fir datt et och iwwerzeegend bei dëser Lige bleift, soll den Tom sech net als Partner, mä als gudde Kolleg ausginn an eng Frëndin erfannen.

Verschiddenen Emotioune prallen openeen

Sou trivial de Plot sech unhéiert, ëmsou méi komplex ass dann awer d'Story, déi de Max Claessen op d'Bühn vum Kapuzinertheater bréngt. Him geléngt et hei net just den Text vum Michel Marc Bouchard ganz duerchduecht ëmzesetzen, mä och duerch dat wonnerbart a widderspréchlecht Zesummespill vun de Protagonisten nohalteg z'iwwerraschen.

Ästhetik a Gewalt, Léift a Veruechtung, Poesie a Brutalitéit, Duussheet a Muecht stousse permanent openeen. Et ass eng onënnerbrach Reiwung vun de verschiddensten Emotiounen, déi openee prallen. De jonke Schauspiller Konstantin Rommelfangen an der Roll vum Tom iwwerzeegt net eleng duerch seng ästhetesch Präsenz, mä virun allem duerch déi reng a sensibel Duerstellung vun engem jonke Mann, dee mol mat engem Verloscht ëmgoe muss, mä dee seng eigentlech Gefiller awer net weisen däerf an do nach zousätzlech de Wierder, déi blesséieren, a virun allem dem onberechenbaren Handele vum Brudder, ausgeliwwert ass. De Brudder - vun deem wuel déi iwwerzeegendst Bühnepresenz ausgeet - gëtt vum Pitt Simon gespillt. Eng Roll, wou een den Androck huet, déi wier fir hie geschriwwe ginn. Ee brutaalt Monster an en duusst, blesséiert Kand. Ee sturen Déckkapp, deen alles zerstéiere wëll, wat hien net versteet a begräift. Fir dann a senger Sensibilitéit a sengem eegene Blesséiert sinn zu engem Déier ze mutéieren, dat stéiert.

Strudel vu kierperlecher a verbaler Gewalt

Duerch d'Bühn a Form vun engem Triichter sinn d'Zuschauer nach vill méi an d'Geschéien involvéiert a mat de Protagoniste verbonnen. Si si mat all Toun a Geste konfrontéiert. An duerch déi dicht Atmosphär verflitt d'Zäit esou, datt een herno net gleewe kann, datt d'Stéck bal zwou Stonnen dauert. All Wuert an all Beweegung trëfft, beréiert, irritéiert. Tëschent den zwee Männer verkierpert d'Christiane Motter d'Mamm esou schlësseg. An all hirer Gebriechlechkeet, dem Refus d'Wourecht ze gesinn, z'akzeptéieren. Och hei e Wiesselspill vun Aktioun a Reaktioun. D'Mamm, déi u sech Potential fir Sympathieträgerin ze sinn, huet, verhënnert dat, duerch d'Ausliewe vun hirer bigotter Säit.

Kuerz virum Schluss daucht d'Sara, gespillt vum Gintare Parulyte, op. D'Alibi-Frëndin vum Verstuerwenen gëtt och an e Strudel vu kierperlecher a verbaler Gewalt matgerappt.

Distanz, déi een net iwwerwanne kann

Dem Max Claessen ass hei awer nach e weideren Aspekt gelongen: Obwuel een als Zuschauer an all dës widderspréchlech, héich emotional a brutal Dote reegelrecht involvéiert gëtt, ee permanent mat den ënnerschiddlechste Gefillsausbréch konfrontéiert gëtt, een déi verschiddenst perséinlech Facettë bal kierperlech spiert, bleift awer eng Distanz, déi een net iwwerwanne kann. An dat bréngt dës Inzenéierung op nach méi en héijen Niveau. No "Möglicherweise gab es einen Zwischenfall" e weidert Stéck vum Max Claessen, dat een op kee Fall verpasse soll.