Radioen

On air

Webinar  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi een d'Komplexitéit vum Liewe vermoosst

Danzkreatioun

Wéi een d'Komplexitéit vum Liewe vermoosst

An der Pièce "The Angular Distance of A Celestial Body" gëtt d'Fro opgeworf, wéi de Mënsch, deen an enger komplexer a komplizéierter Welt lieft, sech an hir zurecht ka fannen. Dëst imaginéiert den Alessandro Carboni, andeems den italienesche Choreograph sech op de Prozess vun der Kartographie berifft.

auto_stories

3 min

An der Pièce "The Angular Distance of A Celestial Body" gëtt d'Fro opgeworf, wéi de Mënsch, deen an enger komplexer a komplizéierter Welt lieft, sech an hir zurecht ka fannen. Dëst imaginéiert den Alessandro Carboni, andeems den italienesche Choreograph sech op de Prozess vun der Kartographie berifft.

Op der Bün gesi mir, wéi mat Hëllef vun 43 kottengs Linne versicht gëtt, d'Welt mat all hire Komplexitéiten ze abstraéieren, also op hir Essenz ze reduzéieren.

Den Alessandro Carboni erkläert, wéi hien un dës Thematik erugaangen ass, a wéi hien zu der ganz mënschlecher Tendenz steet, alles ze vermoossen a prezis festzehalen:

"Den Titel ass d'Definitioun vum Azimuth, de Wénkel, mat deem een all Punkten op der Äerd ka moossen. Ech wollt d'Bün zu enger Projektioun maachen, e kartographesche Prozess. Andeems ech d'Komplexitéit vun dësem Prozess méi kleng maachen, kënnt dobäi eng abstrakt Landkaart eraus. Dës Kaart weist net déi ganz Welt, mee nëmmen e puer Deeler. A wat dobäi iwwreg bleift, ass d'Imaginatioun. Wann een sech all dës verschafft Elementer ukuckt, gëtt d'Bün eng Zort linear Representatioun vum Raum."

Sech an der Repetitioun verléieren

Dëst Vermoosse vun eiser Welt geschitt op der Bün ganz lues, mat prezis ausgeféierten, bal scho mechanesch-repetitive Gesten - a wat fir de Spectateur, ganz bewosst, zu enger Gedoldsprouf ka ginn.

Déi zwou Figuren, déi wéi déi mythologesch Parze mat de Fiedem um Buedem hantéieren, beweegen sech wéi wann se e Spigelbild vunenee wieren, dann awer och stoussen si sech alt of wéi zwee Magnéiter. Et kënnt engem och d'Bild vum Antipodeschen an de Kapp - béid Elementer, déi vuneneen ofhängeg sinn an d'Welt an der Balance halen:

"Um Ufank ass alles ganz clean an exakt. Jee méi ech dës Iddi vun der Abstraktioun weiderspannen, desto méi geschitt eng Zort ëmgekéierte Prozess. Den Ufank wierkt elo ganz anescht. An zum Schluss formen all déi Linnen eng eenzeg Form. Et ass interessant, dëst vun hannen opzeknäppen: Vun der Abstraktioun beweege mir eis no hannen am Prozess d'Welt duerzestellen."

E Patchwork un Aflëss

D'Kostümer, déi béid Dänzerinnen droen, si vun engem metaphoresche Karneval inspiréiert. Den Alessandro Carboni wollt hei e Patchwork u Musteren zesummestellen, dat, änlech wéi bei enger Landkaart, aus den ënnerschiddlechen Ecker vun der Welt zesummegesat ass:

"De Karneval ass eng absurd, oder grotesk Duerstellung vun der Welt. D'Personnagë verkierperen en Deel vun dëser Welt - dat kann en Déier sinn, oder e Spigelbild. Et ass also wéi eng Reflektioun vun der Welt. Ech benotzen dës Iddi vum Karneval mat de Kostümer wéi eng Collage, wéi eng Landkaart."

E groussen Deel vun der Pièce besteet aus Repetitiounen, ëmmer an ëmmer erëm ginn déi selwecht Gesten ausgeféiert, an zesumme mat engem immersive Soundtrack gëtt dat ganzt zu enger hypnotescher Affär:

"D'Iddi vum Klang ass, en Horizont ze hunn. Et soll mat der Erwaardung vum Zuschauer gespillt ginn - si däerfen onkonzentréiert sinn, well hei vill laang Widderhuelungen dra sinn. Wa si mat de Gedanken erëm do sinn, wäert sech eppes verännert hunn. Et ass net nëmme puer Widderhuelung, mee eng Wandlung, déi selwecht Gesten, déi an eppes aneres iwwerginn."

"The Angular Distance of a Celestial Body" gouf den 9. Abrëll am Kader vun "Hors Circuits" am Trois-CL gewisen.