Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi Glawenssystemer d'Akzeptanz fir KI beaflossen

Kënschtlech Intelligenz

Wéi Glawenssystemer d'Akzeptanz fir KI beaflossen

Sympathie a Japan, Retizenz a westleche Länner: firwat Kënschtlech Intelligenz (KI) je no kulturellem Raum anescht opgeholl gëtt, analyséiert d'Suzanne Livingston. Hir Konklusiounen huet déi brittesch Fuerscherin viru Kuerzem am Stater Konschtcasino duergeluecht.

auto_stories

5 min

Wat ass mënschlech? Wat ass eng Maschinn? Wat ass Intelligenz? Wat Bewosstsinn? Ass dat natierlech oder kënschtlech? Grouss Froen, déi sech ëmmer méi akut a bezuch op AI, "artificial intelligence", dat heescht Kënschtlech Intelligenz géife stellen.

Déi geléiert Philosophin Suzanne Livingston analyséiert d'Relatiounen tëschent den Technologien an dem kulturelle Kader, an deene se sech entfalen. Am Laf vun der Geschicht waren d'Astellunge géintiwwer onaniméierte Géigestänn, déi op eemol zum Liewen erwächen, negativ oder positiv, je no Kultur:

"Relioun a verschidden eeler Glawenssystemer hunn déi mënschlech Bezéiungen zum Organeschen, dat heescht der Natur, mee och zum Onorganeschen, der Welt vun de Géigestänn, geformt. Eist Wuel- respektiv Onwuelbefannen, wann dës zwou Welten anenee verschwammen, huet och mat domat ze dinn."

Méi wéi mënschlech

D'Suzanne Livingston huet virun zwee Joer déi Londoner Ausstellung "AI. More than human", déi an Tëschenzäit duerch Europa gereest ass, co-kuratéiert. De Visiteur krut am Iwwerbléck déi grouss Fortschrëtter vum 20. Joerhonnert bis hautdesdaags presentéiert: vun der Nobildung vun de Mechanisme vum Gehier iwwer Computeren, déi eegestänneg léieren, bis hin zur Verkierperung vu kënschtlecher Intelligenz ënnert der Form vu Roboteren.

Mee och ethesch Froen, déi all dës Fortschrëtter fir den ëffentlechen a private Raum, d'Zukunft vun de Stied, der Gesondheet, dem Militärwiesen, de Mënscherechter, de Medien a soziale Medien opwerfen, goufen thematiséiert. Trotz der Faszinatioun, déi nei Technologien an de westleche Länner ausüben, zum Beispill den zwanghafte Lien zum Handy, misst een sech froen, wéi vill dovunner fräiwëlleg oder awer d'Produkt vu Manipulatioun ass, sou d'Suzanne Livingston.

Do wou d'Grenze verschwammen

Doriwwer eraus hieft déi brittesch Fuerscherin kulturell Ënnerscheeder am Ëmgang mat Kënschtlecher Intelligenz ervir. Am Weste géif déi technokapitalistesch Opfaassung vu wéinege Grousskonzerner dominéieren. A China wier et eng autoritär an op Iwwerwaachung a Kontroll ausgeriichte Konzeptioun. Wärend a Japan eng Form vun Intimitéit mat neien Technologië géif virherrschen:

"Eng net hierarchesch Opfaassung vu sech selwer, déi aner Forme vun Intelligenz besser akzeptéiert wéi dat am Westen de Fall ass. Aus déiwen historesche Grënn hu mer eng Iddi vun der eegener Persoun, déi sech méi kloer ofgegrenzt, méi defensiv an ängschtlech reagéiert op onaniméiert Wiesen, déi op eemol zum Liewen erwächen, oder aner, gläichwäerteg Forme vun Intelligenz."

Déi schintoistesch Relioun als alen, a Japan wäit verbreete Glawenssystem, wier e fruchtbare Buedem fir eng méi enk Relatioun tëschent dem Mënsch an der Baussewelt:

"An der schintoistescher Traditioun gëtt et 8 Millioune Gëtter oder Entitéiten, déi an allem liewen: Mënschen, d'Natur, Objeten, Phenomener. Alles lieft. De Schintoismus ass och immanent: et gëtt keng kloer Grenzen tëschent de Mënschen an hirem Ëmfeld, der Technologie, Objeten a méi breet Phenomener."

Golem, Frankenstein, Sandmann: onheemlech KI

An Europa wier een dogéint méi retizent géintiwwer den Technologien. Fir d'Suzanne Livingston ass dat Mësstraue kulturell verankert, beispillsweis an der mëttelalterlech-mythologescher Figur vum Prager Golem, e mënschenänlecht Wiesen aus Leem, dat geschaaft gouf, fir d'Judden ze beschützen, dat duerno awer ausser Kontroll gerode war:

"Et gëtt als Intelligenz ugesinn, mee als eng ganz literal Form. Eng Interpretatioun, firwat de Golem destruktiv ginn ass, ass déi, datt en d'Reegelen ze enk suivéiert huet. D'Lektioun, déi een hautdesdaags a Bezuch op Kënschtlech Intelligenz kann zéien: total Kontroll ass méiglecherweis net dee gudde Wee."

Déi méi rezent Traditioun vun der Gotik am 18./19. Joerhonnert hat änlech Figure geschaaft, wéi d'Mary Shelley mat hirem Frankenstein oder dem E.T.A. Hoffmann säi Sandmann. Op de Sandmann hat sech de Sigmund Freud bezunn fir seng Theorie vum Onheemlechen ze begrënnen:

"Dat Onheemlecht gräift, wann e Roboter, en Objet, ze lieweg wierken. Dat fanne mer immens verstéierend, gespenstesch, ofstoussend. De Bezuch brécht of. De Freud hat dorausser d'Themae vun de Geeschter, dem Doppelgänger ofgeleet. De Freud ass zur Conclusioun komm, datt d'Gefill vum Onheemlechen eis an e fréiere psychesche Stadium zréck versetzt, ier den Ego geschaaft gouf, eng Zort ongeformten "Ech", mat verschwommene Grenzen."

An den 1970er Joren hat de japanesche Robotiker Masahiro Mori dem Freud seng Theorie vum Onheemlechen opgegraff. E Wiesen, dat eis ongeféier mee net ze vill gläicht, schaaft eng gewëssen Affinitéit. Wann et ze lieweg wierkt, fille mer eis ofgestouss.

Perspektivewiessel

Westlech an asiatesch Traditioune kënnen awer duerchaus anenee gräifen, erkläert d'Suzanne Livingston. An der Mëtt vum 17. Joerhonnert hat sech schonn de Leibniz um "I Ching", dem klassesche chineeseschen Divinatiounsbuch inspiréiert, fir de Binärsystem ze begrënnen - deen een dowéinst och mam Konfuzianismus a mam Taoismus ka verbannen.

D'Suzanne Livingston plädéiert dofir, Léieren aus där interkultureller Approche ze zéien. Dat géif besonnesch eisem Ëmgank mat Kënschtlecher Intelligenz zegutt kommen:

"E Perspektivewiessel kéint eis hëllefen. Mir liewen an enger Welt, an där de mënschlechen Impakt destruktiv ass. Eis net uewen op der Entwécklungsleder ze gesinn, kéint duerchaus positiv Auswierkungen hunn. Wéi et och gutt wier, eis als Deel vun engem zesummenhänkende System ze gesinn."


D'Suzanne Livingston war den 28. Oktober am Stater Casino fir hir Konferenz "Gods, Ghosts and Golems: Philosophical Perspectives on Europe, Asia and AI". Et war déi éischt Konferenz vum Zyklus "AM I AI. Into the deep of AI", deen de Casino bis Mäerz 2022 organiséiert.