Radioen

On air

Resonanzen  |  Georg Philipp Telemann - Concerto fir zwou Flütten a Sol Majeur, TWV 53:G1, II. Allegro - Leela Breithaupt (Flütt), Barthold Kuijken (Flütt/Dir.), Stephanie Corwin (Fagott), Indianapolis Baroque Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider liewen, trotz allem

FILM

Weider liewen, trotz allem

Den ukraineschen Drama "Atlantis" weist déi materiell a mental Zerstéierung duerch de Krich, an och d'Spuere vu Mënschlechkeet, déi iwwerlieft hunn. Offiziell Kompetitioun.

auto_stories

3 min

Eng Infrarout-Kamera filmt vun uewen erof e Mann, dee mat enger Schëpp e Lach an de Buedem grueft. Zwee aner Männer schleefen en Drëtte bei de Gruef, stoussen hien dran, éier d'Affer mat engem Gewierkolbe widder de Kapp geschloen an de Gruef nees zougeschott gëtt. Mat dësem Schockmoment fänkt dem Valentyn Vasyanovych säin "Atlantis" un, en duerch an duerch däischteren Anticipatiounsfilm, dee sech an der Ukrain am Joer 2025, kuerz nom hypotheteschen Enn vum Biergerkrich am Oste vum Land, ofspillt.

Den Haaptpersonnage ass de fréieren Zaldot Sergiy, deen u sengen traumateschen Erliefnesser ze knaen huet. An Tëschenzäit schafft hien als Camionschauffer fir d'Arméi, seng Fräizäit verdreift hie sech op engem improviséierte Schéissstand.

Den Ënnergang vun enger ganzer Regioun

De Filmtitel verweist op déi mythesch griichesch Insel Atlantis, déi fir de Philosoph Platon, am Géigesaz zum dugendhaften Athen, d'Symbol vun der Hybris, dem iwwerhieflechen Exzess war. Atlantis war, dem Platon no, vum Räichtum, deen et duerch militäresch Eruewerungen ugeheeft hat, korrumpéiert ginn, an dofir reegelrecht am Mier ënnergaangen.

Sou schéngt och d'Donbass-Regioun ënnergaangen ze sinn. Virun enger deprimanter Kuliss vun zerbommten Appartementshaiser, wanterleche Bulliswüsten, Steebréch a Schmelzen, déi weiderhin der Logik vum Kapitalismus zum Affer falen, entwerft de Realisateur Valentyn Vasyanovych eng däischter Visioun vun der Ost-Ukrain nom Konflikt. Iwwreg bliwwen ass eng dehumaniséiert Welt, an där déi Iwwerliewend sech tëschent de Maschinnen, de Baggeren an de Camione verléieren. "Hu mir dofir Krich geféiert?", seet de komplett desillusionéierten Haaptpersonnage.

Posttraumatesche Syndrom

De Film besteet gréisstendeels aus fixen, relativ laange Plan Sequenzen: eng Seance um Schéissstand; d'Autopsie vun enger mumifizéierter Zaldoteläich, déi a voller Längt gewise gëtt; de Sergiy, deen a sengem Zëmmer duerchdréit. De Film thematiséiert d'Konsequenze vum Krich, mat all den anonymme Läichen a Minnefelder, mat der materieller an och der mentaler Zerstéierung, déi en hannerléisst.

De posttraumatesche Syndrom, mat deem Krichsveterane geplot sinn, kann eventuell zum Suicid féieren. Un deen Auswee hätt och hie geduecht, seet de Sergiy. Dunn hätt hie sech decidéiert, fir weider ze liewen. De Film léisst eng Dier op fir den Usaz vun Hoffnung.

Spuere vu Mënschlechkeet

Enges Daags kënnt de Sergiy nämlech mat engem Projet a Kontakt, dee sech mam Ausgruewen an Identifizéiere vun doudegen Zaldote beschäftegt - ëmmerhin eng Manéier, fir säin Know-How positiv anzesetzen. A fir eng Fra kennenzeléieren. Seng Kolleegin ass eng ausgebilten Archeologin, déi och an deem heite Fall eng Form vun Archeologie géif bedreiwen.

Deen ukrainesche Film mécht an deem Sënn den Inventaire vun de Spuere vun enger verschwonnener Welt. D'Mënschlechkeet, déi schéngt trotz allem iwwerlieft ze hunn. "Atlantis" ass alles anescht wéi e liicht verdauleche Film. Mee jiddefalls een, deem seng apokalyptesch Biller sech dem Spectateur an d'Gediechtnes dierften abrennen.


"Atlantis" leeft nach zweemol am Kader vum Luxfilmfest: Mëttwoch 11. Mäerz um 21 Auer, an Donneschdeg 12. Mäerz um 18.30, all kéiers am Utopia.