Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ When Groundhog Day Met Scream

Film

When Groundhog Day Met Scream

Oscaren hin oder hier, leschte Mëttwoch ass nieft der Selektioun, déi am Grousse Kino beschwat gouf, nach en Horrorfilm ugelaf. Den Titel: "Happy Death Day 2U". Den Tom Dockal ass léiwer dat kucke gaangen, wéi d'Oscar-Zeremonie mussen ze kucken.

auto_stories

3 min

Genrëfilmer hunn an der Reegel ee prinzipielle Problem. Genrë sinn duerch verschidde Coden ze identifizéieren a sinn néideg, fir datt aus dem Film dann e Genrëfilm gëtt. Ouni d'Code - kee Genrëfilm. A genee wéinst deene Codë geet ee mat enger präziser Erwaardung an z. B. en Horrorfilm. Datt een dobäi awer ëmmer an ëmmer an ëmmer nees deen nämmlechte Film gesäit - mat wéinege dramaturgesche Variatiounen - kann zu engem gelangweilten Déjà-Vu féieren. Zu all deem gläich méi.

"Happy Death Day 2U" fiert genee do virun, wou "Happy Death Day" vu virun zwee Joer opgehalen huet. "Happy Death Day" ass dee Film, dee "Groundhog Day" a "Scream" gemaach hätten, wa Filmer kéinte Kanner maachen. Entschëllegt dat Bild. D'Haaptprotagonistin huet do een an deen nämmlechten Dag an enger Schläif ëmmer nees erlieft. Den Dag huet domadder opgehalen, dat si vun engem maskéierte Killer op grujeleg Aart a Weis ëmbruecht gouf. Si versicht aus dem Cercle vicieux - éischter Cercle mortel erauszekommen, an deem si de Mäerder demaskéiert. Sou. Den zweete Film setzt also do un, wou et mam Happy End vum éischte Film opgehalen huet. Just: et gesäit ganz dono aus, wéi wann en Niewepersonnage aus dem éischte Volet op eemol an deem Loop do drastécht. Drastiechen ass gutt gesot: well hie gëtt komescherweis och vum nämmechte maskéierte Killer ëmbruecht. Wéi kann dat sinn? Ass deen awer net am Film virdrun aus dem Wee geraumt ginn.

E Film, deen eleng vu sengem dramaturgesch formellen Dispositif e Konstrukt aus Déjà-Vue versprécht, bitt elo mat enger liichter Variatioun an der Perspektiv weider 100 Minutte Loop an Déjà-Vu aus Slasher a Murder-Mystery un? Deen Ament, an deem ee sech schonn am Fong domadder offanne wollt, datt "Happy Death Day 2U" just eng méi verdënnte Widderhuelung vun engem u sech schonn ofgelutschten a verdënnte Konzept bitt, geschitt eng Iwwerraschung. Mat engem Reset vum Dag gesäit sech den Haaptprotagonist vum neie Film just nees als Niewepersonnage. Well mir sinn nees en Dag no hanne gesprongen an am Loop vun der Heldin aus dem éischte Film. Nieft dem Sprong no hannen ass och e Sprong nees zur Säit gemaach ginn. E Gespréngs sonnergläichen, datt et de Sprénger vun Iechternach ganz dronke géif ginn. Déjà-Vu héich dräi. Meta Déjà-Vu. D'Frënn vu Paralleluniversen an den quantephyseschen Theorië vun de Multiversen dierften hei op hir Käschte kommen. Oder?

Eppes virop: "Happy Death Day 2U" ass kee gudde Film. Esou clever an intelligent, wéi dës Kritik - dës Aschätzung de Film subtil niewebäi wollt héich halen - ass en dann am Fong guer net. An dat huet ganz einfach Grënn. De Christopher Landon ass kee gudde Realisateur. Dobäi huet hien eppes ganz Intelligentes fir deen heite Sequel gemaach. Hien huet esou gutt wéi all Horrorelementer erausgehäit. Hie war sech wuel bewosst ginn, datt Suspense an Horror wierklech net seng Stäerkt sinn.

E schlechte Film

Och wann de Verglach mat "Scream" net vun ongeféier kënnt, esou huet hien déi wichteg Inszenéierungsselektioune vum Wes Craven net verënnerlecht. An an enger Filmwelt an där esouguer d'Superheldefilmer hire Katharsisfilm hu mat "Spider-Man: Into the Spider-Verse", verblatzt dat heiten awer komplett am Verglach. An dobäi hätt mat Hëllef vun der "Groundhog Day"-Kopie e Film entstoe kënnen, deen eng Ofhandlung mécht vum Horrorgenre an de Coden, déi een zënter Joerzéngten um Liewen hält. Mee och do war "Scream" vu virun 20 Joer méi wäit. Also um Niveau vum Kommentar.

Komescherweis huet de Realisateur, deen dës Kéier d'Dréibuch selwer geschriwwen huet, awer manifestement méi Spaass un der Saach, d'Geschicht op den Ecran ze bréngen. Op alle Fall kënnt den tatsächlechen Ermiddungsament bei "2U" méi spéit wéi am éischte Film. Dat schwätzt zwar nach ëmmer net wierklech fir de Film, mee et ass op d'mannst awer dat.