Radioen

On air

De Moien  |  Ian Dury & The Blockheads - Reasons To Be Cheerful Part 3

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien erënnert sech un d'Fleckféiwer-Pandemie vun 1813-14?

Geschicht

Wien erënnert sech un d'Fleckféiwer-Pandemie vun 1813-14?

Dat neit Heft vun der "Hémecht. Revue d'Histoire luxermbourgeoise" ass eraus. Behandelt ginn ë.a. déi al Funktioun vum Ierfmarschall, déi "vergiesse Pandemie" vum Wanter 1813-14 an d'Redynamiséiere vum Clausener Schlassareal Uganks vum 19. Joerhonnert.

auto_stories

3 min

Wat hat et mat der ierflecher Funktioun vum Marschall an der Grofschaft an duerno am Herzogtum Lëtzebuerg op sech? Där Fro geet den Theodor Baums an enger Etüd no, vun där den éischten Deel hei verëffentlecht ginn ass. 1244 geet eng éischte Kéier vun dëser Charge rieds, déi de Grof vu Lëtzebuerg, Walram vu Limburg, a seng Fra, d'Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg, dem Heinrich von Daun iwwerdroen haten. En haaptsächlech symboleschen Titel, dee mat kenger bestëmmter Missioun verbonne war, a scho guer déi vum Stall- a Quartéiermeeschter, der ursprénglecher Aufgab vun engem Marschall.

Villméi goung et dem Lehnshär, an deem Fall dem Grof vu Lëtzebuerg drëm, den Heinrich von Daun an deem seng Ierwen dauerhaft u sech ze bannen. Dat hat eng strategesch Bedeitung: net nëmme war den Heinrich von Daun en enke Vertraute vum Kinnek a spéidere Keeser Friedrich II. Des weideren hat e seng Herrschaft zu Densborn, heivir an der Eifel, dat heescht an den ëstleche Gebidder vun der Grofschaft. Vun dohier kéint een et als Versuch vum Grof interpretéieren, säin Afloss an engem Grenzberäich ze stäerken, wou d'Interessie vun aneren Territorialhäere sech iwwerschnidden haten, notéiert den Theodor Baums. An nennt d'Rivalitéit mat den Äerzbëscheef vun Tréier.

D'Funktioun vum Ierfmarschall huet sech mat der Zäit entwéckelt. Als tatsächlech Aufgab krut en d'Presidence vun de Plenarsëtzunge vun de Stänn, wou déi héij Vertrieder vu Klerus, Adel an den Stied zesummekomm waren. An dat hat duerchaus och zu institutionelle Konflikter gefouert. 1795, nodeems Lëtzebuerg vun de Fransousen an den Departement des forêts integréiert gi war, gouf den Ierfmarschall ofgeschaaft.

3.600 Doudeger wéinst Fleckféiwer

An engem weideren Artikel an der "Hémecht" erënnert de John Feller un d'Fleckféiwer-Pandemie, déi am Wanter 1813-1814 Lëtzebuerg getraff hat - en Evenement, dat en als "die vergessene Pandemie" bezeechent. Nom desastréise Russland-Feldzuch an der entscheedender Defaite zu Leipzig, waren d'Iwwerreschter vun den napoleoneschen Truppen och via Lëtzebuerg zréck a Frankräich gezunn - mat am Gepäck, oder besser gesot: un de Kleeder, haten se d'Kleederlais matbruecht, iwwer déi sech dat deemools déidlecht Fleckféiwer un de Mënsch iwwerdréit.

De John Feller huet ausgerechent, dat an de véier bis fënnef Méint vun der Pandemie am Ganzen 3.600 Mënschen hei am Land dierfte wéinst dem Fleckféiwer gestuerwe sinn, dovunner eng 2.400 Zivilisten, also 2,4 Prozent vun der Lëtzebuerg Populatioun, an ëm déi 1.200 Zaldote vun der napoleonescher Arméi. 68 vun den 126 analyséierte Gemengen am Land ware betraff.

Am meeschten Doudeger waren iwwregens an der Gemeng Gréiwemaacher ze verzeechnen, do wou déi infizéiert Zaldote fir d'éischt an d'Land komm waren. Wéinst dem Maacher Maart an och der - am Verglach mat der Festung Lëtzebuerg- méi schappeger Hygiène, konnt sech d'Fleckféiwer do besonnesch gutt ausbreeden. D'Erliichterung duerch d'Enn vum Napoleon senger Herrschaft erkläert méiglecherweis, firwat d'Pandemie aus dem kollektive Gediechtnes verdrängt gouf, schreift de John Feller.

Neit Liewe fir d'Schlassareal a Clausen

Nom Dout am Joer 1604 vum Grof Mansfeld war d'Areal vu sengem Schlass a Clausen vun enger beweegter Geschicht gepräägt. Eréischt zwee Joerhonnerte méi spéit gouf de Site redynamiséiert. Opgrond vun neie Quellen analyséiert de Jean-Luc Mousset d'Wierke vun de Famille Krips a Becker, onofhängeg Geschäftsleit, déi do eng Wiertschaft an ëffentlech Bieder bedriwwen, respektiv an de Gäert Geméis a Blumme geziicht haten.

Anescht ewéi seng elitär Vergaangenheet war d'Schlassareal an der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert e populären Ënnerhalungsuert, deem seng Ruinen an deene leschte fënnef Joerzéngte verfall wann net verschwonne sinn. Déi lescht Bewunnerin, Katie Fischer, ass 1970 gestuerwen. Al Clausener schwätze an Zesummenhang mam Site ëmmer nach vun de Fischergäert an dem Fischerhaus, sou de Jean-Luc Mousset.