Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Boygenius - $20

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mécht de Begrëff "Subkulturen" nach Sënn?

Soziologie

Mécht de Begrëff "Subkulturen" nach Sënn?

Mécht de Begrëff "Subkulturen" fir sozio-kulturell Praktike baussen dem Mainstream ze beschreiwen, iwwerhaapt nach Sënn? Déi zwee Turiner Soziologe Luigi Berzano a Carlo Genova schwätze léiwer vu "Lifestyle", ee Konzept, dat dem gesellschaftleche Wandel éischter géif Rechnung droen.

auto_stories

7 min

Soziokulturell Praktiken hänken hautdesdaags manner vu Wäerter, Representatiounen oder esouguer der sozialer Positioun of, wéi dat nach viru Joerzéngten de Fall war. Villméi spillen haut d'Goûten, d'Sensibilitéit an d'Interessie vun den Individuen eng Roll. Déi Opfaassung vertrieden de Luigi Berzano an de Carlo Genova, zwee Soziologe vun der Universitéit vun Turin.

2011 hate si hiren theoreteschen Usaz a Buchform zesummegefaasst, ënner dem Titel "Sociologia dei Lifestyles". 2015 koum et an englescher Iwwersetzung eraus: "Lifestyles and Subcultures. History and a New Perspective". Kee liichte Kascht, sécherlech keng Plagelecture, well et hei ëm wëssenschaftlech präzis Definitioune geet, déi d'Gedold vum net-spezialiséierten an awer interesséierte Public kënnen iwwerstrapazéieren.

Déi zwee Fuerscher befaasse sech mat renger Theorie, konkret Beispiller liwwere si an hirem Wierk esou gutt wéi keng. Do ass een also gutt beroden, parallel aner Bicher zur Säit ze hunn, beispillsweis dem Ken Gelder säin interessante "Subcultures. Cultural histories and social practice" aus dem Joer 2007. Ee grousse Merite vu Berzano an Genova ass et dann awer, d'Entwécklung vun de Begrëffer "Liewensstil" a "Subkultur" nozezeechnen, sou wéi se vu Soziologe respektiv Psychologen am Laf vum 20. Joerhonnert definéiert goufen. Vun deene sëlleche Fuerschungs-Traditiounen, deelweis grondverschidden Usätz, behalen eis zwee Auteuren déi Elementer zeréck, déi si zu engem neie Konzept vu "Lifestyle" kënne fusionéieren.

Haapterklärungsfacteur: Sozial Positioun

Wat beaflosst de "Liewensstil" vun Individuen, no wéi enger sozialer Logik kënnt dee Liewensstil zustanen? Et ass déi sozial Positioun, déi fir ee wichtege Courant vun der Soziologie den Haapterklärungsfacteur ass. Den Amerikaner Thorstein Veblen hat virun engem Joerhonnert gewisen, datt d'Individuen aus enger bestëmmter sozialer Klass bestrieft sinn, der sozialer Klass just iwwer hirer nozeäiferen.

Mam Konsumverhalen, dat jee no Akommes variéiert, kënnt déi sozial Kompetitioun zum Ausdrock. De Max Weber hat déi Analys verfeinert a bannent de soziale Klassen Ënnerscheeder erkannt. Déi sougenannt "Stände" hunn ënner anerem vun Ausbildung a Beruff ofgehaangen, déi hirersäits op verschidde Liewensstiler a Forme vu Prestige schléisse gelooss hunn.

Fir de Georg Simmel war eng duebel, géigesätzlech Logik um Wierk: d'Individue wëlle sech gesellschaftlech differenzéieren - souwuel horizontal wéi och vertikal -, si wëllen awer och imitéieren. Iwwer dee Wee komme sougenannt "sozial Kreesser" zustanen, déi een u bestëmmte Liewensstiler erkennt: an déi hänken nees vun der Geldwirtschaft, deemno vum Konsum an also och der Moud of.

An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert dann huet de franséische Soziolog Pierre Bourdieu ee Modell ausgeschafft, an deem den ästhetesche Goût am Mëttelpunkt steet. Dee Goût fënnt säin Ausdrock an enger Hellewull u soziale Praktiken, déi ee Produkt vum sougenannten "Habitus" sinn, dat heescht, datt d'Aart a Weis, wéi den Individuum seng Ëmwelt wouer hëlt an agéiert vu senge sozialen Originnen ofhänkt, vu senger Liewenserfahrung, vu senger Ausbildung, asw. Fir de Bourdieu ass et also de Goût, deen déi sozial Differenzéierungen definéiert.

De perséinlechen Afloss

De Luigi Berzano an de Carlo Genova weisen, datt et nieft där soziologescher och eng psychologesch Approche gouf, fir déi d'Liewensstiler net virop vun der Gesellschaft beaflosst ginn, mee éischter vum Eenzele selwer, vu senger Perséinlechkeet, sengem Charakter, senge Wäerter, sengen Erwaardungen, sengen onbewosste Pulsiounen, oder awer vu senge bewossten Entscheedungen, woubäi d'Ëmfeld, d'Interaktioune mat aneren Individuen oder déi sozial Positioun eng méi oder manner grouss Roll kënne spillen - eng Approche, op déi virun allem och Marketing-Stratege gär gesat hu fir d'Motivatiounen hanner dem Konsumverhalen ze analyséieren.

Nach een anere Courant huet sech mam Konsumverhale selwer befaasst, mat der Bedeitung vun de Produkter an Déngschtleeschtungen, déi konsuméiert ginn, oder allgemeng mat der Opdeelung tëschent Aarbecht a Fräizäit, an där de Konsum eng ënner méi Optiounen ass.

Keen neie Phenomen

Subkulture sinn u sech kee rezente Phenomen, op jiddwerfalls keen, deen eréischt am 20. Joerhonnert entstane wier, quitt datt déi Gesellschaftsform do eréischt wëssenschaftlech ënnersicht an theoretiséiert gouf. Den australesche Literatur- an Theaterwëssenschaftler Ken Gelder nennt d'Beispill vun der Londoner Ënnerwelt am 16. Joerhonnert, ee Sammelsurium vu Klengkriminalitéit, Prostitutioun a soss Vagabunden, eng Ënnerwelt, déi deemools via eng sougenannt "rogue literature" populariséiert gouf.

Iwwerhaapt si Subkulturen dacks duerch hir Positioun an der gesellschaftlecher Struktur definéiert ginn. Et war de Karl Marx, deen den ofschätzege Begrëff "Lumpenproletariat" gepräägt hat, notéiert de Ken Gelder. Déi zwee Turiner Soziologe Berzano an Genova weisen hirersäits drop hin, datt schonn de Präfix "sub-" op eppes Mannerwäerteges hindeit. Deemno sinn d'Subkulturen am Ufank och als Kulturen interpretéiert ginn, déi géigeniwwer der dominanter Kultur ënnerleeë waren, well se als partiell a sektoriell ugesi goufen, virun allem awer well se manner Méiglechkeeten hate fir sech auszedrécken an hir eege Modeller ze verbreeden.

Identitéit a Selbstwäertgefill

D'Ofwäiche vun der sozialer Norm an Delinquenz, dat waren d'Stéchwierder vum éischte wichtegen theoreteschen Usaz a Bezuch op Subkulturen. Déi soziologesch Schoul vu Chicago huet an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert d'Fuerschung an deem Beräich decisiv gepräägt. Déi amerikanesch Metropol, mat hirer Immigratioun an hirer Klasseverflechtung, war ee wonnerbare Laboratoire fir sozial Dynamiken ze observéieren an ze studéieren, a méi allgemeng Theorien iwwer de soziale Fonctionnement vun enger moderner Groussstad ze entwerfen.

Soziologe wéi Robert Park oder Albert Cohen hu gewisen, wéi sech am Laf vun der Zäit relativ homogen Ënnergruppen an enger Stad kënne forméieren, an deenen eege Wäerter a Reegele gëllen, wou anescht geschwat a sech verhale gëtt. Ënnergruppen, déi hire Memberen e Bezuchspunkt, eng eegen Identitéit a Selbstwäertgefill ginn.

Esou Tendenze goufe virun allem an der Aarbechterklass observéiert. Eng vun de Logiken dohanner soll déi vu Liewensziler gewiescht sinn, déi zwar den dominante Wäerter entspriechen awer net iwwer den normale Wee ze erreeche sinn. Et mussen deemno Alternativen entwéckelt ginn am Sënn vun Upassunge vun de gesellschaftlechen Normen. Een Ausdrock dovu ware jugendlech Subkulturen, net seelen och a Form vu klengkriminelle Banden.

D'Gesellschaft etikettéiert a bestrooft

Ufanks den 1960er Joren hat den Howard S. Becker a sengem klasseseche Wierk "Outsiders" erkläert, datt et net bestëmmte sozial Facteure sinn, déi d'Ofwäiche vun der dominanter Norm begënschtegen, mee datt et d'Gesellschaft selwer ass, déi gewësse Praktiken als Devianz etikettéiert a se deementspriechend bestrooft. Ee Beispill, dat de Becker zu Chicago méi genee ënnersicht hat, war de Konsum vu Marihuana ënner Jazz-Museker, eng Verhalensform, déi mat der afro-amerikanescher Subkultur vum Bebop verbonne war.

Als eng Form vu symboleschem Widderstand an engem Kontext vu Klassekampf hunn englesch Soziologen d'Subkulturen an den 1970er Joren interpretéiert. Déi soziologesch Schoul vun de Cultural Studies, déi nom Zweete Weltkrich zu Birmingham an d'Liewe geruff gi war, hat sech vill mat der Kultur vun der Aarbechterklass auserneegesat.

Verschidde "Klassekulturen"

De Stuart Hall, eng vun de wichtege Figure vun der zweeter Generatioun vun deem soziologesche Courant, huet vun diverse "Klassekulture" geschwat, déi an enger Bezéiung vun Dominanz a Ënnerleeënheet zouenee stéingen. Eng dovu war d'Kultur vun der Aarbechterklass, déi nees aus enger Rei vu Subkulturen zesummegesat war, dorënner Jugend-Subkulturen, déi am Konflikt ware souwuel mat der Kultur vun der Mëttelklass - zum Beispill d'Hippien, déi éischter als Géigekultur ugesi goufen - wéi och mat hirer Mammekultur, där vun der Aarbechterklass, woumat ee Generatiounskonflikt zum Ausdrock koum.

Subkulture wéi déi vun de Mods, Skinheads oder Punk hunn all kéiers en eegene Stil entwéckelt, dacks eng Kombinatioun vun Elementer aus der dominanter Kultur, déi dann awer eng aner Bedeitung kritt hunn. Virun allem och duerch den Afloss vun de Massemedie goufen dës Subkulture vun der Konsumgesellschaft recuperéiert, woubäi se hir politesch subversiv Bedeitung verluer hunn.

Eng fragmentéiert Identitéit

Mam gesellschaftleche Wandel, deen ëmmer méi a Richtung Individualismus gaangen ass, haten d'Subkulturen - an den Ae vu verschiddenen Theoretiker - nëmmen nach d'Distinktioun als Haaptcharakteristik. An enger sozio-kultureller Landschaft, déi als Postmodernismus bezeechent ginn ass, huet d'Gruppenidentitéit der fragmentéierter Identitéit den Terrain iwwerlooss.

De Stil, dee sech den Individuum uneegent, ass elo d'Resultat vun engem perséinleche Choix, deen och grad esou séier kann änneren, jee no Loscht an Interessi. Verschidden Auteure schwätze vu "style surfing". An esou engem Ëmfeld gebrauche Soziologe wéi de Luigi Berzano a Carlo Genova dann och léiwer de Begrëff "Lifestyle", an net méi Subkultur.