Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Kommunikatioun, wéineg Inhalt

Opmierksamkeetskultur

Vill Kommunikatioun, wéineg Inhalt

Wa Kommunikatioun zum eenzegen Inhalt gëtt, dann ass een an der Kategorie vum Pseudo-Event. Präisser fir Decideuren oder den Nation Branding kéint een als esou Evenementer bezeechnen.

auto_stories

5 min

1960 war an den USA d'Televisoun am Gaangen dem Kino ganz seriö Konkurrenz ze maachen. An op deem klengen Ecran ass 1960 am Wahlkampf fir d'Presidentschaft déi éischte Kéier Debatt tëscht zwee vun de Kandidate live iwwerdroe ginn. Den John F. Kennedy an den Richard Nixon stounge sech virun den Televisiounskamerae géintiwwer.

Wann een den Debat um Schlappekino gekuckt huet, dann hat ee ganz kloer d'Gefill, de Kennedy wier besser gewiescht. Wann een awer den Debat um Radio gelauschtert huet, wou en och iwwerdroe gouf, huet de Richard Nixon méi kompetent an iwwerzeegend gewierkt. Dat Uerteel kënnt net vun iergendenger Ëmfro, mee vun dem Don Hewitt, deen deemools fir de Networksender CBS de Produzent vun dësem alleréischte Presidentschaftsdebat op der Televisoun war. De Hewitt huet sech ganz gutt drun erënnert, datt de Kennedy déi Saach mam Kameraoptrëtt ganz eescht geholl huet. Den Nixon hat mëttes nach eng Ried virun Gewerkschaftsvertrieder zu Chicago gehalen a koum kuerz virdrun aus dem Spidol. Hie war matgeholl, an huet och esou ausgesinn. Mee den Nixon wollt sech net maquilléiere loossen, sou datt hie géintiwwer dem bronggebranntene Kennedy bleech an midd ausgesinn huet.

Pseudo-Event

Ee Joer méi spéit huet den Daniel J. Boorstin, nach ënnert dem Afloss vun deem, wat hien op der Televisoun gesinn hat, e Buch erausbruecht: "The Image: A Guide to Pseudo-Events in America" ass eng Pionéieraarbecht iwwer den Afloss vun der Publicitéit an de Medien op politesch a sozial Gewunnechten an den USA vun de 50er Joren. Ee "Pseudo-Event" ass eng duerch-choreographéiert Situatioun, déi sech quasi engem Dréibuch no ofspillt. D'Dramaturgie ass dofir geduecht, Situatiounen a Biller ze produzéieren, déi d'Opmierksamkeet op sech zéien. Klassesch Forme vum Pseudo-Event si Pressekonferenzen, Rieden oder aner Evenementer, déi eigentlech net vill oder guer kee wierklechen Inhalt u sech bidden.

Den Daniel J. Boorstin bréngt a sengem Buch Villes op de Punkt, wat mir haut als "Evenementiel" elo och ëmmer méi zu Lëtzebuerg proposéiert kréien: Eng erfonnte Realitéit, déi als Hannergrond d'Motivatioun vun der Promotioun huet. Do geet et an éischter Linn ëm den Image vun de Leit.

Ee Mëttegiessen am Mudam

Wann d'Ausgesinn oder d'Identitéit vun deem, dee kommunizéiert méi wichteg ass, wéi dat wat en eigentlech seet, da fält dat an d'Kategorie vum Pseudo-Event. Mee mir hunn eis dorunner esou gewinnt, datt mer et dacks net wierklech an Uecht huelen. Wann een als Presseorgan d'Kommunikatioun kritt, dass d'Angela Merkel op hirem Staatsbesuch zu Lëtzebuerg an de Mudam iesse geet, dann ass dat u sech keng Informatioun. Et ass och net wierklech en Event: Et dierf een unhuelen, datt d'Angela Merkel normalerweis all Dag eppes ësst. Mee eng Noriicht, kann een haut trotzdeem dorausser maachen.

Dobäi kënnt nach, datt mer (op d'mannst) déi leschte 25 Joer an engem Zäitalter vun enger hemmungsloser "Celebrity culture" gelieft hunn. An dat gëtt och op dee Milieu iwwerdroen, deem et soss dramatesch u "Glamour" a "Sex Appeal" feelt. Zum Beispill de Milieu vun der Ekonomie oder der Industrie.

Entrepreneuren an Decideuren

E ganz gutt Beispill dofir ass de Mensuel "Paperjam". Zënter senger Grënnung am Joer 2000 ginn op der Titelsäit ëmmer nees d'Gesiichter vu Leit gewisen, déi eng Roll an der nationaler Ekonomie spille sollen. D'Welt vun den Entreprisen. Entrepreneure ginn do elo séier zu Decideure promouvéiert, déi am Kader vu Präis-Zeremonië belount ginn. Firwat? Ma well se et verdéngt hunn, misst ee jo bal unhuelen.

Mee wat ass de wierklechen Hannergrond vun dëser Informatioun iwwert "oustanding winners"? Den Hannergrond ass eigentlech keng wierklech Informatioun, mee just reng Kommunikatioun - iwwert de Medium vum Pseudo-Event. Wann een de groussen Theater gefëllt kritt, dann ass dat en Erfolleg an der Kommunikatioun. Mee et gëtt eigentlech näischt wierklech kommunizéiert.

Opmierksamkeet amplaz Unerkennung

Interessant ass an deem Fall och den RTL-Concours vun der Lëtzebuergerin oder dem Lëtzebuerger vum Joer. Hei dierf ee mat ofstëmmen, wien dann elo deen Titel verdéngt huet. Mee wat ass d'Belounung? Net Unerkennung, wéi ee kéint mengen. Mee et kritt een Opmierksamkeet. Flagrant gëtt dat beim "Upgrade" vum Lëtzebuerger vum Joer, dee Paperjam elo fir den Schluss vun 2017 lancéiert huet. Maison Moderne, d’Editiounshaus vu Paperjam sicht no den Ambassadeure vum Land. Ënnert dem Slogan "Mir wëlle weise wie mir sinn" ass elo en Appel erausgaangen, fir Leit virzeschloen, déi eng "Success story" hunn. An déi dat hei kënnen: "Porter haut le drapeau luxembourgeois en dehors de nos frontières".

Dës bizar Mëschung vu "busines talk" a Feierwon-Rhetorik eleng weist schonn, datt dat hei eng hybrid Creatioun ex-nihilo ass. Eppes, wat och op der Well vum Nationbranding mat schwamme soll. Aus "Rout-Wäiss-Blo" soll Gold ginn.

Wat sollen déi nei Medien-Ambassadueren dann elo bewierken? Ma näischt direkt: Et gëtt elo mol iwwer si kommunizéiert an dann ass zum Schluss e grousse Gala-Dinner: "Tout au long de l’année, les médias Maison Moderne mettront en lumière 100 personnalités qui font briller le Luxembourg et rayonner son image." 2017 versprécht, op d'mannst zu Lëtzebuerg, e Sonnejoer ze ginn.

Opmierksamkeets-Ekonomie

1998 hat den Urbanist Georg Franck a sengem Buch "Ökonomie der Aufmerksamkeit" geschriwwen: "Die Aufmerksamkeit anderer Menschen ist die unwiderstehlichste aller Drogen. Ihr Bezug sticht jedes andere Einkommen aus. Darum steht der Ruhm über der Macht, darum verblaßt der Reichtum neben der Prominenz." Déi Ekonomie vun der Opmierksamkeet huet sech weiderentwéckelt zu enger Kultur vun der Opmierksamkeet. An dat geet vill méi wäit, wéi dem Andy Warhol säin "In the future, everyone will be world-famous for 15 minutes." De Pseudo-Event, oder den Non-Event huet also eng Funktioun: Et geet ëm déi längst méiglech Ausdehnung vun der Berühmtheet.

Interessant ass, datt Non-Eventer, wéi den "Nation branding" an d'Sproochendiskussioun hei am Land grad gläichzäiteg geschéien. Alles Diskussiounen, déi vill Opmierksamkeet verbrauchen, där hire reellen Informatiounswäert een awer ganz séier a Fro stelle kann.