Radioen

On air

De Moien  |  Onrouen an Neikaledonien

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Métissages

Métissages

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Paräiser Kollektiv Cotonete huet en neien Album “Victoire de la Musique”. Mir entdecken d’Jazz/Funk-Aventurë vum Kollektiv an hire Gaaschtinvitéen.
Déi excellent Lagos Thugs ass eng zu Lagos baséiert Band mat 15 jonken talentéierte Museker. Obwuel hir Musek d’Architektur an d’Sprooch vum Afrobeat erëmgëtt, héiere mir hei och Jazz Elementer, Dub souwéi traditionellen Drumming aus Kuba a Westafrika.
D’Fransousin Marion Rampal huet e ganz eegene Stil, si ass vum Jazz beaflosst, schafft och gäre mat anere Museker zesummen, dorënner de Piers Faccini, e Weltenbummler, dee reegelméisseg mat afrikaneschen Artiste collaboréiert.
D’Laura Misch, déi zu London baséiert Artistin a Produzentin hat am Oktober hiren Debut Album “Sample the Sky” verëffentlecht, eng Decouverte!
Och eng Decouverte ass d’Cerys Hafana, eng Multiinstrumentalistin, déi der traditioneller keltescher Musek en neien an unique Klang verpasst mat hirer Harf, Archivmaterial an elektronesche Prozesser. Eng richteg cool keltesch Connection.
Den englesch-amerikaneschen Trio Gabriels hat mat hirer “Bloodline EP” jiddwereen ëmgehaen: wat e grandiose Sound, eng fein Orchestratioun an ausgefeilten Arrangementer vum Ari Balouzian a Ryan Hope, déi di ëmwerfend Stëmm vum Jacob Lusk begleeden!
Dës Kéier entdecke mir och d’Australier vun Dope Lemon. Dat ass e Säite-Projet vum Angus Stone. Mir lauschteren an deen neien Album “Kimosabè” eran.

Playlist:
1. Leron Thomas & Cotonete - Day In Day Out - Day In Day Out
2. Cotonete & Omar - What Did You Run For? - What Did You Run For?
3. Lagos Thugs - Innocent Blood (Let It Be Known) - Straight from the Decks, Vol. 3 (Guts Finest Selection from His Famous DJ Sets)
4. Marion Rampal - Où sont passées les roses (feat. Piers Faccini) - Tissé
5. Cerys Hafana - Tragwyddoldeb - Edyf
6. Laura Misch - Widening Circles - Sample the Sky
7. Erik Truffaz - Lonesome Cowboy (feat. Stone Jack Jones) - Clap!
8. Fran Vasilić - Hypotheticals - Hypotheticals
9. Gabriels - Stranger - Bloodline
10. DOPE LEMON - Miami Baby - Kimosabè

Musek
Rock a Pop

Episoden

Spring Music 2023

E Virgeschmaach op nei Disken, déi sech ukënnegen, eng engagéiert Musekerin fir d'Gläichberechtegung vun de Fraen an e puer grouss Pärelen.
headphones

55 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Voices

Sträicher, déi aner Instrumenter imitéieren, aussergewéinlech Stëmmen an traditionell Musek mat modernen Aflëss
headphones

57 min

play_arrow

Great Encounters

Eng Rees duerch verschidde Kulturen, en interessante Mix vun de Genren, eng instrumental Musek, déi Stëmme begéint an en eenzegaartege Projet.

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Flow & Groove

Eng "Kaiserlech Pop", filigran Klangwelten aus Estland, bekannte Stëmmen an e bëssen 80ies Feeling.
headphones

55 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Universelle Groove

Interessant Decouverten, e frësche Wand am Beräich Soul, Gospel a Funk an en Noruff un e sensibele Museker a Wëssenschaftler
headphones

59 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Enjoy

Spannend Nei-Verëffentlechungen, e puer Latino Pärelen, e Folk Super-Grupp aus England an e Bléck duerch d'Fënster op d'Strooss mat hire Geschichten, déi laanscht ginn ...

Vanity Vanity All Is Vanity

D'Rhythmen aus Südamerika revisitéiert, spoken Word an Éiere vun den Ausgegrenzten, Poesie an Noute gefaasst an eng speziell Ukuklele
headphones

56 min

play_arrow