Radioen

On air

Kultur um 5  |  Adwaith - Walisesche Rock muer am Gudde Wëllen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

Radioprogramm / Bewosst Gesond

/ Weltdiabeetes-Dag 2023

Weltdiabeetes-Dag 2023

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Säi Risiko kenne fir Komplikatiounen ze vermeiden.
De 14. November ass de Weltdag vum Diabeetes. Dësen Dag ass ëmmer nees eng gutt Geleeënheet fir op d’Problematik vun dëser chronescher Krankheet anzegoen.
De Slogan fir 2023 ass: "Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert."
D’Zil vun dëser Campagne ass d'Wichtegkeet fir säin eegene Risiko fir Typ 2 Diabeetes ze kennen an esou d’Entwécklung vun der Krankheet an déi domat verbonne Komplikatiounen ze verzögeren oder esouguer ze vermeiden.
Mam Sylvie Paquet a Jessica Durbach vun der Association Luxembourgeoise du Diabète ASBL. Weider Informatiounen op www.ald.lu

D’Risikofaktore fir Typ 2 Diabeetes:
• Alter (> 45 Joer)
• Iwwergewiicht (BMI > 30) a besonnesch d’Fett ronderëm de Bauch, dofir gëtt dann den Taillen-Ëmfang gemooss (> 80 cm fir Fraen, > 94 cm fir Männer)
• Familliär Geschicht: Elteren oder Bridder / Schwëstere mat Diabeetes
• Beweegungsmangel (Sedentaritéit: manner wéi 30 Minutte kierperlech Aktivitéit pro Dag)
• Schlecht Iessgewunnechte mat wéineg Uebst, Geméis a Kären
• Héije Bluttdrock

Recommandatiounen :
Op där enger Säit huet ee Liewensmëttel, déi méi dacks op eisem Teller solle sinn:
- Frëscht Geméis an Uebst, wa méiglech regional a saisonal
- Vollkarkären, Brout an Deegwueren, egal op dat elo Weess, Dinkel, Wëllkar, Räis, Huewer, Quinoa ass
- All Zorte vun Nëss a Kären, wéi Hacker-, Hiesel-, Cashew- oder Afennëss, mee och Kürbis-, Sesam-, Sonneblummen, Chia-, oder Leinsamekären
- Net-gesiedegt Fetter aus Ueleg-Friichten, wéi Oliven, Raps, Sesam, Arachiden, Mais, Sonneblummen …
- Fermentéiert Liewensmëttelen, wéi Jughurt oder Kefir
- Genuch Flëssegkeet duerch Waasser an net-geséissten Téi, Kräidertéi oder Kaffi

Dogéint solle folgend Liewensmëttelen nëmmen heiansdo, an a klenge Quantitéite konsuméiert ginn:
- All séisst Gedrénks wéi Cola, Limonaden a Jus
- Gesiedegt a gehäerten oder Trans-Fetter aus Margarinn, Palmfett, industriell hiergestallte Kichelcher a Séissegkeeten oder Schockelasbotter
- Rout Fleesch, Charcuterie a Fleeschwueren
- Am allgemenge si staark verschafften an transforméiert Liewensmëttelen oder wäiss a raffinéiert Mielprodukter a Brout ze vermeiden.

Ernärung
Gesondheet
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Wéi kann ech mir realistesch Ziler am Kontext vun enger gesonder Ernärung setzen a wéi wichteg ass Flexibilitéit fir dës Ziler ze erreechen?
headphones

11 min

play_arrow
Nurtri-Score - sinnvoll oder verwirrend? | © kolonko

Nurtri-Score - sinnvoll oder verwirrend?

Der Nutri-Score ist ein System der Nährwertkennzeichnung, berechnet mittels eines Algorithmus, der dem Verbraucher eine Hilfestellung bei der Auswahl von Lebensmitteln geben soll. Wie sinnvoll ist dieser Score?
headphones

14 min

play_arrow
Téi, e beléifte Gedrénks virun allem an de kale Wanterdeeg

Téi, e beléifte Gedrénks virun allem an de kale Wanterdeeg

headphones

10 min

play_arrow
Pâtisserie ouni Zocker

Pâtisserie ouni Zocker

Manner Zocker a virun allem Pâtisserie ouni Gluten- a Laktose: e reelle Besoin um Marché
headphones

11 min

play_arrow
Ballaststoffe - weit mehr als nutzloser Ballast in der Ernährung

Ballaststoffe - weit mehr als nutzloser Ballast in der Ernährung

Ballaststoffe können vom Menschen und seinen Enzymen nicht verarbeitet werden - wohl aber von seinen Darmbakterien - warum sind diese so wichtig für unsere Ernährung?¨
headphones

11 min

play_arrow
D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire

D’ALVA huet als Missioun d’Liewensmëttelsécherheet ze iwwerwachen, Kontrollen duerchzeféieren a këmmert sech ëm d’Déieregesondheet an d’Déierewuel.
headphones

19 min

play_arrow
Lactofermentéiert Liewensmëttelen

Lactofermentéiert Liewensmëttelen

Eng Beräicherung an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Weltdiabeetes-Dag 2023

Weltdiabeetes-Dag 2023

Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert.
headphones

14 min

play_arrow
Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

Administrativ Vereinfachung: Eng nei Verwaltung fir d’Iwwerwaachung vun der Liewensmëttelkette vum Bauerebetrib bis op den Teller vum Konsument.
headphones

12 min

play_arrow
Akafsfalen am Supermarché

Akafsfalen am Supermarché

Haut ginn et e puer Rotschléi, déi hëllefe sollen, méi effikass anzekafen an dobäi méi bëlleg an e gesonde Choix ze treffen.
headphones

8 min

play_arrow
Déck Nëss, e klenge Plus am gesonden Iessen

Déck Nëss, e klenge Plus am gesonden Iessen

D'Wierkung vun den Hackernëss op eis Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Sekundäre Pflanzenstoffe | © Jo Diseviscourt

Sekundäre Pflanzenstoffe

Sekundäre Pflanzenstoffe - eine Wunderwaffe gesunder Ernährung - oder was versteckt sich dahinter?
headphones

12 min

play_arrow
École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

D’EHTL: eng modern, ambitiéis an dynamesch Schoul, déi de Schüler Perspektive bitt.
headphones

14 min

play_arrow
“Scheinfasten”: Wonnermëttel geint Bauchfett?

“Scheinfasten”: Wonnermëttel geint Bauchfett?

Nëmme fënnef Deeg laang manner iessen an dann trotzdeem vun den positiven Effekter vum Faaschte profitéieren? Geet dat iwwerhaapt?
headphones

8 min

play_arrow
D’Drauwen, eng beléiften Uebstsort mat vill Energie

D’Drauwen, eng beléiften Uebstsort mat vill Energie

Gesond Superfriichten , déi et lo ze genéisse gëllt.
headphones

10 min

play_arrow
Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional

Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional

Ideal Gedrénks fir waarm Summerdeeg, loosst Iech inspiréieren!
headphones

10 min

play_arrow
Deshydratioun am Summer virbeugen

Deshydratioun am Summer virbeugen

Den Duuscht ass schonn en éischt Zeeche vun Deshydratatioun.
headphones

10 min

play_arrow
Ze vill Cholesterol: Gefor oder nëmme Panikmacherei?

Ze vill Cholesterol: Gefor oder nëmme Panikmacherei?

Wéi eng Roll spillt d'Ernärung, a wat ass den aktuelle Wëssenschaftsstand?
headphones

14 min

play_arrow
Hunneg huet vill gutt Eeegenschaften

Hunneg huet vill gutt Eeegenschaften

Hunneg ass en natierlecht Mëttel fir ze Séissen an iwwerrascht ëmmer nees mat senge villsäitegen Aromaen.
headphones

8 min

play_arrow
Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller

Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller

All Faarf bréngt gesondheetlech Virdeeler, keng Faarf ass besser wéi eng aner.
headphones

7 min

play_arrow