Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Wuelbefannen a mental Gesondheet

Wuelbefannen a mental Gesondheet

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow

Wuelfille war eigentlech nach ëmmer eng Haaptcharakteristik vun der Schoul, a jiddwereen dréit a sengem Domän säin Deel dozou bei. An den 1990er hunn Enseignantë sech Gedanke gemaach iwwer d'Ergonomie an der Hotellerie, wat zum Projet Ergotel geféiert huet an deemools och international unerkannt gouf.
Richteg festgehalen oder institutionaliséiert waren déi Saachen awer net, an domat leeft een dann och Gefor, datt wann de Grupp, d’Famill ännert, Saache verluer, vergiess ginn, verschwannen.
Ënner dem Impuls vum Michel Lanners, dem aktuellen Direkter, gouf dofir gesuergt, datt de Sujet eng Form krut, an doduerch nei Dynamiken an nei Iddien. Ënner anerem mat der Grënnung vun engem Groupe de travail Santé.
Wann dann Turn-, Kicheproffen an Nutritionisten zesummesetzen, gëtt sech dann als éischt emol ëm de Sport an den Teller gekëmmert, an et entsti Saache wéi e Fitness-Challenge a vegetaresch Wochen.
De Groupe Santé gouf nom Motto Mens sana in corpore sano, Un esprit sain dans un corps sain, gegrënnt.
De Gérard Biever, Turnprofesser an der Hotelsschoul, huet de Projet an d'Konzept mat initiéiert a gëtt weider Detailer.

Edukatioun
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet

Episoden

Drénken, och am Wanter net vergiessen

Drénken, och am Wanter net vergiessen

Speziell fir de Wanter eegent sech waarmt Gedrénks souwéi Kraider- oder Friichten-Infusiounen an natierlech och richtegen Téi.
headphones

18 min

play_arrow
Ecole du goût. Richen, fillen, kachen, schmaachen an iessen

Ecole du goût. Richen, fillen, kachen, schmaachen an iessen

An enger Zesummenaarbecht mat Natur- & Geopark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, an Naturpark Our
headphones

14 min

play_arrow
Champignons-Zäit

Champignons-Zäit

D'Dréischel: Eng Beräicherung an der Gastronomie
headphones

17 min

play_arrow
Gesond Kichekraider och am Hierscht an am Wanter

Gesond Kichekraider och am Hierscht an am Wanter

Wéi een am Hierscht an am Wanter, Kraider an der gesonden Kichen am beschten asetzen kennen.
headphones

18 min

play_arrow
Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

Kleng, séiss Friichten mat wäertvollen Inhaltsstoffer, awer si se och gutt fir Diabetiker?
headphones

17 min

play_arrow
D'Quetsch, eng regional Fruucht mat Traditioun

D'Quetsch, eng regional Fruucht mat Traditioun

Wéi een déi kleng Fruucht an eng modern gesond Ernärung abrénge kann.
headphones

13 min

play_arrow
De Meniskus soll net systematesch eraus operéiert ginn

De Meniskus soll net systematesch eraus operéiert ginn

"Sauver le ménisque", dat ass d'Devis vun den zwee Professere Philippe Beaufils a René Verdonk. Zwee Pionéier bekannt fir Meniskus-Reparaturen an -Transplantatiounen
headphones

5 min

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

2,5 bis 3,5 Liter den Dag: Dovun huelen mer an der Moyenne 1L duerch d'Ernärung op.
headphones

12 min

play_arrow
Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

2,5 bis 3,5 Liter den Dag: Dovun huelen mer an der Moyenne 1L duerch d'Ernärung op.
headphones

12 min

play_arrow
Cannabis doheem uplanzen

Cannabis doheem uplanzen

An Zukunft soll et zu Lëtzebuerg méiglech si véier Cannabis-Planzen fir privat Zwecker doheem ze halen. Bis et esouwäit ass bleiwen awer nach vill Froen ze klären.

Proteinnen: Zille fir en Haus ze bauen

Proteinnen: Zille fir en Haus ze bauen

Eng Pärelskette fir de Kierper: Proteinne si fir de Wuesstem, d'Reparatioun an den Opbau vu wichtege Substanze wichteg.
headphones

6 min

Preventioun Broschtkriibs

D'Associatioun Europa Donna, déi sech zanter 20 Joer am Kampf géint de Broschtkriibs asetzt, huet eng Sensibiliséierungscampagne mam Theema "Broscht oftaaschten" lancéiert.
headphones

4 min

Déi gutt Kaffisboun

Déi gutt Kaffisboun

Frësch gemuel, maximalen Aroma: Café au lait, Mokka, Lungo, Ristretto, Latte machiato, Cappuccino ...
headphones

12 min

play_arrow
Déi gutt Kaffisboun

Déi gutt Kaffisboun

Frësch gemuel, maximalen Aroma: Café au lait, Mokka, Lungo, Ristretto, Latte machiato, Cappuccino ...
headphones

12 min

play_arrow
Physiotherapie fir Hënn

Physiotherapie fir Hënn

Vu Muskel-Verspanungen iwwer Arthros bis bei Problemer no Operatiounen: Eis véierbeeneg Frënn kënnen ënner deene selwechte gesondheetleche Problemer leide wéi mir Mënschen.