Béid Politiker wäerten do iwwer de russeschen Ugrëffskrich op d'Ukrain diskutéieren, grad wéi iwwer d'Relatiounen tëschent Europa an den USA an iwwer déi europäesch Kompetitivitéit.
Virgesinn ass och eng Visitt vum europäesche Kompetenzzenter fir d'Bekämpfung vun hybride Menacen. Dës international Organisatioun forméiert Experten doran, fir zum Beispill Ugrëff op kritesch Infrastruktur, mee och Informatiouns- oder Walmanipulatiounen ofzewieren.
Viru sengem Retour op Lëtzebuerg wäert de Premier och de finnesche President Alexander Stubb begéinen.
Nieft den enke Beroder vum Luc Frieden sinn och den Haut-Commissaire à la protection nationale Guy Bley, grad wéi Vertrieder:inne vun der Press bei der Visitt a Finnland dobäi.