Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
search

/ Arméierten Iwwerfall op e Restaurant  

Déifferdeng

Arméierten Iwwerfall op e Restaurant  

Um Méindegowend gouf et en arméierten Iwwerfall an engem Restaurant zu Déifferdeng. 

auto_stories

1 min

Wéi d‘Police matdeelt ass den Täter mat engem Messer an de Restaurant an der Rue Pierre Dupong eragaang an huet d‘Suen aus der Keess gefuerdert. Duerno wier hie geflücht. Et gouf kee Mënsch blesséiert. De Mann war däischter ugedoe, hat eng Cagoule un an e grousst Kichemesser an der Hand.